Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim?
Money Neiegkeeten

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim?

Am Sträit deen d‘CSV mat der Regierung wéinst der „streng

Ankara iwwerdenkt seng Flüchtlingspolitik
Money Neiegkeeten

Ankara iwwerdenkt seng Flüchtlingspolitik

3,6 Millioune Syrer sinn an d‘Tierkei geflücht an bis ewell

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner
Money Neiegkeeten

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner

Um Méindeg war de Premierminister nom Regierungsrot an der Chamber,

money

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg fënnt nei Optiounen

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun de Weltraumressourcen erlaabt. Eng Première an Europa an en Text dee schonn den éischten August a Kraaft soll trieden.

„Mam juristesche Kader deen d’Parlament haut stëmmt, mécht Lëtzebuerg ee weidere grousse Schratt fir sech als europäesch Basis, am Bezuch op d’Erfuerschung an déi kommerziell Notzung vun de Weltraumressourcen, ze psoitionnéieren“, esou den Etienne Schneider, Wirtschaftminister.

Mat der Nues fir

„Lëtzebuerg ass esou dat éischt europäescht Land, dat sech eng Legislatioun gëtt, déi dem internationale Recht entsprécht an de privaten Operateure Sécherheet gëtt, am Bezuch op Besëtzverhältnesser vun de Ressourcen, déi se dem Weltraum enthuelen“, präziséiert de Minister.

D’Gesetz erlaabt et den zu Lëtzebuerg etabléierten Entreprisë Weltraumressourcë wéi Metall, Brennstoffer oder Waasser ofzebauen a kommerziell ze notzen. Si dierfen dann déi Ressourcen op d’Äerd bréngen oder se notze fir Basen ze bauen, vun deenen aus méi déif an de Weltraum gereest ka ginn.

Lëtzebuerg huet d’Ambitioun esou eng nei Industrie „New Space“ ze entwéckelen, fir de wirtschaftleche Wuesstem ze stimuléieren. Och ass geduecht der Weltraumfuerschung ee neien Horizont ze bidden. Esou d’Motivatioun vum Gesetz, dat den 15. November 2016 deposéiert ginn ass.

Bis haut hunn sech ewell véier Entreprisen aus dem Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg néiergelooss: déi amerikansch „Deep Space Industries“ an „Planetary Ressources“ déi japanesch „I-Space“ an déi däitsch-lëtzebuergesch „Blue Horizon“.

De Lëtzebuergesche Staat ass dann och Aktionär vu „Planetary Ressources“, mat engem Asaz vu 25 Milliounen Euro.

De Lëtzebuergesche Staat ass dann och Aktionär vu „Planetary Ressources“, mat engem Asaz vu 25 Milliounen Euro. En erhofft sech domadder den PPP (Public-Private-Partnership) nees opzefrëschen deen hien 1985 schonn emol mat der SES (Société Européenne des Satellites) an d’Liewe geruff hat an wou de Staat 17% vum Kapital hält.

Ee kontroverse Projet

De Projet kritt awer net nëmmen Zousoen. „Verschidde Memberlänner vun der EU ginn net an dës Richtung“, seet en europäesche Wëssenschaftler deen Anonym wëll bleiwen. „Wann ee seet, datt een an Zukunft kann op all Ressourcen zougräifen, da mëscht een d’Këscht vun der Pandora op. Et geet een de Wee vun der Verpolverung. Et ass d’Enn vum Recycling, well ee sech seet et wier es esouvill do wéi een es brauch“, ënnersträicht dës Quell.

Déi Lëtzebuergesch Regierung gëtt a senger Strategie vun engem Team un Experte beroden. Dorënner den alen Direkter vun der ESA (European Space Agency) Jean-Jacques Dordain, engem féierende Wëssenschaftler vun der NASA, Simon Worden, dem Universitéitsprofesser Jean-Louis Schlitz an de Weltraumspezialiste Ji Wu (China) an Seung Jo Kim (Sudkorea).

Och déi europäesch Investitiounsbank (BEI) huet sech dem Projet ugeschloss, mat enger Berodungsmissioun. Grad wéi d’ESA, déi hiren Avis an Orientéierungen iwwert säi Finanzberodungsdéngscht EIAH wëlle bäidroen.

An de leschte Méint huet Lëtzebuerg d’Promotioun vu sengem Weltraumprojet viru gedriwwen. Am Abrëll huet eng wirtschaftlech Missioun a Kalifornien, ënnert de Leedung vum Etienne Schneider an dem Ierfgroussherzog Guillaume, zur Annonce gefouert, dat eng Lëtzebuergesch Weltraumagence an en Investissementsfonds fir dës Struktur solle gegrënnt ginn.

Mat der Weltraumagence vun de Vereenegten Arabeschen Emirater (UAE Space Agency) soll et och nach en Accord ginn. Am November empfänkt Lëtzebuerg déi éischten Editioun vun der internationaler Konferenz „New Space“. Dann, am Mäerz 2018, soll Lëtzebuerg den Invité vum zweeten internationale „International Space Exploration Forum“ zu Tokio sinn. Schliisslech dierft 2020 déi Lëtzebuergesch Initiative op der Weltausstellung zu Dubai präsent sinn.

mam Catherine Kurzawa/AFP

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Spacemining, Weltraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel