Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
International Neiegkeeten

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

Groussbritannien: Reprise trotz Endzäitstëmmung
International Neiegkeeten

Groussbritannien: Reprise trotz Endzäitstëmmung

D‘Briten hunn hire Gesondheetssystem an de leschte Joerzéngten deraart vernoléissegt,

Weltwaasserdag: Méi wäertvoll wéi Pëtrol, méi déidlech wéi Waffen

UNICEF-Bericht „Waasser ënner Beschoss“ zeechent en däischtert Bild vun eiser Welt

Weltwaasserdag: Méi wäertvoll wéi Pëtrol, méi déidlech wéi Waffen

Verschmotzte Waasser a Gebidder wou d‘Waffen den Alldag, an d‘Krisen de Liewensrhythmus bestëmmen, si fir Kanner oft eng gréisser Gefor wéi de Krich selwer. Esou déi dréche Feststellung vun der UNICEF um Weltwaasserdag. Mee interesséiert oder këmmert et een? Bedauerlecherweis kee fatz… oder wann, da marginal.

Se hu keng Lobby, an déi grousse Medie bedéngen sech hirer nëmme wann et drëms geet „Oplag“ ze maachen, an och dat nëmme wann déi grouss Annonceuren dozou gréng Luucht ginn. Et geet ëm Kanner ënner 15 Joer, déi a ville Länner an/oder Regiounen duerch verschmotzte Waasser méi bedreet sinn, wéi duerch Waffegewalt.

Laut UNICEF ass de Risk un de Folge vu verseuchtem Waasser ze stierwen dräimol esou héich, wéi bei Kampfhandlungen. A wat d‘Kanner méi jonk sinn, wat d‘Gefor exponentiell klëmmt. Hei ginn d‘Kanner engem sech hinzéiende qualvollen Dout ausgesat, an dat och nach deels ganz bewosst. An déi ganz Welt kuckt ewech, ass dach alles wäit ewech.

Weltwaasserdag

Et ass en „Drockmëttel“, egal ob eng „Kooperatioun“ soll erzwonge ginn, oder een d‘Leit nëmme wëll verjoen. UNICEF geet net wierklech op d‘Verantwortung vun eis allen an der Politik am besonneschen an, mee hir Etüd zur Kannerstierflechkeet an 16 Länner mat Konflikter déi kee wëll beendegen, loossen eis Matschold erkennen.

Waasser als Mënscherecht? Net méi an dësem Liewen!

Zu Länner déi am heftegste Betraff sinn gehéieren: d‘Ukrain, Nigeria, Südsudan, Jemen, a Syrien. Länner an deenen d‘Konflikter vun de „Weltmuechten“ finanzéiert, gefërdert, ënnerstëtzt an virun allem um „lafe gehale ginn“. Sief et datt et geopolitesch a -strategesch Grënn gëtt, mee et geet och ëm wirtschaftlech Aspekter, wéi Waffenhandel.

An dat eenzeg wat d‘UNICEF huet fir dergéint virzegoen: En Appell un d‘Konfliktparteien. Déi gi vum Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natioune gebiede Kanner ze schützen, an vun Ugrëff op zivil Infrastrukture wéi Waasserwierker an Spidäler ze verzichten. Mat engem un d‘Konfliktparteie geriichten Appell ass et dann och gedoen, méi ass net dran.

Weltwaasserdag

Et interesséiert einfach keen, et gëtt keng Demonstratioun géint Kannerstierwen, a géint de Krich geet och längst kee méi op d‘Strooss. Dofir kënnt d‘UNICEF mat eidele Phrasen dohier: „Waasser ass e Mënscherecht“. Fakt awer ass och, datt dat net fir 2,1 Milliarde Mënsche gëllt. Interessant hei, et ass och en Deel vun der Flüchtlingskris.

Geet eis näischt un, zur Nout drénke mir d‘Waasser aus der Fläsch

Absolut krass am Kontext vum Zougang zu propperem Waasser, ass de Fait, datt mir Europäer net nëmme mat massive Waffeliwwerungen zu de Konflikter, an domatter um Leed vun de Kanner (an hire Familljen) zumindest et Matschold hunn, et ass och nach e Geschäftsmodell. Waasser ass kee Mënscherecht, well eng et wirtschaftlech Ressource ass.

De gréissten a bekanntsten Acteur aus der Schwäiz, mécht esou een Drëttel vu sengem Ëmsaz a Krisegebidder. Waasser dat net bei de Kanner ukënnt, mee de Privilegéierte virbehalen ass. An de Problem ass net nei, zanter Joerzéngten ass deem esou, an dohanner stécht tatsächlech System. E System deen och eng UNICEF net duerchbrieche kann.

Weltwaasserdag

Also gëtt ee sech zefridde mat ëmmer nees deene selwechte Berichter, deene selwechten Appeller. Firwat? Ma well d‘Kollege vun deenen déi „beriichten an appelléieren“ déi sinn, wou d‘Konflikter erbäiféieren a finanzéieren. UNICEF soll dat „gutt Gewëssen“ vun der Welt sinn, an keen huet e wiedert Interessi, dat ze verdéiwen.

(Den UNICEF-Bericht an däitscher Sprooch)

Ähnlech Sujeten Ausbeutung, Kanner, Kirch, Unicef, Waffenhandel, Weltwaasserdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel