Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nuklearen Transporter vu Greenpeace-Aktivisten a Frankräich beschmiert
lee bo young lee sang yoon dating Money https://moien.lu/diva-dating-site/

fortnite custom matchmaking keys 2018

Am Nomëtteg vum 17. Juni 2019 hunn Aktiviste vu Greenpeace

https://moien.lu/dating-in-your-forties/
lee bo young lee sang yoon dating Money https://moien.lu/diva-dating-site/

International Autosausstellung Frankfurt huet seng Dieren nees zougemaach

Wann et dëst Joer och eng ganz Rëtsch Constructeure ginn

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau
lee bo young lee sang yoon dating Money https://moien.lu/diva-dating-site/

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau

Um spéide Mëttwochowend war et, direkt virum ungaresche Parlamentsgebai zu

money

Handelskrich suergt beim Weltwährungsfong fir Kappzerbrieches

Handelskrich suergt beim Weltwährungsfong fir Kappzerbrieches

Mam Handelskrich tëscht den USA a China, hunn sech däischter Wolleken iwwert d‘Weltwirtschaft geluecht, an de Weltwährungsfong (IMF) huet seng Wuesstemsprevisioune fir 2018/19 missen nach eppes weider no „ënnen“ ausriichten.

An domatter net genuch. Den IMF verweist op d‘Risiken déi d‘Kris vun den Devisen a bestëmmten, esou genannten emergente Länner, mat sech bréngt. Beim IMF geet ee fir béid Joren, vun engem op 3,7% begrenzte Wuesstem beim Welt-Bruttoinlandprodukt aus. Dat ass trotz enger vergläichbarer Hausse wéi nach 2017, e Minus vun 0,2%.

„De Wuesstem vun der Weltwirtschaft ass nach ëmmer zolidd, wann een et mat der Situatioun vu virum engem Joerzéngt vergläicht. Mee dem Ament gesäit et aus, wéi wann eng Grenz erreecht gi wier“, esou de Kommentar vum Maurice Obstfeld, Chef-Ekonomist vum IMF. „Zudeem hunn d‘Risiken zougeholl, wann se sech net scho partiell materialiséiert hunn.

Och d‘Expansioun tëscht de Länner ass manner „synchroniséiert“, well sech manner Wirtschaften dru bedeelegen. Dem géinteniwwer muss een déi „nei Rekorder“ vun der ëffentlecher Schold an där vun den Entreprise ervirhiewen. Esou eng éischt Remark vum IMF, dee seng Joresversammlung zu Bali op Indonesien ofhält. An et gëtt e Grond fir dës Aussiichten.

Protektionismus ass Gëft fir d‘Weltwirtschaft

Am Fréijoer hat de Weltwährungsfong schonn op genee dës Risiken higewisen. Ganz besonnesch „ernimmt“ goufe sengerzäit d‘Douanestaxen, déi d‘Trump-Administratioun op d‘Wuere vu senge „Partner“ – dozou ginn och d‘Chinese gezielt – wollt erhiewen.

Zanterhier huet Washington op d‘Rieden och Dote follege gelooss. Wueren aus China, fir e Wäert vun 250 Milliarden US-Dollar, ënnerleien elo dësen zousätzlechen Douanestaxen. Peking, dat esou vun den USA ënner Zochzwang forcéiert gouf, huet sengersäits och Taxen op US-Wuere missen aféieren. Hei läit den Handelsvolumme bei 110 Milliarden US-Dollar.

Fir den Ament, ginn d‘Wuesstemsprognose fir 2018 vu béide Länner bäibehalen (USA +2,9% / China +6,6%). Zuelen déi sech nach ëmmer „weise“ loossen. Esou läit d‘Previsioun fir d‘USA iwwert der Moyenne vun den „entwéckelte“ Länner (+2,4%). Och China kann sech iwwert dem Duerchschnëtt vun der Entwécklung an der Asien-Zon (+6,5%) halen.

Wéinst dem Sträit tëscht dësen Natiounen, muss den IMF d‘Previsioune fir 2019 nei bewäerten. Esou ginn d‘Experte vum Weltwährungsfong vun engem Wuesstem: USA +2,5% a China +6,5% aus. Dat sinn 0,2% manner wéi d‘Prognose vun 2017, an et kéint sech esouguer erginn, datt et zu nach eppes méi „Aschnëtter“ kënnt, sollt de Sträit eskaléieren.

Keng Léisung a Siicht

An näischt anescht mécht den US-President. Hien huet nei Menacen ausgeschwat, an d‘Welt traut dem Donald Trump och zou, nach weider Douanestaxen op Wueren aus China ze imposéieren. Hei geet et ëm net manner wéi e Wäert vun 267 Milliarden US-Dollar. Fir et ze verdäitlechen: sollt et derzou kommen, datt dës Taxen erhuewe ginn, wier de gesamten Import aus China betraff.

Bis ewell hunn sech béid Presidente kee Kaddo gemaach an et gesäit och net aus, wei wann ee vun hinne géif wëllen noginn. Den Donald Trump rechtfäerdegt seng Offensiv mam Argument, datt hie vu Peking en Entgéintkommen erwaart. Hie beklot, datt den technologeschen Transfert erzwonge gëtt, an d‘US-Entreprisen hirer intellektueller Proprietéit beklaut ginn.

D‘Chinese loossen hirersäits wëssen, datt een „net gewëllt ass mam Messer un der Guergel ze verhandelen“. Den IMF bleift beméit béid Säiten nees zesummenzeféieren: „Et muss ee protektionistesch Reaktioune verhënneren, an Léisunge sichen déi zu enger Zesummenaarbecht féieren, an de Wuesstem vum Handel op der Welt fërderen“.

Beim IMF ass d‘Suerg besonnesch op eng Zounam vun den Handelsspannunge fokusséiert. Dat alles dréit eenzeg zu méi Onsécherheet bäi, zerstéiert d‘Vertraue vun den Entreprisen engersäits, an de Finanzmäert anersäits. Dat féiert onweigerlech zu enger finanzieller „Volatilitéit“, wat sech direkt op d‘Investissementer, den Handel an esou op de globale Wuesstem auswierkt.

De politesche Risk

Elo huet den IMF schonn d‘Prognose fir de globale Wuesstem op 4,2% (-0,6%) fir 2018, an op 4% (-0,5%) fir 2019 „korrigéiert“. Am ganze kéint de globale BIP bis 2020 ëm 0,8% falen. Eng Situatioun déi esou och op déi verschidden „Zonen“ zoutrëfft.

Den IMF huet de Wuesstem an der Eurozon op 2% (-0,2) revidéiert, wat natierlech mam Sträit tëscht den USA a China ze dinn huet. An Däitschland soll, esou den IMF, de Wuesstem bei +1,9% (-0,3) leien, fir Frankräich ginn +1,6% (-0,2) ugesat.

Bei Latäinamerika an der Karibikzon ass de Weltwährungsfong nach eppes méi „pessimistesch“. Hei gesäit den IMF e Wuesstem vun 1,2% (-0,4) fir 2018. D‘Roll déi hei de Venezuela iwwerholl huet, nodeems d‘Land sech an enger „stiermescher“ Rezessioun befënnt, ass erhieflech. Brasilien huet sech als éischt Wirtschaft vu Südamerika, net esou erholl, wéi et wënschenswäert wier.

An dann ass do och nach Argentinien. D‘Land datt vum IMF eng „Finanzsprëtz“ an Héicht vu 57 Milliarden US-Dollar erhalen huet, gëtt net vun der Devise-Kris vun den emergente Länner verschount. Elo ass et awer och esou, datt dës „schlecht Phas“ en éischter klasseschen Zeenario verfollegt: d‘USA erhéijen den Zënssaz an Länner mat Scholden an US-Dollar musse bludden.

Dat féiert derzou, datt d‘Investisseuren sech fir méi attraktiv US-Dollar „Placementer“ entscheeden, wat den Devise vun den emergente Länner d‘Loft entzitt. An dësem Kontext huet den IMF nach betount, datt politesch an diplomatesch Spannungen, ganz Ekonomien a Schwieregkeete bréngt.

Hei dierf een net vergiessen, datt déi politesch Situatioun an Italien, de Brexit, an dee vun den USA provozéierte Sträit mat der Tierkei an dem Iran, der Saach net entgéint kommen. Vun der Erhéijung vun de Pëtrolspräisser profitéieren an éischter Linn „d‘Exportlänner“ vum schwaarze Kontinent an dem Noen Osten. Dat bedeit elo net, datt déi betraffe Länner, dat un hir Bierger weiderleeden…

mam Delphine Touitou/AFP

Foto: Bei der Joresversammlung vun der Weltbank an dem Weltwährungsfong, déi dëst Joer zu Bali stattfënnt, huet et och zolidd Protest ginn. Dat dierft d‘Finanzminister an d‘Vertrieder vun den Zentralbanke wéineg beandrocken. Alles an allem bedeelegen sech un dësem Meeting ronn 32.000 Leit aus aller Welt. © Sonny Tumbelaka/AFP

Ähnlech Sujeten Bali, Indonesien, Joresversammlung, Prognosen, Weltbank, Weltwährungsfong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel