Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!
International Neiegkeeten

BLUEM – eng Kleedermark mat staarkem Message!

Mat der neier Kollektioun vu BLUEM wëllen d’Amii, den Jimmy

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch
International Neiegkeeten

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch

Bei de Verhandlungen tëscht de jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebellen,

Editorial: Adapto ass net „ëffentlechen Transport“
International Neiegkeeten

Editorial: Adapto ass net „ëffentlechen Transport“

Et ass et net well ee sech un enger „falscher

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn

Am Kontext vun der globaler Beweegung „Fridays for Future“ sinn haut an iwwer 2.400 Stied op der ganzer Welt Demonstratioune fir de Klima ugekënnegt ginn. An Australien ass d‘Aktioun schonn ugelaf, an och an Europa gëtt mat enger grousser Bedeelegung gerechent. D‘Jugend huet sech virgeholl virun der Weltklimakonferenz (COP25) nach emol drop hinzeweisen ëm wat et geet.

Dräi Deeg iert d‘UN-Weltklimakonferenz (COP25) zu Madrid erëffent gëtt, ginn d‘Ënnerstëtzer vum Mouvement „Fridays for Future“ nach emol op d‘Strooss. Dem Optakt hunn dausende Schüler an Australien gemaach. Op Plakater a mat eendeitege Slogane fuerderen d‘Studenten an Australien d‘Politiker op eppes géint d‘Äerderwiermung ze ënnerhuelen. Hier Ontätegkeet wier déidlech…

Klimaprotest

Massiv Bedeelegung zu Nipaluna (Hobart, Australien). © Jon Stanger

An déi Jonk verweisen net zu Onrecht op déi schrecklech Flächebränn, déi zur Stonn Australien am Wiergegrëff hunn. An esou wéi déi australesch Schüler hirer Regierung virwerfen näischt géint dës Situatioun ze ënnerhuelen, maachen et haut och déi däitsch Studenten. Déi hu sech virgeholl dëse globalen Event a mindestens 500 däitsche Stied, vun Aachen bis Zwickau, ëm- an duerchzesetzen.

Laut den Informatioun vum Netzwierk, soll et zu Aktiounen an iwwer 2.400 Stied, verdeelt op 157 Länner, kommen. Während dovunner auszegoen ass, datt et eng friddlech Demonstratioun ass, soll ee bedenken, datt et hei Regierunge gëtt, déi hir Sécherheetsdéngschter wäerten op d‘Aktiviste lass loossen. Datt ass net perséinlech gemengt, mee et gëllt Wirtschaftsinteressen ze verdeedegen…

KlimaprotestEsou verwonnert et net, datt d‘Aktiviste vu „Fridays for Future“ zur gëschter vum EU-Parlament zu Stroossbuerg adoptéierter Resolutioun „Klimanoutstand“ eng differenzéiert Meenung hunn. Datt elo d‘EU de Klimanoutstand ausrifft ouni den Aarsch ze beweegen, ass esou hëllefräich, wéi wa bei engem Feier d‘Pompjeeë ruffen „et brennt“. An datt et brennt, dofir brauch et keng Bestätegung.

Dat et zum Ëmdenke komme muss, dorunner besteet och bei den nach renitenten a virun allem op maximale Profit ausgeluechte Bänker a Oligarche kaum nach en Zweiwel. Et sollen awer nees déi „Kleng Leit“ dat ganz op sech huelen, dat esouwuel finanziell wéi materiell. Taxen an/oder Steieren op de „Klima“ betreffen si éischter wéineg, a wann, ma da ginn si se steierlech geltend gemaach…

mat indymedia/syd/mel/ber/fra

Ähnlech Sujeten Fridays for Future, Klimaneistart, Klimastreik, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel