Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur
Erkläert International ibanez tube screamer serial number dating new girl jess dating teacher

https://moien.lu/who-is-dating-rihanna-2017/

Nodeems d‘Sozialwahle vum 12 Mäerz an enger Firma hu misse

Vide Commode & Aperobe – e Freideg an der Kulturfabrik!
Erkläert International ibanez tube screamer serial number dating new girl jess dating teacher

Vide Commode & Aperobe – e Freideg an der Kulturfabrik!

Um Freideg, den 30. August invitéiert d’Escher Kulturfabrik op déi

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach
Erkläert International ibanez tube screamer serial number dating new girl jess dating teacher

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée

money

All Joers op e neits: Weltwirtschaftsforum Davos (eng Analys)

All Joers op e neits: Weltwirtschaftsforum Davos (eng Analys)

Davos, eigentlech eppes wéi en idyllescht Biergduerf an de Schwäizer Alpen, ass all Joers déi Plaz wou sech déi Räich a Mächteg zesummesetzen, an doriwwer debattéieren, wéi se deenen Äermsten an net esou räichen, d‘Liewen nach eppes méi schwéier kënne maachen.

Fir dës Ausso, gëtt sech op de leschten Oxfam-Rapport gestëtzt, aus deem eigentlech nëmmen eppes zréckzebehalen ass: déi 26 räichste Mënschen um Planéit Äerd, besëtzen esouvill Goss, wéi 3,7 Milliarde Mënschen! Dat ass d‘Hallschent vun der Mënschheet! An hei stellt sech eigentlech eng eenzeg Fro: „Kann een mat éierlecher Aarbecht esouvill Geld verdéngen?“ Davos mengt „Jo!“.

A si kommen all, d‘Regierungscheffen, d‘Konzernbosser an soss kriminell Gestalten, deenen nëmmen eppes gemeng ass: d‘Gier no Geld a Muecht. De Weltwirtschaftsforum vun Davos (WEF) ass de Rendez-vous vum iwwerdimensionalen. Iwwer 3.000 Leit aus 110 Länner maache mat, an déi ronn 400 Atelieren a Foren sinn ëmmer gutt besicht. Et bleift een ënnert sengesgläichen…

En exklusive Club

De Boss iwwert der Weltwirtschaftsforum ass de Klaus Schwab. Hien huet den Event geschafen an presentéiert Davos eigentlech all Joers op e neits als Rekord. Eis bleift just d‘Erkenntnis, datt de WEF en zimlech exklusive Club ass, un deem sech net einfach esou deelhuele léisst. Eise Premier, de Xavier Bettel dierf derbäi sinn, mee dat läit dorunner, datt si eppes vun him wëllen.

Davos

De Klaus Schwab, Grënner vum Weltwirtschaftsforum vun Davos. En Mann deen engem als „onscheinbar“ erschéngt, an awer esou geféierlech ass wéi en Erdogan, e Putin an ähnlech Gesellen. © WEF

Net mat derbäi: de 45. US-President. Deen ass awer ageluede ginn, och wann et zu Davos kaum ee wäert ginn deen den Donald Trump vermësse wäert. Jo de Milliardär ass esouguer der eegener krimineller Famill ze onberechenbar, a bei der Annonce, datt hie wéinst der Haushaltsspär net an d‘Schwäiz kënnt, dierften eng Rei Wirtschaftsbosser a Regierungscheffen opgeotemt hunn.

Zumindest besteet keen Zweiwel

Och d‘Germane schécken hir politesch Elite op Davos, woubäi et hei interessant ass op d‘Presenz vun der Verdeedegungsministesch Ursula vun der Leyen hinzeweisen. Si wäert sech, esouvill ass sécher, zu Davos mat Sécherheetsfroe befaassen, an dat ass dann och keng relevant Informatioun. Do wou et awer Spannend gëtt, ass de Fait datt si zum „Board of Trustees“ gehéiert.

Dëse „Board of Trustees“ ass deen exklusiivsten Zierkel deem een zu Davos (a wahrscheinlech op der ganzer Welt) ugehéiere kann. Wien do mat derbäi ass, ka vu sech behaapten iwwer „Sonn oder Reen“ ze entscheeden. Si sinn d‘Treihänder vum Weltwirtschaftsforum, si beroden d‘Organisatioun vun dësem Event, dat fir sech den Usproch huet, den Zoustand vun der Welt ze verbesseren.

Natierlech geet et kengem vun den Davos-Bedeelegten drëms d‘Welt am Sënn vun der Humanitéit ze verbesseren. Hei geet exklusiv dorëms „hir Welt“ ze verbesseren. Dat seet villes aus iwwert déi reell politesch Gesënnung vun engem Al Gore, oder Wëssenschaftler, deenen hir Expertis Gëft am Iessen oder der Ëmwelt, als fir de Mënsch erdréiglech bis noutwenneg erkläert gëtt.

Eng politesch Nullnummer

Wien der Meenung kéint verfalen, datt Davos e politescht Treffen ass, oder zumindest e Sommet vun der Vernonft wier, dee muss op dëser Plaz enttäuscht ginn. Hei gesinn sech déi Räich, an déi wou déi Räich nach méi Räich maache sollen. Dat ass den eenzege Rôle deen – zumindest fir déi meescht – Politiker zougestane gëtt. Politesch huet Davos keng Bedeitung, an dat ass d‘Gefor.

Geféierlech dowéinst, well si – d‘Politiker – awer alleguerten dohinner wëllen, a sech hei en Netzwierk opbauen, mat deem si hir eege spéider Verwendung arrangéieren, fir déi Zäit nom politesche Mandat. Kee Politiker reest op Davos mat der Absicht sech fir de Paräisser Accord anzesetzen, kee bedeelegt sech un Davos fir de Konflikt am Jemen ze beendegen.

Verschwierungstheoretiker

Datt de Weltwirtschaftsforum vun Davos eng grouss Schau wier, dat behaapten d‘Altermondialiste schonn datt et dëst Treffe gëtt. Verschwierungstheoretiker behaapten, hei géif déi nei Weltuerdnung bestëmmt. Gutt wann ee bedenkt datt Davos e puer Deeg laang besser duerch Waffe geschützt ass wéi déi nordkoreanesch Grenzt, mussen déi Räich a Mächteg virun eppes Angscht hunn.

Hei dierf een da fir eppes Kloerheet suergen. Net all déi Mënschen déi sech zu Davos treffen, sinn op eng sougenannten „nei Weltuerdnung“ aus, mee si wëllen alleguerten nach méi räich a mächteg ginn. Si wëllen eng Globaliséierung, vun där 1% vun der Weltbevëlkerung dierf profitéieren, hu mam Klimawandel näischt um Hutt, a Konflikter si hinne generell wëllkomm well profitabel.

Dat erkläert dann och, firwat engem „memorabel“ Beschlëss oder „innovativ“ Erkenntnisser aus bal fënnef Joerzéngten „Weltwirtschaftsforum Davos“ beim beschte Wëllen net afalen. Sollt et déi awer ginn, dierften se zu de bescht behidde Geheimnisser op der Welt zielen. Neen, Davos ass net den Uert op deem d‘Welt e Stéck besser gemaach gëtt, et ass do wou iwwer är Zukunft bestëmmt gëtt.

mat Indymedia, BER/LON

Ähnlech Sujeten Davos, Ënnerdréckung, Humanitéit, Kapitalismus, Schwäiz, Weltwirtschaftsforum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel