Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass den US-President e Rassist?
International Money

https://moien.lu/dating-sites-west-vlaanderen/

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

a good dating headline
International Money

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?

An engem längeren Entretien mam „Le Point“ huet de fréiere

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns
International Money

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns

D’Land ass méi grouss wéi ee mengt! Mir hunn e

money

De Weltwirtschaftsforum vun Davos, erkläert

De Weltwirtschaftsforum vun Davos, erkläert

Gëschter ass zu Davos, wéi all Joer ëm dës Zäit, de Weltwirtschaftsforum lassgaangen. Mee dat „Davos“ wat ass dat eigentlech, wie gëtt do agelueden, firwat ze maachen? Hei dann e klengen Iwwerbléck iwwert de Rendez-vous vun der sougenannter Welt-Elite…

DAVOS, datt ass d‘Ofkierzung fir de Weltwirtschaftsforum (WEF) ze bezeechnen, deen alljäerlech op der luxuriéiser Schistatioun an de Schwäizer Alpen, Enn Januar stattfënnt. „Erfonnt“ huet dat den däitsche Wirtschaftsprofesser Klaus Schwab 1971. Et war als Austauschplattform fir europäesch an amerikanesch Geschäftsleit geduecht. Dësen 48. Forum ass dann awer éischter e Rendez-vous vun der Welt-Elite.

All Joer treffen sech hei eng 3.000 Patronen, Politiker, Intellektueller, Ëmweltmilitanten, Mënscherechtler an Artisten, fir iwwer Geld a Profitter ze debattéieren. Groussraimeg ofgespaart, gëtt awer kee Weltwirtschaftsforum ouni Protester. Dëst Joer ass eng gréisser Aktioun zu Zürech virgesinn, mat där den Donald Trump „begréisst“ soll ginn.

Zu Davos selwer sinn all Manifestatioune verbuede ginn. Als Grond ginn d‘Autoritéiten de ville Schnéi un. An d‘Sécherheetsmoossname sinn entspriechend opwenneg. Net manner wéi 4.000 Schwäizer Zaldoten a Poliziste goufe mobiliséiert, fir op „déi Räich an déi Schéin“ uecht ze dinn. Iwwerwaacht gi besonnesch de Kongresszentrum an déi verschidden Hoteller. D‘Rechnung bezillt de Steierzueler.

Wien ass agelueden?

Op politeschem Niveau sinn um 48. Weltwirtschaftsforum 70 Staatscheffen ageluede ginn. Dorënner notamment de indesche Premierminister Narendra Modi, deen d‘Ouverture mécht. Aus europäescher Siicht sinn als éischt ze ernimmen: de franséische President Emmanuel Macron, déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel, déi britesch Premierministesch Theresa May, an och eise Premierminister Xavier Bettel.

Davos

Den indesche Premierminister Narendra Modi huet d‘Erëffnungsried vum 48. Weltwirtschaftsforum zu Davos gehalen. D‘Welt-Elite huet him nogelauschtert, op si hien och „héieren“ hunn… © Fabrice Coffrini/AFP

Afrika gëtt representéiert vum Emmerson Mnangagwa (Simbabwe) an dem südafrikanesche Vizepresident Cyril Ramaphosa. Fir Latäinamerika sinn ageluede ginn de brasilianesche President Michel Temer, an den Argentinier Mauricio Macri. Vun der Bedeelegung vum Donald Trump, deem éischten US-President zanter dem Bill Clinton am Joer 2000, verspriechen sech d‘Organisateuren eng Sensatioun.

Déi „intellektuell“ ginn ënnert anere representéiert vum israelesche Schrëftsteller Yuval Noah Harari, Auteur vum bekannte „Sapiens“. Mee och de kanadesche Psycholog Steven Pinker wäert säi Bäitrag ze leeschte wëssen, grad wéi déi pakistanesch Friddensnobelpräisträgerin Malala Yousafzai. Fir de kulturellen „Touch“ sinn den Elton John, d‘Cate Blanchett oder och de Bollywoodstar Shah Rukh Khan abestallt ginn.

Mediatioun a vill Alkohol

Den Dag fänkt d‘Welt-Elite mat enger Mediatiounsseance un, da geet et an d‘Seminären a Projektioune. Et dierfte „laang“ Deeg ginn, fir wien sech wëll abréngen, oder als „Unhang“ vum Chef dozou verflicht gëtt. Owes gëtt et Cocktailer a „Small Talk“, et ass ee jo „ënnert sech“.

Fir d‘Participante sinn et virun allem déi Konsensuell Themen déi Davos ausmécht. Dëst Joer wëllen se sech zum Thema: „Eng Gemeinsam Zukunft an enger gedeelter Welt opbauen“ Gedanke maachen. Heibäi geet et awer net drëms d‘Aarmut oder d‘Ongläichheet ofzeschafen, villméi a dierft et ëm d‘Profitmaximéierung goen. Mee och déi „véiert industriell Revolutioun“ wäert en Thema sinn, an d‘Aarbecht géintiwwer der kënstlecher Intelligenz an der Automatisatioun, dierft och ugeschwat ginn.

Fir d‘Politiker sollten och déi geostrategesch Erausfuerderungen, notamment wéinst dem Brexit, de finanzielle Risiko, d‘Liewensmëttelsécherheet an d‘Seuchen, relevant Theme sinn. A well de gudden Androck net vernoléissegt dierf ginn, hunn d‘Organisateuren e puer Seminären iwwert d‘Gläichstellung vu Mann a Fra agebaut, woumatter se op den Zuch vum #Meetoo opgespronge sinn. Bei enger Bedeelegung vu maximal 20% Fraen, sécherlech en Highlight…

Vergiesse mer dann ëm Gotteswëllen net ze erwähnen, datt am Programm och de Klimawandel enthalen ass. Dëst Joer kritt d‘Welt-Elite dem Al Gore säin neien Dokumentarfilm „An Inconvenient Sequel: Truth to Power“ gewisen. Et ass allerdéngs net dovunner auszegoen, datt déi wou d‘Entscheedungen treffe fir dës Virstellung wäerten déi néideg Zäit hunn.

Schnéi a vill Goss

Datt d‘Welt-Elite zu Davos och an de Genoss sollt komme Wantersport ze bedreiwen, datt ass eigentlech schonn aus Sécherheetsgrënn ausgeschloss. Mee u Schnéi an all senge Formen dierft et net feelen. Schonn um Méindeg wiere Schnéiflacken esou grouss wéi Minibusser iwwer Davos néiergaangen, beriichte gutt informéiert Quellen. E Wieder datt de beléiften Helikopter net geleeë kënnt an als Spaassbrems gesi gëtt.

Wien dann trotz Schnéi zu Davos ukomm ass, an eng „Plaz“ an engem vun de Luxushoteller fonnt huet, kann et gemitterlech ugoe loossen. An eigentlech misst en onnéideg sinn ze betounen, datt d‘Präisser fir en Zëmmer pro Nuecht am héije fënnefstellege Beräich ugesidelt sinn. Vill Boutiquen an esouguer eng Kierch, verloune gläichfalls fir en entspriechend Entgeld, hir Raimlechkeeten un Entreprisen, déi fir sech wëlle Reklamm maachen.

Laut dem Informatiounsdéngscht vun der Regierung, huet de Premierminister Xavier Bettel eng ganz Rei u bilateralen Entrevuë mat Patronen, politeschen Entscheedungsträger a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft virgesinn. Deelhuele wëll eise Premier och un engem Ronndëschgespréich zum Thema: „blended finance and innovation for better business and a better world“. Net ze vergiessen, datt en „acte de présence“ beim Debat zu der „Wirtschaft vun de Weltraumressourcen“ Flicht ass.

mam Jitendra Joshi/AFP

Foto: © Fabrice Cofrini/AFP

Ähnlech Sujeten Davos, Weltwirtschaftsforum, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel