Search

You may also like

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt am Bio-Nature-Chèvre

Luxembourg Must Act: Aktiounsdag op der Place Clairefontaine
International Neiegkeeten

Luxembourg Must Act: Aktiounsdag op der Place Clairefontaine

Déi sozial europäesch Beweegung Europe Must Act fuerdert eng nei

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!
International Neiegkeeten

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!

D‘Schweden hunn e Mëttwoch eng elektrifizéiert Strooss ageweiht, déi mat

Bréngt de Weltwirtschaftsforum méi Klimaschutz?

Krisen a Konflikter, EU-Bäitrëttskandidaten an d‘Fuerderung no méi Klimaschutz, och dat ass Davos

Bréngt de Weltwirtschaftsforum méi Klimaschutz?

Am schwäizereschen Davos treffen sech déi mächteg an déi räich vun dëser Welt, an grondsätzlech geet et emol dorëms festzeleeën, wéi e Spillraum fir de maximale Profit vun den 1% vun der Weltbevëlkerung nach Bestand huet a wéi een dësen ausbaue kann. A wëll d‘Brandstëfter elo dann och verstanen hunn, datt ee onmoosseg Räich ka gi wann een d‘Feier läscht, gëtt diskutéiert.

Woubäi d‘Staats- Regierungscheffe jo och hir politesch Interesse wore wëllen, an zumindest beméit sinn den Androck ze erwächen, et géif ee sech mat der Fro: „Wéi léisst sech de Klimawandel bekämpfen?“ beschäftegen, an zwar esou, datt d‘Interesse vun de Mënsche prioritär behandelt sollte ginn. Um Weltwirtschaftsforum huet sech d‘Rhetorik den Erausfuerderunge verbal ugeholl.

Vu Bréissel ugereest, d‘Miss „Green Deal“, déi op d‘Ënnerstëtzung vun allen EU-Memberlänner ugewisen ass, sech och op d‘Bedeelegung vun der Wirtschaft verloosse muss an hofft, datt déi aner Natioune bereet sinn matzemaachen. Datt d‘Ursula von der Leyen elo Brasilien an d‘USA (fir emol déi schlëmmst ze ernimmen) net emol méi iwwerzeege wëll, huet gutt Grënn et soll jo viru goen.

„Natierlech wënschen ech mir, datt dës Beweegung méi grouss gëtt. (…) Dat gëllt iwwregens fir de ganze Planéit. Mir hunn nach aner Regiounen op der Welt déi däitlech Efforte maache mussen“, esou d‘EU-Kommissiounspresidentin, déi sech virgeholl huet Europa bis 2050 Klimaneutral ze maachen. Den europäesche Green Deal soll mat honnert Milliarden Euro finanzéiert ginn.

Fir de fréieren US-Vizepresident Al Gore ass et onëmgänglech dës Efforten séier an Zilorientéiert ëmzesetzen: „Déi weltwäit Klimakris ass wiesentlech schlëmmer wéi et sech déi meeschte bewosst sinn. D‘Laascht vum Handele läit op de Schëllere vun deenen déi haut liewen“. Hoffnung géif him d‘Engagement vun de Jonken a ganz besonnesch d‘Klimaaktivistin Greta Thunberg maachen…

Den Héichkommissär vun de Vereenten Natiounen, Filippo Grandi, weist drop hin, datt sech d‘Welt op Millioune vu Klimaflüchtlinge virbereede muss. Zu de grondsätzleche Fluchtursaachen zielt den Italiener: Bränn, de steigende Mieresspigel an unhalend Dréchent. Laut engem Uerteel vum UN-Mënscherechtsausschoss hu Klimaflüchtlingen deenen hiert Liewen a Gefor ass, e Recht op Asyl.

EU-Bäitrëtt, Gestreits an d‘US-Aussepolitik

Fir den ukrainesche President Wolodymyr Selenski ass de Klimawandel net déi éischt Prioritéit. Hie strieft e Bäitrëtt an d‘Unioun un. „D‘Ukrain sollt vun der europäescher Unioun opgeholl ginn. Mam Austrëtt vu Groussbritannien wier et de richtegen Zäitpunkt, en Zougang zur EU ze fannen“. Dat ass awer e Wonsch, deem ugesiichts der volatiller Lag am Land, esou séier net kann entsprach ginn.

Och de pakistanesche Premier Imran Khan huet aner Suerge wéi de Klimawandel. Hien huet virun enger Diktatur an Indien gewarnt. D‘Politik vun der indescher Regierung géif un d‘Entwécklung an Nazi-Däitschland tëscht 1933 an 1945 erënneren, wou e Land vun enger liberaler Demokratie zu engem faschistesche Staat verkomm ass. Grond fir dës gewoten Ausso: Indien huet wëlles sech ee Gesetz ze ginn, mat deem illegale Migranten aus den Nopeschlänner d‘Abiergerung soll erliichtert ginn, wa si keng Mosleme sinn.

Den irakesche President Barham Saleh huet sech sengersäits mam US-President iwwert den Ofzuch vun den US-Truppen ënnerhalen. Bei der Entrevue hätt de Milliardär awer beschtefalls e partiellen Ofzuch a Betruecht geholl. Et wier och iwwert d‘Bedeitung vun der Souveränitéit geschwat ginn. D‘USA hunn aktuell eng 5.000 Mann am Irak stationéiert a behuelen sech wéi doheem…

Hong Kong war och en Thema, an Regierungscheffin vun der Sonnerverwaltungsregioun, Carrie Lam weess, datt d‘Ae vun der Welt op d‘Stad geriicht sinn. Si huet annoncéiert, datt Hong Kong méi Krisen ze bewältegen hätt, an et hir Missioun wier, am Amt ze bleiwen. Dat gesinn d‘Awunner differenzéiert, ëmmerhin ass si un d‘Uweisunge vun der chinesescher Zentralregierung gebonnen.

mat indymedia/lon/brn

Foto: © Sandra Blaser /WEF

Related topics EU-Bäitrëtt, Greta Thunberg, Irak, Klimawandel, Pakistan, Ukrain, WEF, Weltwirtschaftsforum
Next post Previous post