Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)
International Neiegkeeten

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)

Indonesien nom Tsunami: den traurege Bilan zielt elo schonn 281

Konscht op der Strooss
International Neiegkeeten

Konscht op der Strooss

Um Donneschdeg Nomëtteg huet d‘Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP) zesumme mam

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich
International Neiegkeeten

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

Et kann een e Fussballsmatch dominéieren an um Enn awer

Den 3 R Symposium: Wëssenschaftlech Déiereversich reduzéieren

Den 3 R Symposium: Wëssenschaftlech Déiereversich reduzéieren

Um 6. November 2019 hunn de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, sou wéi de Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung un der wëssenschaftlecher Konferenz „First Luxembourg 3 R Symposium“ deelgeholl. Zil vun dem Zesummentreffe mat international renomméierte Fuerscher a Representante vun Déiereschutzassociatioune war d’Promotioun vum Prinzip, datt d’Versich un den Déiere remplacéiert, reduzéiert a raffinéiert solle ginn.

Wéi d’Ministere Schneider a Meisch ënnerstrach hunn, sollen d’Déiereversich progressiv ofgeléist ginn vun alternative Methoden ouni Déieren, déi awer wëssenschaftlech validéiert sinn. D’Plattform vum 3 R Symposium huet dobäi alle Participanten d’Méiglechkeet gebueden, Erfarungen ouni Déiereversich am wëssenschaftleche Beräich op nationalem an europäeschem Niveau auszetauschen.

Zu Lëtzebuerg ginn Déiereversich staark reglementéiert a berouen um 3 R Prinzip, wat da bedeit, datt d’Versich un Déiere bis zum Schluss genau iwwerwaacht ginn. Soubal eng Demande fir eng Autorisatioun beim zoustännege Ministère ageet, gëtt an enger Kollaboratioun mam Gesondheetsministère kontrolléiert op de Déiereversich wierklech noutwenneg sinn fir de Projet an ob wärend dem ganze Verlaf ka garantéiert ginn, datt d’Déier mat Respekt behandelt gëtt. Sollt eng alternativ Method disponibel sinn gëtt den Déiereversuch ofgeleent.

An dësem Kader huet de Claude Meisch drun erënnert, datt divers medezinesch Fortschrëtter duerch Experimenter un Déiere méiglech gemaach gi sinn. Hautdesdaags läit den Schwéierpunkt dorop, d’Leed vun de Liewewiese bei Etüden sou wäit et geet ze reduzéieren. Aktuell wier et allerdéngs nach net méiglech dës Versich ganz falen ze loossen, déi alternativ Methoden si schliisslech nach net all ausgeschafft.

Geet et ëm kosmetesch Tester oder d’Entwécklung vun Tubak-Produiten, esou sinn Déiereversich strikt verbueden.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Prof. Dr. Adrian Smith, norwegeschen 3 R Zenter; Anaïs Oudin, LIH; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung; Prof. Dr. Arno Gutleb; LIST; Prof. Dr. Jens Schwamborn, Uni.lu; Dr. Valérie Zuang, EU Reference Laboratory of Alternative to Animal Testing; Dr. Luisa Bastos, Eurogroup for Animals © MA

Ähnlech Sujeten 3 R Symposium, Alternativ Methoden, Claude Meisch, Déiereschutz, Déiereversich, Experiment, Fuerschung, raffinéieren, reduzéieren, Remplacéieren, Romain Schneider, Wëssenschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel