Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratioun: De briteschen Dram
https://moien.lu/pua-online-dating-products/

Migratioun: De briteschen Dram

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op

james bay dating 2018
https://moien.lu/pua-online-dating-products/

https://moien.lu/indian-matchmaking-agency-singapore/

Et ass moies fréi, zwou Auer an der Alstad vu

Lumi R. – Léift an all senge Facetten
https://moien.lu/pua-online-dating-products/

Lumi R. – Léift an all senge Facetten

Zu Marseille gebuer, mat madagassesche Wuerzelen an zu Lëtzebuerg doheem

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

Mat enger verhältnesméisseg liichter Dagesuerdnung huet sech déi Fréisenger Gemengerotssëtzung leschte Mëttwoch, mat Konventiounen, Devisen an engem interessante Verkafsakt beschäftegt. Mee et ass wéi gewinnt mat de Froe vun de Conseilleren ugefaange ginn.

Vum Dateschutz a Wandmillen

Fir d‘Oppositiounspartei CSV wollt d‘Michèle Hansen-Houllard wëssen, wéi et ëm den Dateschutz steet. Do trëtt jo elo dat europäescht Reglement GDPR a Kraaft. Et wollt een dann och wëssen, wou ee mam Projet „Südwand“ drun ass, op een endlech de Parking-Problem geléist huet, wéi ëm d‘Zebrasträife bestallt ass, wéini sech ëm d‘Fassad vun der Schoul gekëmmert gëtt, a villes méi.

Wat den Dateschutz ubelaangt, esou stellt de Buergermeeschter Roger Beissel (Är Equipe) datt den DPO (Dateschutzbeoptraagten) nach net bestëmmt ginn ass, et awer mat Zäiten ee géif ginn. Um „Register“ géif aktuell geschafft. Och misst drop higewise ginn, datt net gekläert ass, wéi sech dat zäitlech soll opgoen, zemools wou och beim SIGI den Drock grouss ass.

Beim Projet Südwand erkläert de Schäffe Carlo Raus (DP) dat een net op der Versammlung zu Réiser war, een awer mam Operateur Soler eng Entrevue ugefrot an erhalen huet. Et wier leider net vill derbäi erauskomm. Aktuell gëtt un engem Wandkadaster geschafft, an op Wandrieder an d‘Gemeng kommen, hänkt vun der Landesplanung of. Hei muss sech nach gedëllegt ginn.

De Problem mat de „Falschparker“ ass bekannt, an de Pechert weess Bescheed. Et ass richteg dat aktuell nach keng Protokoller ausgestallt ginn, mee domatter ass no Ouschteren och Schluss. Dem „verstëbsten“ Dossier Zebrasträife géif sech zäitno ugeholl ginn, an d‘Suergen zu der Fassad vun der Schoul, sinn enger Firma iwwerdroe ginn. Et muss elo gekuckt gi wéi schlëmm et ass.

Inklusioun, Parkplazen an e Gemengebuet

Fir d‘LSAP wollt den Yves Gaffinet wësse wéi wäit een dru wier mat den Demarchë vun der Anne ASBL – Maison Relais, am Bezuch op den inklusiven Accueil (SEA-inclusif), op et Projete gëtt an wéi e Finanzéierungsmodell virgesinn ass? Wat leeft mat de Parkplaze bei der Sportshal, wou ass d‘Konzept vum Schoulcampus a wéini kréien d‘Leit nees de Gemengebuet?

Wat d‘Inklusioun am edukative Beräich betrëfft, esou bleift et fir dat lafend Schouljoer beim alen, bei der Rentrée soll de neie System ugewannt ginn. D‘EBS-Stonnen (fir Kanner mat spezifesche Besoinen) ginn direkt vun der Maison Relais ugefrot. Esou wäit et dem Buergermeeschter bekannt ass, wiere véier Kanner vun dëser Mesure betraff. De Rescht steet an der Konventioun.

De Buergermeeschter stellt kloe, datt de Problem mam Parke bei der Sportshal bekannt ass, a sech zäitno drëms gekëmmert wäert ginn. Wat de Schoulcampus betrëfft, esou ass den Dossier nach ganz komplett, et ass een awer zouversiichtlech, de „Concours“ zäitno op de Wee ze bréngen. De Gemengebuet kënnt Mëtt Abrëll, a dann och wéi Gewinnt nees reegelméisseg.

Se hunn eng al Scheier kaf

Iert et da mat der Dagesuerdnung weider gaangen ass, huet de Roger Beissel dem Gemengerot déi traureg Noriicht vum Dout vum Fränz Hoffmann, laangjärege Korrespondent vum Tageblatt, missen iwwermëttelen. Zu sengen Éieren huet et eng Gedenkminutt ginn.

Ënnert dem Begrëff „Korrespondenz“ hat e puer Matdeelunge ginn. Esou gëtt et am Abrëll keng Gemengerotssëtzung . Et huet eng Entrevue mam Direkter vun der Stroossebauverwaltung ginn, an elo soll d‘N13 dann och ausgemooss ginn, fir e Plang ze erstelle wéi hei de Verkéier ka berouegt ginn. D‘Detailer dozou gëtt et zu engem spéideren Zäitpunkt.

E ganz wichtegen an interessante Punkt deen de Roger Beissel a seng zwee Schäffen, mat der Zoustëmmung vun der Oppositioun op d‘Dagesuerdnung derbäi geprafft huet, betrëfft en Akt de Vente. Net iergendeen, well hei geet ëm eng Scheier mat enger klenger Wunneng. Et ass en Terrain deen d‘Gemeng scho méi laang wëll hunn, an déi nei Koalitioun huet deen elo konnte kafen.

D‘Urgence den Accord fir d‘Transaktioun ze ginn, hänkt domatter zesummen, datt an dësem Fall d‘Zomm vu 475.000 Euro bannent engem Mount muss bezuelt sinn. Wat da mam Terrain geschitt ass nach net gewosst. D‘Conseilleren Yves Gaffinet (LSAP) a Claude Arendt (CSV) begréissen d‘Aktioun. Domatter ass dëse Punkt eestëmmeg ugeholl ginn.

Konventiounen an Devisen

D‘Konventioun tëscht der Gemeng an dem gemeinsame Sozialbüro (Beetebuerg, Fréiseng a Réiser) wéi och déi mat der Maison Relais, sinn eestëmmeg ugeholl ginn. De Claude Arend wéisst awer gären, op déi Leit déi d‘Gemeng um Sozialbüro vertrieden, och missten e „Jeton“ kréien, oder op dës „Entschiedegung“ net besser am Cent-Buttek oder dem „Kleederschaf“ ugeluecht wier?

E Virschlag deen esou vum Buergermeeschter net op d‘Säit geluecht gëtt, woubäi hien awer drop Opmierksam mécht, datt déi Leit déi sech ëm de Sozialbüro këmmeren, vill Engagement weisen an et hinnen un Aarbecht am Moment och net feelt. Fir de Roger Beissel, ass mam Bléck op den Opwand, de Jeton fir d‘Leit aus dem Verwaltungsrot gerechtfäerdegt.

Véier Devisen hunn dann nach um Dësch geleeën: d‘Schoul zu Fréiseng muss renovéiert ginn (80.000 Euro); d‘Isolatioun um Waassertuerm muss erneiert ginn (50.000 Euro); fir dat globaalt Mobilitéitskonzept fir d‘Gemeng Fréiseng gi Sue gebraucht (100.000 Euro); a fir d‘Aarbechten un de Feldweeër „Krokelshaf“ a „Rettchen“ ginn 242.000 Euro fälleg.

Bei der Renovéierung vun der mëttlerweil 20 Joer aler Zentralschoul zu Fréiseng, sollen och dräi Klassesäll mat enger Klimaanlag ausstafféiert ginn. Dem Claude Arend erschléisst sech dat net, an den Aloyse Schlitz (CSV) fäert, datt sech dat schlecht an der Klimabilanz mécht. De Carlo Raus stellt kloer, datt een d‘Klimaanlag kompenséiert kritt, mee de Claude Arend enthält sech awer. All déi aner Devisë sinn eestëmmeg ugeholl ginn.

Wat soss nach gesot ginn ass

D‘Adhesioun un de SIDEST (interkommunale Syndikat fir d‘Rengegung vum Ofwaasser ass eestëmmeg ugeholl ginn. De Joresbäitrag fir d‘Gemeng beleeft sech hei op ronn 200.000 Euro am Joer. De Claude Arend hat hei ugefouert, datt „Är Equipe“ sengerzäit dergéint gestëmmt hat. Richteg, esou de Roger Beissel, deen drun erënnert, dat deemools kee wousst wat et géif kaschten.

Am Uschloss wollt de Claude Arend dann nach e sëllechen Äntwerten. Hie wollt wësse wat mam Buedem vum Dëschtennisclub lass ass? Firwat d‘Beem an der Schoulstrooss fortkommen? Wat et mam „Usufruit“ um Paschtoueschhaus op sech huet? An hie reklaméiert, datt et an der „Klimapakt-Kommissioun e Member géif, deen do net higehéiert.

Zum Dëschtennis: hei géif sech den Architekt de Problemer genee ukucken, mee et ass scho gewosst datt et ze dréchen ass. Wat d‘Paschtoueschhaus betrëfft, esou wier een um verhandelen an den Usufruit soll ewech falen. Et hätt ewell mat der Kierchefabrick eng éischt Entrevue ginn, bei där et drëms gaangen ass, sech kennen ze léieren. Eng Decisioun konnt dann och net geholl ginn.

Wou de Problem bei der Klimapakt-Kommissioun soll ginn ass dem Buergermeeschter net ersiichtlech. Et sollen zwee Patronen an een Awunner an der Kommissioun vertruede sinn, an deem wier och esou. Déi ugeschwate Persoun, déi do net soll higehéieren, ass e Bauer. Dat ee just Geschäftsmann ass wann een eng Handelsermächtegung huet, gesäit de Roger Beissel net esou. D‘CSV soll dat mam Ministère klären.

Ähnlech Sujeten Feldwee, Fréiseng, Gemengerot, Schoul, Waassertuerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel