Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fermeture vum C&A: Wat ass mat de Mataarbechter?
International Neiegkeeten

Fermeture vum C&A: Wat ass mat de Mataarbechter?

Ab dem 3. Mäerz 2020 wäerten d’Diere vum Kleedergeschäft C&A

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“
International Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan déi gréng: „Mir si Regierungsfäeg“

Eemol ass nach keng Ausnam, an datt déi gréng en

Police vu Rotterdam entdeckt Migranten am Killcontainer
International Neiegkeeten

Police vu Rotterdam entdeckt Migranten am Killcontainer

An engem Killcontainer op enger dänescher Fähr huet déi Rotterdamer

Westjordanland: Wou sinn se drun?

Eigentlech wollt déi israelesch Regierung schonn Ufank Juli déi besate Gebidder annektéieren, mee fir den Ament halen den Premierminister Benjamin Netanyahu seng Leit d‘Féiss roueg

Westjordanland: Wou sinn se drun?

An der Siidlung vun Efrat, sinn d‘Awunner fir eng Annexioun, mee datt déi elo, anescht wéi vum Benjamin Netanyahu versprach, net am Juli duerchgezu ginn ass, huet si eppes enttäuscht. Fir de Buergermeeschter Oded Revivi awer hänkt dat alles mat der Covid19-Pandemie zesummen, déi d‘Land net esou wierklech an de Grëff kritt.

D‘Leit an Israel hunn tatsächlech grad eppes méi wichteg Suerge wéi eng vun der internationaler Communautéit denoncéiert Annexioun, mee et wier falsch ze denken, datt de Premier deraart mat der Pandemie beschäftegt ass, datt hie keng Zäit sech drëms ze këmmeren. Zudeem wënscht sech den US-President, datt dat Ganzt nach virun November erleedegt ass, well hie steet och derhannert.

Mee et dierft schwiereg ginn d‘Wënsch vum Donald Trump an dem Oded Revivi ze erfëllen. Net nëmmen dann zanter Wochen an Israel géint de Premierminister demonstréiert gëtt, et feelt och un de Majoritéiten déi eng Ëmsetzung vum Annexiounszeenario duerchzezéien. Et huet nämlech och politesch Vertrieder vun de Siidler, déi géint eng Annexioun vum Westjordanland op der Basis vum Trumpsche Friddensplang sinn, well an dësem d‘Grënnung vun engem palestinensesche Staat steet.

An och an der „erzwongener Koalitioun“ huet de Benjamin Netanyahu net den néidege Réckhalt fir seng Annexiounspläng. Kahol Lavan (Blo-Wäiss) wëll sech nëmmen ënner gewësse Konditiounen un der Annexioun bedeelegen. Zudeem besteet och Washington drop, datt d‘Annexioun eng Zweestaateléisung mat de Palestinenser net verhënneren dierf. An ouni d‘USA geet de Plang net op.

Westjordanland

Ouni den Accord vu Washington kann et net zur Annexioun kommen, an matten an der Covid19-Kris ass de Sujet souwisou héich brisant. D‘Krisegestioun an Israel ass net op der Héicht vun den Erwaardungen déi d‘Bierger hunn, an en duebelt Scheitere kann sech d‘Regierung net erlaben. Dat soll elo keng Hoffnungen erwächen, wëll d‘Annexioun u sech wäert kommen, et ass den Ament just eppes schwiereg de richtegen Zäitpunkt ze fannen. Mee och den Drock aus der EU spillt eng Roll.

Lëtzebuerg ass, wéi eng ganz Rëtsch vun europäesche Partner, géint dës Annexioun. Esou hunn sech déi Deputéiert an der Chamber gouf zou enger Resolutioun duerchgeronge kritt. Gutt iwwer Sanktioune gëtt net geschwat, mee eng Annexioun géif d‘Handelsbezéiungen tëscht den EU-Memberlänner an Israel impaktéieren. A wann et ëm Geld geet, si Politiker bekanntlech virsiichteg.

An dann ass jo wéi gesot den 3. November Presidentschaftswahl an den USA. D‘Demokrate sinn en duerchaus treie Partner vun de Israelien, mee de Joe Biden, dem Donald Trump säi Kontrahent, ass géint dës Annexiounspläng. Dat bedeit, datt de Benjamin Netanyahu net wierklech vill Optiounen huet. Entweder hien annektéiert virun den US-Presidentschaftswahlen, oder hie muss hoffen datt de Milliardär en zweet Mandat zougestane kritt. Wéi ee gesäit, ganz esou einfach Land klaue geet net.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Jorono/Pixabay

Ähnlech Sujeten Annexioun, Benjamin Netanyahu, Isarel, Palestina, Peace to Prosperity, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel