Search

You may also like

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren
International Money Neiegkeeten

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren

En Donneschden, de 25. Abrëll luet d’Nordstadjugend a.s.b.l. zesumme mat der

No véier Joer Pilotprojet…
International Money Neiegkeeten

No véier Joer Pilotprojet…

Den elektroneschen, perséinlechen a securiséierten Dossier an deem d‘Gesondheetsinformatioune vun

dislike
US-Bierger mussen am iranesche Prisong bleiwen
International Money Neiegkeeten

US-Bierger mussen am iranesche Prisong bleiwen

E Samschdeg huet den Iran d’Demande vum Wäissen Haus, d’Amerikaner

money

De Wettlaf ëm en Impfstoff

Wéi eng Pharmakonzerner féieren d‘Rennen un a wat ass dovunner ze halen? Eng Iwwersiicht

De Wettlaf ëm en Impfstoff

Datt een d‘Coronaviruskris wuel nëmme mat engem Impfstoff wäert beendege kënnen, doriwwer schéngen sech déi allermeeschten Experten a Wëssenschaftler eens ze sinn. Datt et bei dësem Vaccin och ëm Milliarde-Profitter geet, doriwwer ass sech eigentlech jiddereen eens. Esou eppes bréngt natierlech den Impfgéigner och vill Argumenter, datt Ganzt ze verdäiwelen. An elo?

Fir sech een esou objektiivt Bild wéi méiglech ze vergënnen, ass et sënnvoll sech emol mat deem wat derzäit ugebuede gëtt, also kuerzfristeg sollt disponibel sinn, ausenanerzesetzen. Do ass de Vaccin vu Pfizer/Biontech, wou nom Erfolleg vun der Etüd erwaart gëtt, dat dësen eng sougenannt „Noutfall-Zouloossung“ vun der FDA (US-Liewensmëttel a Medikament Verwaltung) kritt.

Och déi europäesch Medikament-Agence (EMA) beschleunegt d‘Prozedur fir d‘Zouloossung. Geet sech dat op, da kéint de pharmazeutesche Binom Pfizer/Biontech nach 2020 bis zu 50 Milliounen Impfdose bereetstellen. Fir 2021 wëll ee dann d‘Produktioun op bis zu 1,3 Milliarden Impfdosen eropfueren. Pfizer/Biontech hunn hirem Produkt ee Wierkungsgrad vu bis zu 95% zougewisen.

Ganz gutt soll och de Vaccin vum Amerikaner „Moderna“ sinn (94%) – déi haten éischt Tester am Mäerz lancéiert – a wëllen elo och eng Noutfall-Zouloossung vun der FDA erwierken. Bei der EMA soll d‘Prozedur scho lancéiert gi sinn, woubäi dat zur Stonn weder bestätegt nach dementéiert gëtt. Et ass awer gewosst, datt dësen Impfstoff vu Lonza am Wallis (Schwäiz) kéint produzéiert ginn.

D‘Britte schléissen op

A Groussbritannien ass et de Pharmakonzern AstraZeneca, dee am Wettlaf versicht den Uschloss ze behalen. Et geet wéi gesot ëm Milliarden, an de Konzern dee sech d‘Ënnerstëtzung vun der Oxford-Universitéit geséchert hat, wëll nächste Mount seng Etüde virleeën. Et wier awer schonn emol sécher, datt Mënschen iwwer 55 Joer de Vaccin ganz gutt verdroe géifen. Ob dat esou stëmmt?

Dann huet et och nach eng Rei aner Impfstoffer, wéi de Sputnik V aus Russland an divers Offeren aus China, déi awer op den éischte Bléck net fir eis relevant sinn. Eis Regierunge kafe „lokal“ well et hannert deem Ganzen och ee politesche Volet huet. Geld a Politik loossen sech am Kontext vum Impfstoff jo elo wierklech net dissociéieren. Och dat hëlleft der Vertrauensbildung leider net.

Elo gëtt dann och nach zu allem Iwwerfloss versicht mat „Detailer“ Opmierksamkeet ze kréien. Esou géif sech d‘Produkt vu Moderna bei Temperature vun 2°C bis 8°C 30 Deeg laang halen, béi -20°C soll en esouguer bis zu sechs Méint lagerfäeg sinn. Dee vu Pfizer/Biontech bleift am Frigo ronn 5 Deeg stabil, fir den Transport an eng länger Lagerung, sinn Temperature vu -70°C néideg.

Béid Vaccinen, also déi vu Pfizer/Biontech a Moderna, baséieren um „mRNA-Prinzip“. Gett engem datt injizéiert, dat stellen eis Zellen de Virus-Protein hir, dee soll da vum Immunsystem als Kierperfriem erkannt an neutraliséiert ginn. Dës Impfstoffer kommen also ouni Bestanddeeler vum Erreeger aus, sinn also méi sécher wéi konventionell Vaccinen. A si loossen sech séier hierstellen.

Einfach emol Fakt

Et ass den Ament net dovunner auszegoen, datt och wann et zu Lëtzebuerg géif een Impfstoff ënnert dem Chrëschtbeemche ginn, d‘Leit sech drop stierze géifen. D‘Mësstrauen an d‘Impfung ass esou grouss wéi d‘Kommunikatioun säitens de politesch Verantwortleche schlecht ass. Grad emol 25% vun de Bierger an der Europäescher Unioun, sinn aktuell bereet sech fräiwëlleg impfen ze loossen.

Nieft villen topegen Argumenter, oft „Internet-baséiert“, dem strikt profitorientéierten Handele vun de Pharmakonzerner, déi sech an dësem besonnesche Fall och nach vun der Verantwortung wëllen entbanne loossen, an de stännege Ligen – oder zumindest inkoherente Behaaptungen – vun der Politik, gëtt et awer och ganz valabel Grënn, deem ganze Gedeessems mat Mësstrauen ze begéinen.

An engem „normale“ Verfaren, brauch en Impfstoff bis zu 15 Joer a méi, bis dëse kann op de Maart geworf ginn. An och dann, muss den Hiersteller déi voll Verantwortung fir säi Produkt iwwerhuelen a méiglech „Affer“ entschiedegen. Beim Covid19-Impfstoff, soll d‘Verfare gekierzt ginn. Hei war emol riets vun 18 bis 30 Méint, et sinn nach keng 9 Méint vergaangen an awer soll alles gutt sinn?

Wann ee ka Versteesdemech dofir hunn, datt Politik a Pharmakonzerner dovunner ausginn datt de Mënsch ze domm ass fir ëmmer alles ze verstoen, esou huet et och Verständnis dofir, datt d‘Leit weder deenen engen nach deenen anere Vertrauen. Dat well déi eng nëmmen op hie eegen Interesse konzentréiert sinn, an déi aner fir de maximale Profit bereet sinn iwwer Läichen ze goen…

Illustratioun: © Chad Harcourt / unsplash

Related topics Biontech, Covid19-Impfstoff, Covid19-Pandemie, FräiwëllegGezwongen, Moderna, Pfizer
Next post Previous post