Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naturparkfest zu Housen
International Neiegkeeten

Naturparkfest zu Housen

Wéi all Joer, esou och 2019: de Naturpark Our an

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
International Neiegkeeten

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz
International Neiegkeeten

Editorial: d‘Relativitéit vun der Konsequenz

De Buergermeeschter vun Déifferdeng huet sech eng zolidd Gaffe geleescht,

Vereent am Wettlaf géint de Covid19

Beim Impfstoff-Spendemarathon vun der EU konnte 7,4 Milliarden Euro gesammelt ginn

Vereent am Wettlaf géint de Covid19

D‘EU-Kommissiounspresidentin hat virun der Konferenz gesot: „Ouni Impfstoff keen Enn vun der Covid19-Pandemie“, an dës Message ass net op daf Ouere gestouss. Bis op wéineg Ausnamen huet wie konnt, entspriechend senge Méiglechkeete, matgemaach. Dat gesaten Zil gouf esou erreecht.

Si gesinn sech als eng „global Allianz géint de Coronavirus Covid19“. Länner an Organisatiounen hu sech gëschter beim Spendemarathon fir d‘Sich no engem Impfstoff a Medikamenter vereent. Zil war et ee Fonds ze schafen, fir d‘Fuerschung virunzedreiwen. A si kënne mat sech zefridde sinn. 7,4 Milliarden Euro sinn zesummekomm, an d‘EU-Kommissiounspresidentin dierf zefridde sinn.

WettlafNo der Konferenz sot d‘Ursula von der Leyen: „D‘Welt ass vereent géint de Coronavirus an d‘Welt wäert gewannen“. D‘EU-Kommissioun huet selwer déif an d‘Täsch gegraff, a bedeelegt sech mat 1 Milliard Euro. Däitschland a Frankräich, déi sech dem Appell vun der Kommissiounscheffin vun Ufank un ugeschloss haten, hunn sech och net lompe gelooss. E positiivt Signal an dësen Zäiten.

Fir d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, war des Konferenz „ e Signal vun der Hoffnung an esou schwierege Stonne fir vill Länner. Däitschland steiert 525 Milliounen Euro bäi an och Frankräich bedeelegt sech mat eng hallwer Milliard. De President Emmanuel Macron huet gefuerdert, datt den Impfstoff an de kollektive Besëtz muss iwwergoen. De Wettlaf géint d‘Zäit huet ugefaangen…

Wettlaf WettlafJidderee fir sech, wier ee grousse Feeler“, esou de franséische President, dee bedauert datt sech d‘USA „erausgehalen“ hunn. Kanada huet ronn 780 Milliounen Euro, Groussbritannien steiert eppes iwwer 440 Milliounen Euro bäi an esouguer d‘Italiener si mat 140 Milliounen Euro un dësem Fonds bedeelegt. Säitens der Bill & Melinda Gates Stëftung goufen 100 Milliounen Euro versprach.

D‘USA a Russland versichen et op eege Fauscht

Nieft der EU an den europäesche Partner: Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien, zielt och Saudiarabien – déi hunn aktuell d‘Presidence vun de G20-Länner – zum „Organisatiounscomité“. An der zweeter Rei fënnt een d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), d‘Weltbank, d‘Impfstoff-Allianz Gavi an déi net onëmstridde Bill & Melinda Gates Stëftung.

Russland an d‘USA hunn sech net bedeelegt. D‘Grënn vun de Russe sinn net bekannt, dofir ass jo awer Gewosst, datt den Donald Trump et den Ament net esou mat der WHO huet. De Milliardär huet zudeem säin eegene Programm lancéiert. Mat der „Operation Warp Speedgi 14 potentiell Impfstoffer elo gefërdert. Den US-President iwwerwaacht dësen ambitiéise Projet perséinlech.

WettlafA well den Donald Trump der Welt mam Slogan „America First“ ze verstoe ginn, huet wou seng Prioritéite leien, dierf een de Wäert vun der EU-Initiativ net ënnerschätzen. Hei ass d‘Zil kloer: all d‘Kräften ze vereene fir d‘Fuerschung no Impfstoffer a Medikamenter virunzedreiwen an esou och sécherzestellen, datt d‘Mënschen op der ganzer Welt dovunner kënne profitéieren.

Et ass een nach um Ufank

Mee dës 7,4 Milliarde kënnen nëmmen en Ufank sinn, an d‘EU-Kommissiounspresidentin huet keng Zweiwel opkomme gelooss an erkläert, datt an de nächste Méint wuel nach weidert Geld muss an de Fonds fléissen. Fuerschen ass dat eent, den Impfstoff an/oder d‘Medikamenter hierstellen, an dat fir d‘Weltbevëlkerung, geet net ouni Produktiounsstanduerter, an och déi musse geschafe ginn.

WettlafOch dat wäert richteg Geld kaschten an dorunner huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres keng Zweiwel zougelooss: „Fir jiddereen iwwerall ze erreechen, wäerte mir wuel de fënneffache Betrag mussen opdreiwen“. Déi 7,4 Milliarde sinn en Ufank: 4 Milliarde ginn an d‘Fuerschung fir den Impfstoff, 2 Milliarden si fir d‘Behandlung an 1,5 Milliarde gi fir d‘Tester opgewannt.

Wann alles optimal leeft, een awer déi gewënschte Sécherheet vum Impfstoff wëll sécherstellen, kéint et bannent 12 bis 18 Méint zu éischte Resultater kommen. Zäit déi och muss genotzt gi fir Produktiounsstanduerter ze schafen. Och dat wäert eng zolidd Staang Geld kaschten, an da kommen d‘Produktiounskäschten, d‘Distributioun a villes méi nach derbäi. Packe mir dëse Challenge?

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten Bill & Melinda Gates Foundation, Black Rock, Coronavirus, Covid19, Donald Trump, EU-Kommissioun, Spendemarathon, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel