Search

You may also like

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Doudesdag vum Pop-Art Kënschtler Roy Lichtenstein

Ee vun de wichtegste Vertrieder vun der Pop-Art Bewegung, de

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!
Kultur Neiegkeeten

ALTIN GÜN – De 14. Februar an der Kulturfabrik!

Et ass türkesche Psychedelic Rock, zu deem een einfach wibbele

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht

Smells Like Teen Spirit misst hautdesdaags jiddwerengem bekannt sinn. De bekanntsten Album vun der amerikanescher Grunge-Band Nirvana koum den 24. September 1991 eraus.

1987 ass Band mam Kurt Cobain als Sänger entstane. Zwee Joer no der Grennung vun enger vun den erfollegräichste Gruppen aus den 90er Joer ass hiren éischten Album „Bleach“ op de Maart komm. Doropshi gouf eng Tour gestart, déi awer fréizäiteg beend misst gi wéinst Streidereien an dem Ausworf vun engem Bandmember.

Fir Nirvana huet et laang Zäit schlecht ausgesinn. D’Übung fir ze spillen huet gefeelt an sou richtege Succès hunn se net erlieft. Reicht mam Album „Nevermind“ an dem Lidd Smells Like Teen Spirit haten si 1991 hiren Duerchbroch.

Den Album geet an Charts an, gewënnt eng Rëtsch u Präisser a Schallplacken. Souguer de Michael Jackson gëtt mat sengem Album „Dangerous“ enttrount.

Trotz dem groussen Erfolleg war de Kurt Cobain ni wierklech glécklech. Verschidde Kliniken huet hie besicht fir vu senger Drogesucht ewech ze kommen, mee ouni Succès. Den 8 Abrëll 1994 gouf de Sänger dout a senger Garage fonnt. Hien huet sech mat enger Schroutflënt erschoss.

Mam Zitat „Et ass besser auszebrennen, wéi lues ze verblatzen“ beend hien säin Abschidsbréif. Alles wat dem Publikum bleift sinn déi aussergewéinlech Kläng vun enger legendärer Band.

Quellen:

Related topics Grunge, Kurt Cobain, Nevermind, Nirvana
Next post Previous post