Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!
International Neiegkeeten

De renovéierten INL: endlech ass et offiziell!

Mat vill Gedauschs ass e Freideg de renovéierten INL (Lëtzebuerger

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk
International Neiegkeeten

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk

Fir gesinn ze ginn, dierf een net zécken nei Weeër

surprise
Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach
International Neiegkeeten

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net

WhatsApp gëtt grousse Sécherheetsproblem zou!

WhatsApp gëtt grousse Sécherheetsproblem zou!

Wéi de Communicatiounsdéngscht WhatsApp elo zouginn huet, soll eng Sécherheetslück fonnt gi sinn, bei der Iwwerwaachungs-Softwaren op de Smartphones installéiert konnte ginn. Duerch een einfachen Appell iwwert d’Applikatioun konnt den Apparat infizéiert ginn. Duerch dës Schwaachstell ginn d’Notzer dozou opgeruff een Update zee maachen!

Hannert der technologescher Attack soll déi israelesch Firma NSO, déi iwweregens hire Sëtz am Grand-Duché huet, stiechen. Dobäi geet WhatsApp allerdéngs dovunner aus, datt just ausgewielt Notzer Ziel vum Ugrëff an d’Privatsphär gewiecht sinn dierften. A Groussbritannien hätt et beispillsweis een Affekot getraff, esou gëtt et „Financial Times“ ënnert Beruffung op Fuerscher vum Citizen Lab un der Universitéit zu Toronto un.

De Problem an der Sécherheet huet den Déngscht, dee mëttlerweil zu Facebook gehéiert, Ufank Mee entdeckt. A wéinegen Deeg konnte si de Feeler behiewen, wouduerch d’Notzer elo dozou opgeruff ginn, een neien Update ze maachen. Betraff sinn nämlech Smartphones vun all Typ a Mark.

WhatsApp

Bekannt ass d’Firma NSO virun allem fir d’Software mam Numm Pegasus, déi warscheinlech de Mikrofon an d’Kamera vum Handy aktivéiere kann, Daten zum Standuert sammelen an Messagen duerchsiche kann. De Grupp gëtt bei der „Financial Times“ un, datt si selwer dësen Outil net notzen, mee dem Geheimdéngscht zur Verfügung stellen.

Een Ugrëff géint d’Ëffentlechkeet

Laut der Action Solidaire Tiers Monde (ASTM) soll d’Spionage-Software an der ziviller Gesellschaft genotzt gi sinn. Dorënner sollen op mannst 24 Mënscherechtschützer, Journalisten, Parlamentarier aus Mexiko, een Ugestellten vun Amnesty International a weiderer gewiecht sinn. D’ASTM geet och dovun aus, datt den Jamal Khashoggi, saudi-arabesche Journalist, duerch d’Technologie vun der Entreprise NSO spionéiert gi sinn.

Hei stellt ee sech dann och d’Fro, op d’Firma duerch hire Sëtz vum Kierchbierg net och ënnert déi lëtzebuergesch Justizgewalt fällt!

Ähnlech Sujeten Facebook, Jamal Khashoggi, NSO, Sécherheet, Spionage, WhatsApp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel