Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De wirtschaftlechen Impakt vum Covid19
International Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Impakt vum Covid19

Nach sti mir virun der Wirtschaftskris, déi op déi sanitär

dislike
Frësch Loft fir däitsch Stied: De Wee fir den Diesel-Verbuet ass fräi!
International Neiegkeeten

Frësch Loft fir däitsch Stied: De Wee fir den Diesel-Verbuet ass fräi!

Dieselautoe kéinten deemnächst an däitsche Stied der Vergaangenheet ugehéieren. Déi

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
International Neiegkeeten

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

WHO fuerdert gerecht Verdeelung vun den Impfstoffer

WHO fuerdert gerecht Verdeelung vun den Impfstoffer

Am Kontext vun der Joresversammlung vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hu sech d‘Membere vun dëser Institutioun drop verstännegt, datt an sollt en Impfstoff géint de Coronavirus Covid19 fonnt ginn, dëse séier weltwäit a gerecht muss verdeelt ginn. Dat awer dierft wuel éischter ee fromme Wonsch bleiwen, well hei geet et ëm d‘Patent an d‘Rechter déi domadder verbonne sinn.

Dee Laboratoire wou de finalen Impfstoff entwéckelt, wäert Uspréch op de Wierkstoff wei och op d‘Hierstellungsverfaren erhiewen. A wien d‘Patent op den Impfstoff huet, kann – zumindest no de gültege Gesetzer – bestëmme wéi dat ze handhaben ass, respektiv wien zu wéi enge Konditiounen Zougrëff op den Impfstoff erhält. Wien d‘Musek bezilt dierf de Repertoire jo och bestëmmen…

WHOBeim Debat ronderëm méiglech Léisungen, hunn de Costa Rica an Chile d‘Propose ënnerbreet, an dësem Kontext ee Pool ze schaffen, an deem all d‘Patenter am zesummenhang mat Wierkstoffer géint de SARS-Cov2 (esou den offiziellen Numm vum Covid19), wéi d‘Hierstellungsverfare sollen zesummegefouert a verwalt ginn. Eng Iddi déi esou net verkéiert, awer och net ëmzesetzen ass.

Natierlech géif et Sënn maachen, am Kontext vun dëser Pandemie der Privatwirtschaft ze verbidden Exklusivrechter auszeüben, mee juristesch gëtt et dofir absolut keng Grondlag an déi betraffen Acteuren aus dem pharmazeutesche Secteur haten, hunn a wäerten ni dat grousst Geschäft aus dem Bléckfeld verléieren. D‘Pharmaindustrie huet keng sozial mee wirtschaftlech Verflichtungen.

Elo gouf de Virschlag ënnerbreet, datt d‘WHO soll zum Detenteur vum Patent ginn. Dat wier sécher innovativ a géif ganz nei Horizonter am Kontext vun de globaler Gesondheet erëffnen. Mee dat gëtt net vun alle Länner begréisst – besonnesch d‘USA an Indien gesinn dat kritesch – an vun der Pharmaindustrie heescht et, datt ee sech wäert zur Wier ze setze wëssen, sollt dru festgehale ginn.

WHODéi weisen drop hinn, datt géif et zu enger Entscheedung kommen, déi d‘Patent vun engem Labo am Déngscht vun engem Pharmakonzern géif a Fro stellen, dat wäitreechend Konsequenze fir d‘Fuerschung hätt. Kee Mënsch géif Milliounen a Fuerschung investéieren, wann net séchergestallt wier, datt et zu engem „Retour op den Investissement“ kënnt. Dat ass eng däitlech Annonce…

Wien dann elo géif unhuelen, datt et jo duerchaus méiglech ass, datt ee vun der ëffentlecher Hand finanzéierte Laboratoire den Impfstoff fënnt, an et do jo misst méiglech Sinn, d‘Patent opzemaache fir datt déi ganz Welt dovu profitéiere kann, wäert enttäuscht ginn. Natioune sinn, dat ass bekannt jo ëmmer emol den eegene Leit verflicht an hunn och ganz eegen aussepolitesch Interessen.

mat indymedia/gva

Ähnlech Sujeten Covid19, Impfstoff, Impfungen, Patenter, Pharmaindustrie, WHA73, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel