Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)
„Fir meng Fra a mech ass deen Dag natierlech ee
An erëm ass et esouwäit: all 5 Joer gi mir
D‘Regierung zu Lissabon wëll fir déi auslännesch Rentner, déi hire
De WHO-Generaldirekter Tedros Adhanom Ghebreyesus huet betount, datt an alle Länner d’Infirmièren/Infirmieren an Hiewanen d’Grondgerüst vun eisem Gesondheetssystem bilden. Mat liewensrettende Moossnamen, praktesche Rotschléi a vill Passioun gi si sech all Dag dem Liewen an Iwwerliewe vu Kanner, Erwuessenen an eelere Mënschen hin.
Fir déi 2 genannte Fleegeberuffer besonnesch ze stäerke gesäit d’WHO fir d’Memberstaaten eng global Strategie fir, duerch déi dëse Beräich weider entwéckelt a geschat gëtt, fir esou eng accessibel, akzeptabel, qualitativ héichwäerteg Basis fir all Infirmieren/Infirmièren an Hiewane bidden ze kënnen. Heibäi muss virun allem eng anstänneg Educatioun a kompetent Ausbildung, eng effektiv Strategie a Politik, sou wéi déi noutwenneg Minimiséierung vun de Kapassitéiten an dem Potential garantéiert ginn.
De Beobachtunge vun der WHO no hunn 2013 weltwäit 6,2 Milliounen Infirmieren/Infirmièren an Hiewanen aktiv an hirem Beruff geschafft. Bis 2030 gi ganzer 8,5 Millioune Persounen an dësem Secteur gebraucht. Rechent een hei nach d’Dokteren an anert Personal am Gesondheets- a Fleegeberäich dobäi, muss ee Wuesstem vun 32% erzilt ginn.
Am Dezember 2018 huet de Gesondheetsministère eng grouss Etüd organiséiert, bei där d’Besoine vun de Gesondheets- a Fleegeberuffer analyséiert sollte ginn. Ganzer 647 Professioneller an 129 Organismen hunn aktiv deelgeholl an esou Réckschlëss op d’Qualitéit an d’Quantitéit zu Lëtzebuerg ginn. Bei der grousser „Bestandsopnam“ konnte 17.595 Persoune gezielt ginn, déi an de Gesondheetsberuffer schaffen, wouvunner der 15.062 an der Fleeg schaffen.
Opdeelung vun den eenzele Gesonheets- a Fleegeberuffer. MD steet fir d’Zänndokteren, MG fir d’Generalisten an MS fir Spezialisten (Etats des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg, 2019)
Geheie mir ee Bléck op d’Infirmieren/Infirmièren an Hiewanen, esou gesinn d’Zuele folgendermoossen aus. Ganzer 6.214 (41,26%) vun de Persounen aus dem Fleegeberäich sinn Infirmieren/Infirmièren. Bei den Hiewane komme mir op 234 (1,55%) Persounen. Dobäi geet een an der Etüd dovunner aus, datt am Zäitraum tëscht 2019 an 2034 ganzer 2.621 Infirmieren/Infirmièren an 81 Hiewanen zu Lëtzebuerg duerch d’Pensioun oder aner Grënn mat Schaffen ophalen.
Opdeelung vun de Fleegeberuffer 2019 (Etats des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg, 2019)
Generell huet de Groussherzogtum ee gudde Gesondheetszoustand virzeweisen. D’Qualitéit, vun där mir all momentan profitéieren, kann allerdéngs just duerch d’Hëllef vun auslänneschem Personal oprecht erhale ginn. An de Spideeler ginn am Ganzen 62,95% un Personal gezielt, déi keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Dobäi ass et den ChdN, deen déi gréisst Proportioun u Lëtzebuerger Professionellen opweise kann (Etats des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg, 2019).
Kuckt een d’Opdeelung vun den Nationalitéiten am ganze Gesondheets- a Fleegesecteur, esou ziele mir virun allem 42% u Lëtzebuerger, 24% u Fransousen, 11% u Belsch an 18% un Däitschen.
Opdeelung vun den Nationalitéiten bei de Fleegeberuffer (Etats des lieux des professions médicales et des professions de santé au Luxembourg, 2019)
Och wann et aktuell fir de Groussherzogtum net schlecht ausgesäit, esou kann et an den nächsten 10 Joer zu enger Penurie kommen, wouduerch och d’Qualitéit erofgeet. Fir dem Zil vun der Weltgesondheetsorganisatioun an den eegene Besoine gerecht ze ginn, mussen déi natierlech Departe mat Zäiten ausgeglach ginn. Och de Wuesstem an der Bevëlkerung muss mat Bléck op d’Zukunft respektéiert an agerechent ginn.