Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
International Neiegkeeten

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen
International Neiegkeeten

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass

Elo hu mir och e Recht drop „Vergiess“ ze ginn
International Neiegkeeten

Elo hu mir och e Recht drop „Vergiess“ ze ginn

No eise belschen a franséischen Noperen, hunn och mir Lëtzebuerger

WHO Joresversammlung: Kriteschen Ëmgang mam Covid19

Experte proposéieren eng Revisioun vun de Virschrëften an déi europäesch Unioun verlaangt eng onofhängeg Enquête vum organisatoreschen Ëmgang mat der Pandemie

WHO Joresversammlung: Kriteschen Ëmgang mam Covid19

D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet beim Optakt vun der 73. Joresversammlung wësse gelooss, datt eng onofhängeg Enquête zum Ëmgang mat der Covid19-Pandemie virgesinn ass, a gouf an dësem Bestriewe vu China ënnerstëtzt. De Generaldirekter Tedros Adhanom Ghebreyesus huet am Kontext vun dëser virtueller Sëtzung ëm Ënnerstëtzung vun der EU-Resolutioun gebueden.

A senger Usprooch huet den Tedros Adhanom Ghebreyesus nach emol ënnerstrach: „Mir kënnen alleguerte Léieren aus dëser Pandemie zéien. All Land an all Organisatioun muss seng Reaktiounen iwwerpréiwen an aus de gewonnen Erfarunge léieren“. De Resolutiounsentworf vun den Europäer gëtt vun 116 (vun den insgesamt 194 Memberlänner) ënnerstëtzt. D‘USA gehéieren net derzou.

Säitens dem onofhängegem Gremium, deen den Optrag huet d‘Aarbecht vun der WHO bei esou Noutlagen ze iwwerwaachen, huet et an engem éischte Bericht d‘Fuerderung ginn, de Volet Grenz- an Reesempfeelungen ze iwwerschaffen. De Gremium fuerdert zudeem eng Revisioun vum System zur Erklärung vun der „gesondheetlecher Noutlag vun internationalem Ausmooss“.

De System nei opstellen

Si hu festgestallt, datt ganz vill Länner net der Warnung entspriechend mat Virbereedunge reagéiert hunn, a proposéieren d‘Aféierung vun engem Warnsystem mat verschiddene Stufen. Feelend Rees-Warnunge sinn dann och ee vun de ville Kritikpunkten déi d‘USA géintiwwer der WHO erhiewen. Esou behaapt sech den Donald Trump drop, datt oppe Grenzen zur Verbreedung bäigedroen hunn.

Den US-President, deen der Weltgesondheetsorganisatioun ënnerstellt am Déngscht vu Peking an der kommunistescher Partei ze stoen, huet bekanntlech ugeuerdent, datt keng Beiträg méi un dës Organisatioun iwwerwise ginn an Ermëttlungen an d‘Wee geleet, déi d‘Feeler vun der WHO beim Ëmgang mat der Pandemie oppe leeë sollen. Zum Optakt haten sech d‘USA awer zréckgehalen.

Eréischt nodeems d‘Staats- a Regierungscheffen aus China, Däitschland an aneren Natiounen hir Riede gehalen haten, huet sech den US-Ausseminister Mike Pompeo aus Washington zu Wuert gemellt an nees eng Attack géint Peking geridden: „China huet d‘Pandemie manipuléiert“. Den US-Gesondheetsminister Alex Azar huet wëll festgestallt hunn datt d‘WHO versot huet.

Zesumme wier et méi einfach

Fir den UN-Generalsekretär Antonio Guterres ass d‘Pandemie déi gréissten Erausfuerderung vun der Neizäit. Hien huet op den Ëmgang an déi ënnerschiddlech Mesuren higewisen, déi d‘Länner ergraff hunn: „Vill Länner hunn ënnerschiddlech a ganz widderspréchlech Strategie verfollegt a mir bezuelen elo en héije Präis dofir“. Hien huet och de Mangel un „Eenheet“ schaarf denoncéiert.

D‘Empfeelunge vun der WHO ze ignoréieren a gläichzäiteg den Ëmgang mat der Pandemie ze verurteelen, wier de falsche Wee. Mee och den UN-Generalsekretär setzt sech fir eng Enquête an. Dat wier noutwenneg fir d‘Urspréng vun der sanitärer Kris nozevollzéien. A wann dat och wichteg ass, esou misst d‘Welt sech elo virrangeg drëms këmmeren, de Coronavirus opzehalen.

Entweder mir kommen zesummen duerch dës Pandemie oder mir versoen zesummen“, esou den Antonio Guterres, deen an dësem Zesummenhang op d‘Scheitere vun der Kooperatioun géintiwwer der Klimakris higewisen huet. Et wier héich Zäit d‘Arroganz op d‘Säit ze leeën an nees Humanitéit ze weisen. Solidaritéit a Wierder paken, ouni dann Eenheet ze liewen, ka kee Léisungsusaz sinn.

China an der Defensiv

De chinesesche Leader Xi Jinping huet sech nees de Virwërf aus Washington misse stellen an weist nach emol drop hin, datt China mat „Oppenheet an Transparenz“ op den Ausbroch reagéiert hätt an déi international Gemeinschaft zäiteg informéiert gi wier. Datt d‘USA der chinesescher Regierung géifen ënnerstellen, alles hätte vertuschen ze wëllen, géif den Tatsaachen net Rechnung droen.

Hien huet dann och nach emol betount, datt sollt et China als éischt geléngen en Impfstoff géint de Covid19 ze fannen, dësen als „Besëtz vun der Weltbevëlkerung“ ze bewäerten ass. China huet sech verflicht 2 Milliarden US-Dollar fir de Kampf géint de Virus bereetzestellen, an dat fir déi nächst 2 Joer. Och Peking huet sech fir eng onofhängeg Enquête zum Ëmgang mat der Kris ausgeschwat.

De WHO Regionaldirekter fir Europa, Hans Kluge, huet sengersäits der EU a senge Memberlänner geroden sech elo schonn op eng zweet Well anzestellen. Et wier d‘Zäit vun der Virbereedung an net d‘Zäit vun de Feierlechkeeten, esou den Hans Kluge, deen eppes Zréckhalung bei de Lackerunge fuerdert. Et sollt een d‘Rou notzen de Gesondheetssecteur ze stäerken an Kapazitéiten ausbauen.

mat indymedia/gva

Illustratioun; © Noah / unsplash

 

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Joresversammlung, WHA73, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel