Search

You may also like

De Buttek: do fir déi Äermst am räiche Land
International Neiegkeeten

De Buttek: do fir déi Äermst am räiche Land

Eng gemeinsam Initiativ vun der Caritas an dem Roude Kräiz,

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
International Neiegkeeten

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

WHS: Op der Sich nom Vaccin

WHS: Op der Sich nom Vaccin

Zum Optakt vum Weltgesondheetssommet (WHS-2020) hunn den UN-Generalsekretär Antonio Guterres an den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, d‘Weltgemeinschaft opgeruff besser zesummenzeschaffen, fir der Covid19-Pandemie Här ze ginn. Den Appell riicht sech dann erwisenermoossen emol als éischt un d‘USA an d‘Trump-Administratioun.

Et sollt een unhuelen, datt unhand den Erkenntnisser aus de leschte 6 bis 7 Méint, och deem leschte Kommunalpolitiker op dëser Welt sollt verständlech sinn, datt et ouni eng eescht gemengten a fir jiddereen novollzéibar Kooperatioun, keen Enn vun der Coronaviruskris ka ginn. An sengem Video, huet den ëmstriddene Bundespresident sech emol nees vu senger besserer Säit gewisen a statuéiert:

„Keen ass virum Covid19 sécher, bis net jiddereen do virdru sécher ass“, esou de Frank-Walter Steinmeier. De vermeintleche Sozialist huet betount, datt et nëmme méiglech ass, dësem Problem Här ze gi wann een zesummeschafft. „Am Geescht vum Impfnationalismus“ wier dës Kris also kaum ze iwwerwannen. Woubäi och hie weess, wéi eng Muecht esou ee Vaccin ka vermëttelen.

WHS©WHS2020

Et ass kee Geheimnis, datt déi Natiounen, déi nach Goss hunn (oder wéinstens nach geléint kréien) sech scho virun der Zouloossung vum Vaccin, bei wierklech all méiglechen/potentiellen Hiersteller Virbestellunge vir Milliounen Dose gemaach hunn. Dat ass verständlech, well d‘Regierunge sinn jo streng geholl, ëmmer emol der eegener Bevëlkerung verflicht. Esou zumindest d‘Theorie…

An der Praxis ass dat éischter eppes anescht gelagert, firwat et erlaabt ass verständlech ze maachen, datt esou eng fréizäiteg Impfstoff-Ofsécherung – gëllt och fir Lëtzebuerg – nëmmen zum Nodeel vun aneren ze leeschten ass. Egoismus a ganz perséinlech Interessen, sinn am Kontext vun dëser Pandemie wuel feel un der Plaz, firwat dem däitsche Bundespresident säin Appell interessant ass.

Covax sollt gestäipt ginn

Dem Frank-Walter Steinmeier kéim et ganz geleeën, wann sech déi ganz Welt hannert déi vun der WHO gestëtzten Impfinitiativ Covax stellen, woubäi datt nees entgéint vill perséinlech Interesse vu Staats- a Regierungscheffe geet. Déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gedroen Initiativ, setzt sech jo fir eng fair Verdeelung vun de Mëttel och un eppes mä aarm Länner an.

Wann et evident ass, datt de Virus weder Grenzen nach sozial Statute respektéiert, sollt ee mengen, datt allen de Begrëff „Weltgemeinschaft“ och vun der Definitioun hir verständlech ginn ass. Dat ass leider net de Fall, an mat esou Spréch wéi „America First“, ass de Problem wuel kaum ze léisen, de Fall gesat, dat wier dat eigentlech erkläerten Zil vun der internationaler Communautéit.

WHS©WHS2020

Am Fokus vum Bundespresident senger Ried, stoungen dann d‘Amerikaner. Den Donald Trump huet jo d‘WHO-Memberskaart vun den USA stornéiert, firwat déi dann och net un der Initiativ „Covax“ bedeelegt sinn. Washington huet – ouni dat offiziell verlautbaart ze hunn – souwisou net wëlles, Länner den Impfstoff ze ginn, déi net politesch op der Linn vun den US-Interesse stinn.

Fir den UN-Generalsekretär Antonio Guterres ass et ëmmer nees ee Spadséiergank op réien Eeër, soll hie jo méiglechst all d‘Natiounen zesummeféieren an eppes wéi ee Konsens erzilen. Op et dann awer domadder gedoen ass, der Welt wëllen ze erklären, datt d‘Covid19-Pandemie déi gréissten zäitgenëssesch Kris ass? Wuel kaum, steet dach dës sanitär Kris wäit hannert der Klimakris…

Krisen hierarchesch zouuerdnen

Richteg ass dann awer, datt – de Fall gesat dat Onméiglecht wier ze bewierkstellegen – wann déi vill Politiker sech kéinten derzou duerchréngen, an sech dann och nach eventuell ënnert Ëmstänn den Erkenntnisser vun der Wëssenschaft géifen unhuelen, et tatsächlech méiglech erschéngt, datt d‘Pandemie ze iwwerwannen ass. Leider ass den Ament éischter de Géigendeel d‘Grondlag.

De WHO-Generaldirekter Tedros Adhanom Ghebreyesus – dee laut Donald Trump de Serviteur vun der chinesescher Regierung ass, a vun den Amerikaner mindestens esouvill Schold un der Kris zougewise kritt – huet gëschter midd geklongen. Säin Appell zur Zesummenaarbecht, wuel nach ëmmer ganz gemengt, schéngt verblatzt, ausgewäsch… Dat sollt eis roueg eppes beonrouegen.

WHS©WHS2020

Méi aläert, mee leider wéineg vertrauenswierdeg, d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen. Dës Fra steet un der Spëtzt vun enger Staategemeinschaft, déi sech entscheet huet op déi eegen erkläerter Wäerter ze verzichten, an huet offensichtlech keng Gewëssensbëss Mënschen am Mëttelmier ofsaufen ze loossen. Si fuerdert ganz am Eescht ee „globale Gesondheetsvertrag“.

Wien awer net emol an der Lag ass, déi eege Memberen derzou unzehalen, sech u bestoend Reegele bannent der Unioun ze halen; wiem seng eege politesch Famill Autokraten a Faschisten ënnerstëtzt, sollt sech mat Fuerderungen, déi vun den eegene Leit verworf ginn, zeréckhalen. Et ass mam WHS, wéi de Klimasommeten, déi wierklech Léisungen – do jo och proposéiert ginn – well keen…

mat indymedia/ber/nyc/gva

All d‘Fotoen: De WHS (World Health Summit) sollt ursprénglech zu Berlin mat eppes ëm déi 2.000 Participanten ausgedroe ginn. Wéinst „Covid“ fënnt de Sommet awer elo exklusiv am virtuelle Raum statt. Datt ass wuel gutt fir de Klima, mee de Secteur vun der Hotellerie a gewëss och déi vill Bedreiwer vun Houerebuden dierften enttäuscht sinn. Déi haten sech maximalen Ëmsaz erhofft. © WHS2020

Related topics Antonio Guterres, Covid19-Impfstoff, Frank-Wallter Steinmeier, Impfstoff, Tedros Adhanom Ghebreyesus, Ursula von der Leyen, Weltgesondheetssommet, WHS
Next post Previous post