Search

You may also like

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement
Neiegkeeten

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement

Konfrontéiert mat der Krise am Logement, déi sech an der

Audienz am Palais mam fréieren an neie Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi
Neiegkeeten

Audienz am Palais mam fréieren an neie Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi

S.A.R. de Groussherzogi Henri huet gëschter am Palais de Generol

Erneierung vum Kollektivvertrag mat John Zink International
Neiegkeeten

Erneierung vum Kollektivvertrag mat John Zink International

Um 28. Mee 2020 hunn den LCGB an den OGBL

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen

Et ass jo net esou datt d‘Leit net Bescheed wéissten, an awer gëtt et der nach ëmmer déi et partout net wëllen agesinn: Alkohol an Drogen hunn hannert dem Steier näischt verluer! Déi vum Parquet ordonnéiert Alkoholkontrolle ginn zudeem ëmmer korrekt ugekënnegt…

An der Nuecht vu Samschdes op Sonndes war et dann nees esouwäit: op Uerder vum Procureur gouf et nees eng Rei Kontrollen am Land a leider war déi nees zimlech „erfollegräich“. Esou zu Nidderkuer an zu Esch-Uelzecht, wou 113 Automobilisten hunn dierfe „blosen“. Néng Mol war d‘Prouf positiv, wat zu siwe Protokoller an zwou taxéiert Verwarnunge gefouert huet. Véier mol gouf de Führerschäin op der Plaz agezunn.

Schonn e Freideg haten d‘Zankerten am Norde vum Land kontrolléiert: Esou zu Ëlwen, Klierf a Wäisswampech tëscht 18 an 22.30 Auer. Esou och an der Stad (Lonkecher-Strooss an Eecher Bierg) an zu Hesper (Diddenuewener-Strooss). Laut den Autoritéiten, goufen hei insgesamt 848 Persoune kontrolléiert. An néng Fäll war den Test positiv, et goufen néng Protokoller an zwou taxéiert Verwarnungen ausgeschwat, dräi Führerschäin hu missen entwäert ginn.

Foto: Wie sech virhëlt op den Tour ze goen, sollt sech eeschthaft iwwerleeën, ob den ëffentlechen Transport, den Night Rider oder méiglecherweis net den Taxi, déi besser alternativ sinn, wann ee sech en onbekëmmerten Owend maache wëll… © Greg Rosenke / unsplash

Related topics Alkoholkontroll, Führerschäin, Parquet, Police, Procureur, Zankerten
Next post Previous post