Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Barcelona gedenkt sengen Affer
Meenung

Barcelona gedenkt sengen Affer

D‘Autoritéiten hate gehofft um Méindeg d‘Identitéit vun de Membere vu

angry
Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?
Meenung

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?

E Méindeg huet déi franséisch Justiz geuerteelt, datt d‘Beschlagnamung vun

Wéi gutt kenns du d’EU?
Meenung

Wéi gutt kenns du d’EU?

D’europäesch Unioun ass zwar all Dag an den Noriichte present,

Editorial: Wie Wahlplakater zerstéiert ass geféierlech domm

Editorial: Wie Wahlplakater zerstéiert ass geféierlech domm

Säit haut de Moien ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahlen offiziell agelaut ginn, och wa schonn déi lescht Woch eise Stroossen eppes méi faarweg gi sinn. Op „Zesummen“ oder mat engem „Plang fir Lëtzebuerg“. Vun de Luuchtepottoen, an op grousse Plakater erlaanscht de Stroossen a Weeër kucken se eis un, déi Kandidaten déi sech vun eis e Mandat fir d‘Chamber wënschen.

Dat gefält net jidderengem, an dat muss et och net. Et och déi, déi nëmmen „hir“ Plakater wëlle gesinn, an et gëtt esouguer, déi hunn sech esou vun der Politik distanzéiert, datt se net emol ee vun de Kandidate kennen. Mat anere Wierder: u Politik ass een net interesséiert. Et geet eis also gutt. Näischt wouriwwer ee sech beschwéiere misst. Soss géif ee sech jo engagéieren dat ze änneren.

Elo dinn ech zou, datt ech wéineg Versteesdemech hu fir Leit, déi der Usiicht sinn, do misst een net „matmaachen“, well déi Déckkäpp sech jo souwisou eens sinn, an déi eenzel Stëmm näischt Wäert ass. Jidderengem ass iwwerlooss, wéi hien sech géintiwwer de Politik opstellt, esou laang wéi den demokratesche Prozess respektéiert gëtt. Wien dëse mat Féiss trëppelt ass Verfassungsfeindlech.

Wéi gesot, et muss ee mat näischt averstane sinn, jo et muss een net emol den Hënneschten aus dem Bett hiewen a Wiele goen, well och wann et e Gesetz gëtt datt een zum Wiele verflicht, et ass net bekannt, datt schonn emol een e Protokoll kritt hätt. Erstaunlech ass, datt déi grouss Majoritéit déi sech esou behuelen, och déi sinn, wou stänneg um knoutere sinn, datt d‘Politik si am Stach léisst.

An hei gëtt et dann och eng gewëssen Zort Mënschen, deene geet et wäit genuch an de sozialen Netzwierker der Welt hir Dommheet ze weisen, nee si mussen et op de Punkt bréngen. Esou gesinn u Plakater vun der ADR, déi schlicht an ergräifend zerstéiert goufen. E Geste deen ech als domm a geféierlech betruechten, net well ech Member beim ADR gi wier, mee well et ondemokratesch ass.

Kee Mënsch, och net beim ADR, zwéngt iech äert Kräiz anzwousch ze maache wou dir net wëllt. Keng Partei léist iech „ofhuelen“ fir un enger Wahlveranstaltung deel ze huelen. Dat eenzegt wou dir e puer Woche laang muss erdroen, sinn eben déi Plakater, an deen een oder anere „Spot“ op der Tëlee oder am Radio. Net wierklech e Grond aus der Haut ze fueren, an alles vreckt ze schloen.

De Schued deen ee mat esou enger Aktioun uriicht, ass dann och net vu finanzieller Relevanz. Hei geet et direkt a frontal géint eis demokratesch Wäerter an déi politesch Meenungsfräiheet. Domatter verstoussen déi Klatzkäpp, déi (wéi op eisem Bild ersiichtlech) géint eis Verfassung, an outen sech als Géigner vun der Demokratie. Esou e Geste ass net ze toleréieren, esou e Geste ass asozial.

Foto: courtesy Roy Reding, Kandidat op der ADR-Lëscht

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, Demokratie, Wahlplakater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel