Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Gebuert vum Fransous Yves Rocher
alaskan bush family dating frisk dating sans

https://moien.lu/harsh-dating-in-the-dark/

Alles Guddes Här Rocher! Haut hätt de gudde Mann, dee

speed dating gay amsterdam
alaskan bush family dating frisk dating sans

Sécher ënnerwee?

Och dëst Joer bedeelegt sech den ACL nees un der

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!
alaskan bush family dating frisk dating sans

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt

Nom Tornado: Eng Regioun behandelt seng Wonnen – D‘Solidaritéit ass gefuerdert

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Den Tornado huet de Kamäin op een Zoch an de Virgaart befërdert. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Wou een och higekuckt huet, iwwerall Zerstéierung… Der Naturgewalt ass de Mënsch nach net gewuess. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
D‘Autoe goufe vum Tornado einfach anenanergedréckt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
D‘Haiserzeil géintiwwer dem Supermarché op der Biff ass ganz schwéier beschiedegt ginn. Wéini d‘Leit nees an hir Haiser dierfen, datt konnt de Moie kee mat Sécherheet soen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Fir ze verhënneren datt déi ugekënnegt Wandstéiss vun de Mëtten net nach méi Schued uriichten, mussen d‘Pompjeeën d‘Diecher securiséieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
D‘Wandrichtung huet sech un d‘Verkéiersschëlter gehalen.© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Och de Käerjenger Futtballterrain ass béis a Matleedschaft geholl ginn. An engem Mount soll hei de „Wibbel an Dribbel“ ausgedroe ginn. Ob si dofir Hänn genuch hunn? © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
En zolitte Potto… ëmgeknéckt wéi e Fixspoun. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Mat enger schlecht befestegter Baasch ass kengem gehollef. Et kann een net oft genuch widderhuelen, datt ee sech muss a Gedold faassen an de Profien esou Aufgaben muss iwwerloossen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
De klenge Park zu Käerjeng huet säi ganze Bambestand verluer. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Schierbele bréngen eben net ëmmer Gléck, an hei an der Lëtzebuerger Strooss zu Käerjeng ass de Schued nach verhältnesméisseg iwwerbléckbar. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Groussasaz fir d‘Daachdecker… eigentlech wieren déi elo am Kollektivcongé. Gutt datt si nach net all an der Vakanz waren a motivéiert un d‘Saach eruginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Am CIS Käerjeng gouf et um Samschdegmueren emol eng Taass Kaffi an e Bréitchen. Eis Pompjeeë ginn dann och Turnusméisseg ausgewiesselt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Aus dem ganze Land waren d‘Pompjeeën am Asaz. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Et gëtt kaum en Haus an der Schneis vum Tornado dat verschount bliwwe wier. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Op Bam oder Luuchtepotto, den Tornado huet sech net mat Detailer ofginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
D‘Kulturhaus „Käerjenger Treff“ huet och zolidd gelidden. Iwwert dat finanziellt Ausmooss vum Schued kann ee sech den Ament wierklech net äusseren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat sech gëschter iwwer Péiteng a Käerjeng ausgelooss huet, dat hätt kee gebraucht. Et war e regelrechten Tornado dee sech aus dem Loutrengeschen aus opgebaut hat. Eng 110 Haiser sinn onbewunnbar, an de mënschleche Bilan ass leider héich. D‘Prioritéit um Samschdeg: Securiséieren an de gréissten Dreck raumen…

onberechenbar

(v.l.n.r.) Alain Becker, Pierre Melina, Fränk Pirotte, Paul Schroeder, Dan Kersch, Guy Bley an Tom Didlinger. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei der Pressekonferenz um Samschdegmueren, déi am zolidd a Matleedschaft gezunne Käerjenger Treff stattfonnt huet, war et dem Minister Dan Kersch als éischt emol wichteg allen Asazkräften, wéi och deene ville Mënschen déi direkt hir Hëllef ugebueden hunn, e grousse Merci auszedrécken. D‘Gemenge wieren hirer Missioun gerecht ginn an de System hätt a géif funktionéieren.

Wéinst dem Ëmfang vum Schued ass de Katastrophenzeenario „Plan Intempéries“ ausgeruff ginn, wat implizéiert, datt de Premierminister an d‘Inneministesch hei d‘Verantwortung hunn. De Xavier Bettel an d‘Taina Bofferding hunn hir respektiv Vakanzen ofgebrach a sollen sech nach haut op der Plaz en eegent Bild vun der Situatioun maachen, esou den Dan Kersch haut de Moien.

De Minister huet dann nach emol confirméiert, datt kuerz no der Katastroph eng 200 Pompjeeën a ronn 40 Polizisten am Asaz waren. „Et huet sech bewäert, datt mir de CGDIS zu engem unifiéierte Corps gemaach hunn“, sot den Dan Kersch mat engem Bléck op d‘Kommandoslinn. Haut sinn dann och eng 50 Zaldoten op Péiteng a Käerjeng ofkommandéiert ginn. All Hand géif gebraucht…

Eng hefteg a leider nach provisoresch Bilanz

Fir de Minister war et wichteg drop hinzeweisen, datt de mënschleche Bilan „héich“ ass. Datt mat 19 Persounen déi onmëttelbar oder indirekt duerch den Tornado zu Schued komm sinn. Fir 17 Leit wier et eenegermoosse gutt gaangen, déi wieren nëmme liicht blesséiert ginn an hätte schonn nees dierfen d‘Spidol verloossen. Een Awunner wier eppes méi uerg verletzt ginn a gëtt nach behandelt.

onberechenbar

© Martine de Lagardère/moien.lu

Eng weider Persoun, déi duerch d‘Onwieder en Häerzinfarkt gemaach huet, ass och nach am Spidol an et muss ëm hiert Liewe gefaart ginn. De (provisoresche) materielle Bilan léisst et engem och kal de Réck eroflafen. Bis ewell schéngt erwisen, datt eng 110 Haiser onbewunnbar sinn. Dat trëfft op d‘Haiser zou, déi géinteniwwer dem Cactus geleeë sinn. Hei huet d‘Onwieder d‘Diech matgeholl.

Den Dan Kersch huet bestätegt, datt nach an der Nuecht bal all Handwierksbetrib kontaktéiert ginn ass, hei natierlech als éischt d‘Daachdecker. Och den Ordre des Architectes (OAI) ass ugeruff ginn. Si hunn déi Experten, déi feststelle kënnen ob en Haus nees de Bewunner zougänglech ka gemaach ginn oder ob Gefor fir Léif a Séil besteet. Do heescht elo eppes Gedold hunn, Sécherheet geet vir.

Et muss ee sech Prioritéite setzen

Datt et wichteg ass, esou effizient an effikass wéi nëmme méiglech ze agéieren, bréngt mat sech, datt ee muss Prioritéite setzen, och wann dat net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Ee vun den aktuell gréisste Problemer stellen déi ëmgeknéckte Stroummasten duer. Net wéinst dem Stroum, dee gouf ofgeschalt. Et si villméi d‘Leitunge selwer, déi op den Diecher an um Buedem leien, gemengt.

onberechenbar

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et mussen an dësem Zesummenhang nach eng rei Stroosse gespaart bleiwen an och d‘Geschäfter an der Lëtzebuerger Strooss bleiwen aus dësem Grond zou. De Minister huet verséchert datt d‘SOTEL nach versicht der Situatioun haut Här ze ginn. Mee déi Aarbechter mussen op hir Sécherheet uecht doen, an de Fall gesat de Sonndeg géif och nach gebraucht, sollt ee Versteesdemech fir si hunn.

Véier Pilieren hunn dem Tornado net Stand gehalen, firwat ab Rondpoint Biff bis bei d‘Brauerei d‘Strooss nach gespaart bleift. Och de CR111 ab Rondpoint Lénger a Richtung Péiteng muss fir d‘Aarbechten un der Héichspannung gespaart bleiwen. Wien net an d‘Géigend muss, soll de Raum Käerjeng/Péiteng wäitraimeg ëmfueren. A wann de Virwëtz och nach esou grouss ass, bleift ewech.

Verantwortlech handelen, Solidaritéit fërderen

Wann ee wuertwiertlech keen Daach méi iwwer dem Kapp huet, ass ee Frou Famill a Frënn ze hunn déi engem hiren ubidden. Dat geet natierlech net ëmmer an hei sprangen dann d‘Gemengen an. A béide Gemengen hu 60 Persoune misse relogéiert ginn (20 zu Péiteng a 40 zu Käerjeng). Et ass och wichteg, esou de Minister, alles ze maache fir un déi leit ze kommen déi an der Vakanz sinn.

onberechenbar

© Martine de Lagardère/moien.lu

Besonnesch do wou de Schued richteg Grouss ass, ass et wichteg Kontakt mat de leit opzehuelen. Hei huet den Dan Kersch awer och bestätegt, datt vill Leit vun hire Noperen informéiert goufen. Elo ginn dann natierlech op d‘Opraumaarbechte weider. Wat presséiert a wéi hei virgaange gëtt, dofir gëtt et e Coordinateur, an och deen huet nëmmen zwou Hänn. Rou beworen ass déi bescht Léisung.

Als klengen Hiweis fir all déi „komesch Gesellen“ déi sech d‘Katastroph zu Notze wéilte maachen, hei e gutt gemengte Rot: „Loosst et bleiwen!“. D‘Police bleift op der Plaz an huet uerder ganz haart duerchzegräifen, sollt engem de Gedanke kommen sech eppes uneegnen ze wëlle wat engem net gehéiert. Och „Gaffer“ sinn hei net gäre gesinn, fir Voyeurismus huet kee Versteesdemech.

Net oniwwerluecht handelen, d‘Nerve behalen

Jiddereen um laangen Dësch mam Minister kann novollzéien, datt ee säin Eegentum schützen a séchere wëll. Si maachen awer eestëmmeg en Appell un d‘Leit, net oniwwerluecht ze handelen. „Kee Mënsch sollt sech onnéideg a Gefor bréngen. Et gëtt keen am Ree stoe gelooss, dofir loosst iech vun den Experten hëllefen“, esou den Dan Kersch. An déi sinn och do a voll am Asaz.

onberechenbar

© Martine de Lagardère/moien.lu

De Péitenger Buergermeeschter Pierre Melina huet sengersäits d‘Solidaritéit tëscht den Awunner an déi gutt Zesummenaarbecht vun allen Acteure begréisst. 50 Gemengenaarbechter wieren do fir de Leit zur Hand ze goen an och den ëffentleche Raum ze sécheren, respektiv ze raumen. Am Numm vum Schäfferot gouf den Asazkräften e grousse Merci gesot an den Affer d‘Matgefill ausgedréckt.

Fir Käerjeng huet de Schäffe Fränk Pirotte geschwat, an deem ass et siichtlech schwéier gefall ze bestätegen, datt d‘Haiserzeil géintiwwer dem Supermarché uerg getraff ginn ass an d‘Leit hei den Ament net wunne kënnen. D‘Bewunner sinn awer a Sécherheet an hunn och en Daach iwwert dem Kapp. Et hunn sech dann och ewell Proprietaire gemellt, déi nach Wunnraum bereet stelle kënnen.

Et bestinn nach Geforen, dofir gitt uecht

Wa mam Tornado dat schlëmmst schéngt iwwerstanen ze sinn, esou ass fir de Nomëtteg nach Wand mat Spëtze bis 60 Km/H gemellt, firwat nach vill Gefore bestinn. Aus dësem Grond riicht de Minister en Appell un d‘Leit, sech aus de Geforenzonen erauszehalen an den Uweisunge vun de Pompjeeën an der Police nozekommen. Et huet genuch Leed ginn a Sécherheet geet ëmmer vir.

onberechenbar

© Martine de Lagardère/moien.lu

Haut den Owend setzt sech d‘Regierung zesumme a wäert dann och iwwer weider Moossnamen an Schrëtt beroden. Den Direkter vum CGDIS, Paul Schroeder, huet dann och nach emol d‘Prioritéiten ernimmt: dat sinn d‘Héichspannungsleitunge mat de Pilieren, d‘Kontroll vun den Haiser an d‘Sécherung vun den Diecher. Parallel dozou sinn Equippe mat den Opraumaarbechte beschäftegt.

Wien elo fäert wéinst dem Kollektivcongé net gehollef ze kréien, deem sief gesot, datt an dësem Fall d‘Urgence net méi muss betount ginn. Wann elo och kee Patron seng Mataarbechter zwénge kann d‘Vakanz ofzebriechen, esou hunn sech vill Entreprisen direkt bereet erkläert ze hëllefen, a wien net „fort“ ass, dat konnte mir mat eegenen Ae gesinn, ass do wou hie gebraucht gëtt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cellule de Crise, CGDIS, Käerjeng, Péiteng, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel