Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten
International Neiegkeeten

hook up 4 monitors

An de Bicherbuttek ze goe, kann ee richteg erschloen. Honnerte

hook up maiden
International Neiegkeeten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
International Neiegkeeten

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“

E Samschdeg huet den US-President d‘Amerikaner gewarnt, datt am Fall vun enger Wahl-Victoire vun den Demokrate bei de „Midterm Elections“, de Sozialismus an den USA begënschtegt, an den Zoustroum vu kriminelle Banden aus Südamerika beschleunegt gëtt. Esou dem Donald Trump säi finaalt Argument an der Wahlcampagne, mat deem hien déi republikanesch Majoritéit rette wëll.

„Si wäerten de Sozialismus a Florida imposéieren. Wëllkomm am Venezuela“, huet de Milliardär e Samschdeg zu Pensacola de Massen entgéint gebläert. Den US-President hat sech dem Meeting a Florida ugeschloss, fir de republikanesche Kandidate fir de Senat an d‘Gouverneursmandat (Rick Scott an Ron de Santis) de Réck ze stäipen. En Optrëtt ganz am Sënn vum enger Tëleerealitéit-Star.

De Meeting vu Pensacola ass um Fluchhafen ofgehale ginn, esou datt de Presidentefliger „Air Force One“ en impressionnanten Hannergrond duergestallt huet. Wéi de Fliger, sollt sech och den Donald Trump bei de Wahl-Meetingen am „Hannergrond“ vu de Kandidaten ophalen. Woubäi dat net senge Fans gerecht gëtt, déi dës Meetingen aus engem eenzege Grond besichen, den US-President gesinn.

Niddrege Chômage a lieweg Konjunktur

Bei all Etapp, lueft de republikanesche Milliardär déi „wonnerprächteg“ Aarbechtslosenzuelen an d‘Steierreform aus dem Dezember 2017, fir dann op eng apokalyptesch Beschreiwung vun der „demokratescher“ Migratiounspolitik ze kommen. D‘Demokraten, esou den Donald Trump, wëllen d‘Grenze verwëschen, an déi illegal Awanderer virun den amerikanesche Bierger stellen.

„De Immigratioun-Programm vun den Demokrate besteet doranner, den Drogen- a Mënschenhandel wéi och kriminell Karteller an d‘USA anzeschleisen“, esou d‘Ausso vum US-President beim grousse Meeting am Montana. Zanter Wochen hetzt den Donald Trump géint d‘Karawanne vu Migranten aus Südamerika, déi am Begrëff sinn, duerch Mexiko un d‘US-Grenz ze gelaangen.

Fir dës Mënschen „opzehalen“ huet de Milliardär dausenden Zaldoten un déi mexikanesch Grenz verluecht. Ouni datt et sengersäits haltbar Beweiser géif ginn, affirméiert den US-President, datt 300 vun dëse Migranten „ganz schlecht“ sinn. Hien hätt dës Informatioun aus Mexiko erhalen. „De Stacheldrot ass eng flott Saach wann e gutt opgestallt gëtt“, mengt den Donald Trump…

E vill gefrote Mënsch: Barack Obama

D‘Midterm Elections sinn déi éischt national Walen zanter der Presidentewahl vun 2016, an hei gëtt festgeluecht, wien déi zwou Kummere vum Kongress – bis zur nächster Presidentewahl den 3. November 2020 – kontrolléiert. An den Donald Trump léisst keng Zweiwel iwwert seng Kandidatur opkommen, a mécht Witzer iwwert säin nächste Slogan: „D‘Gréisst vun Amerika erhalen“.

Hie schéngt selbstsécher, wann e behaapt, datt déi zukünfteg Debatte „géint“ den demokratesche Kandidat „ganz einfach“ wäerte ginn. Fir et dem Milliardär net ganz esou „einfach“ ze maachen, huet sech de Barack Obama, deen sech 22 Méint laang aus (bal) allem erausgehalen huet, entschloss elo d‘Wuert an der Ëffentlechkeet ze ergräifen, an déi demokratesch Kandidaten ze fërderen.

An de Barack Obama weess wéi wichteg d‘Midterm Elections sinn. Virun aacht Joer, hat hie sech drop virbereet, e republikaneschen Äerdrutsch ze erliewen: et war d‘Revolutioun vum konservative Mouvement „Tea Party“. Dëst Joer ass de „Pensionär“ déi gefrotste Persoun am demokratesche Lager. Woubäi d‘Demokraten sech aktuell och net op eng Leader-Figur beruffe kënnen.

Gitt wiele wann iech Amerika um Häerze läit

„Ech sinn aus engem eenzege Grond hei: iech opzefuerdere wielen ze goen“, huet de Barack Obama e Freideg beim demokratesche Meeting zu Atlanta (Georgia) de Supporter entgéint geruff. Hie war komm fir déi demokratesch Kandidatin ze ënnerstëtzen, déi zur éischter „schwaarzer“ Gouverneurin vun dësem Staat ka gewielt ginn. An esou schlecht stinn dem Stacey Abrams net.

„D‘Konsequenze vun der Enthalung sinn déifgräifend, well Amerika befënnt sech um Kräizwee“, esou de Barack Obama dee bäifüügt: „D‘Wäerter vun eisem Land stinn um Spill“. An nach bis haut den Owend soll de fréieren US-President u Meetingen deelhuelen, fir engersäits d‘Demokraten an hirem Wahlkampf ze ënnerstëtzen, an d‘Amerikaner ze encouragéieren, wielen ze goen.

Bei de Republikaner huet et en ähnlecht Bild: och hei sichen d‘Kandidaten aktiv d‘Ënnerstëtzung vum Donald Trump. Hie bleift dat „populäerst“ Gesiicht vun der Partei, an assuméiert, datt dës Midterm Elections eng Aart Referendum vir seng Persoun sinn. Hien deen d‘Gesellschaft an den USA endgülteg gespléckt, den Nationalismus zur neier Hymne vun den Amerikaner gemaach huet.

D‘US-Medien halen de Ball „flaach“

Nodeems d‘Medien an den USA 2016 „iwwerrascht“ goufen – a vum Donald Trump als den eigentleche Feind am Land verkläert ginn – ginn elo eppes méi kleng Bréidercher gebak. Si schéngen d‘Wahle vum 6. November mat „Virsiicht“ unzegoen, well kaum een sech eng definitiv Prognos unhand de Sondagen zoutraut. Déi Sondage gesinn d‘Demokraten am Virdeel…

Wat déi 435 Sëtz an der Representantekummer – déi fir zwee Joer erneiert ginn – konzentréiert sech d‘Rennen op eng 60 Bezierker. Déi aner Mandater sinn zolidd verankert, bei där enger oder anerer Partei. Am Senat sti 35 Mandater vun 100 um Spill. Mandater fir sechs Joer. Interessant hei: déi meescht Staaten sinn traditionell konservativ, wat et den Demokraten net méi einfach mécht.

Et kann ee feststellen, datt d‘Mobiliséierung „enorm“ ass. Hei muss ee wëssen, datt üblecherweis nëmme 40 bis 45% (géintiwwer 60% bei Presidentewahlen) sech un de Wahle bedeelegen. Dës Kéier hunn awer schonn 32 Millioune Wieler per Bréifwahl oder perséinlech ofgestëmmt. Dat sinn 20% méi, wéi nach bei de Midterm Elections vun 2014. Elo bleift erauszefanne wei gewielt gouf.

mam Nicholas Kamm an dem Ivan Couronne/AFP

Foto: Den Donald Trump beim Meeting vu Pensacola a Florida. Eng impressionnant Show mam Presidentefliger „Air Force One“ am Hannergrond. Mee den Toun mécht Musek, an de Milliardär huet op e neits op „Angscht maache“ gesat. D‘Demokrate géifen de Sozialismus verherrlechen a mat hirer Migratiounspolitik, Verbriecher an d‘Land lackelen. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Barack Obama, Demokraten, Donald Trump, Midterm Elections, Republikaner, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel