Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!
russian dating sites buzzfeed individual dating

anti dating sites

Um Enn vum 19. Joerhonnert ware kaum nach wëll Déieren

online dating references
russian dating sites buzzfeed individual dating

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën
russian dating sites buzzfeed individual dating

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert

Wiem gehéiert d‘Arktis?

Russland erhieft bei de Vereenten Natiounen Usproch op zousätzlech 1,2 Millioune Km²

Wiem gehéiert d‘Arktis?

D‘Arktis, déi wuel nërdlechst Arena fir e Muechtkampf, versicht – passend zur Saison – nees an de Mëttelpunkt vun der Aktualitéit ze réckelen. De Grond: Russland wëll en entschidde méi grousst Stéck vum äisege Kuch. Moskau huet elo bei der zoustänneger UN-Kommissioun ugeklappt an eng entspriechend ëmfaassend Dokumentatioun agereecht.

Esou wëllen – zumindest ass et d‘Absicht déi derhannert stécht – d‘Russe beleeën, datt de gréissten Deel vum Nordpolarmier der russescher Federatioun zousteet. Et ass net den éischte Versuch deen se zu Moskau ënnerhuelen. Schonn 2001 hat déi russesch Regierung seng Uspréch bei der UNO agereecht, mee d‘UN-Kommissioun hat déi bäigeluechten Ënnerlagen als onzouräichend ofgewisen.

d‘ArktisHeibäi geet et ëm d‘Grenze vum Kontinentalsockel. Zanter dem Refus vun der UN-Kommissioun huet de russesche President awer keng Rou méi ginn, a behaapt sech drop, datt Russland eng arktesch Natioun ass, déi iwwer méi Äisbriecher, Militär, Handelsweeër an Infrastruktur am héijen Norde verfüügt wéi all aner Natioun. A fir d‘Uspréch ze ënnermaueren, huet de Vladimir Putin, vill an d‘Fuerschung zur detailgetreier Ofbildung vum arktesche Buedem „investéiert“.

Mat dësem detailléiertem Modell kéint Moskau elo zweiwelsfräi beweisen, datt Russland op mannst zousätzlech 1,2 Millioune Km² zouzegestoe sinn. Et ass eng „schwiereg“ Ugeleeënheet mat där sech d‘UNO hei ze befaassen huet. De Problem besteet doranner, datt sech déi russesch Uspréch mat deene vun aneren Arktis-Urainerstaaten (Kanada an Dänemark) iwwerschneiden, an déi kënnen net alleguerte Recht hunn…

d‘ArktisEng weider Suerg fir déi zoustänneg UN-Kommissioun besteet doranner, datt all déi Länner déi net mat der Arktis „verbonne“ sinn, och ee Wuert matschwätze wëllen. Zudeem hunn déi e berechtegten Awand: „Firwat soll d‘Nordpolarmier, dat bis ewell zum gréissten Deel als internationaalt Gewässer ugesi gouf, plëtzlech den Urainerstaaten zougeschloe ginn?“. Eng Äntwert vum UN-Gremium gëtt sech méiglecherweis scho fir Februar erwaart.

Dëse russesche Virstouss bréngt awer och nees d‘Amerikaner an d‘Gespréich. D‘USA déi iwwer Joerzéngten ewech éischter wéineg Interessi un der Arktis gewisen hunn – obwuel déi jo och mat Alaska zu den Urainerstaaten gehéieren – sinn elo eppes „alarméiert“. Den US-Ausseminister Mike Pompeo stellt an dësem Kontext fest, datt d‘Arktis zur „Arena vu Muechtkämpf“ verkomm ass an datt d‘Zäite wou d‘Arktis de Wëssenschaftler hir Heemescht war eriwwer sinn.

d‘Arktis

Mee et dierft Moskau ëm wäit méi wéi de profanen Usproch op „Territoire“ goen. De Klimawandel – dee wuel nach ëmmer vu vill kontestéiert gëtt – huet erwisenermoossen hei och säin Deel bäigedroen. Zanter dem schmëlze vun den Äismassen, gëtt den Zougrëff op d‘Rohstoff-Reserve wirtschaftlech interessant. An dat dierft och den eigentlechen Zweck vun den Uspréch sinn…

mat indymedia/nyc/mow

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten Artis, Dänemark, Kanada, Kontinentalsockel, Polarmier, Russland, UNO, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel