Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Apdikten, wann se Déngscht hunn, sollen entschiedegt ginn
International Neiegkeeten

Apdikten, wann se Déngscht hunn, sollen entschiedegt ginn

Wat sech de Gesondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) a de Finanzminister

Coronavirus elo och zu Lëtzebuerg: „Et ass ee ganz normalen Zeenario“
International Neiegkeeten

Coronavirus elo och zu Lëtzebuerg: „Et ass ee ganz normalen Zeenario“

Um Samschdeg Owend huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgedeelt, datt mir

The Tame and the Wild an der Brasserie K116
International Neiegkeeten

The Tame and the Wild an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Februar

Venezuela: Wien huet de Stecker gezunn?

Op en Neits huet e massive Stroumausfall dat südamerikanescht aus den Aangele gehuewen

Venezuela: Wien huet de Stecker gezunn?

Nodeems a wäiten Deeler vum Venezuela de Stroum ausgefall ass, schwätzt d‘Regierung vun enger Attack. D‘Oppositioun gesäit dat natierlech eppes anescht. D‘Bierger versichen esou et geet mat der Situatioun ëmzegoen.

De President vu Venezuela, Nicolas Maduro, hatt schonn am Mäerz, wou bal eng ganz Woch laang de Stroum am Land ausgefall war, vu Sabotage an Ugrëff geschwat. Esou dann och beim jéngste Virfall. Dës kéier geet d‘Regierung vun engem „elektromagnéiteschen Ugrëff“ op d‘Staudämm aus. Betraff vun dësem Blackout: 19 vun de 24 Provënzen. Dat zumindest den aktuelle Stand am Land.

Laut NetBlocks, eng ONG déi d‘Netzaktivitéit an d‘Zensur am A hält, huet op hirer Internetsäit uginn, datt de Gros vum Land vum Blackout betraff ass. Nëmme 6% vum Venezuela hätt nach eng Stroumversuergung an och d‘Telekommunikatioun wier zu iwwer 90% ausgefall. Den Zuchverkéier huet missen agestallt ginn an och d‘Metro vu Caracas kann ënnert dësen Ëmstänn net zirkuléieren.

An de sozialen Netzwierker hunn sech am spéiden Owend dann awer nees Awunner aus Caracas zu Wuert gemellt, déi nees Stroum haten. De venezuelanesche Kommunikatiounsminister Jorge Rodriguez huet seng Landsleit wësse gedoen, datt d‘Pläng fir de Noutfall gräifen, an datt alles ënnerholl géif gi fir d‘Mënschen ze schützen. No de virechten Aggressioune war ee jo „gewarnt“.

Eppes Propaganda kann net schueden

Un d‘Adress vun den Aggressore riicht de Jorge Rodriguez e Message: „Déijéineg déi, déi gutt Mënschen a Venezuela systematesch ugegraff hunn, ginn op en neits mat der Standhaftegkeet an dem Courage konfrontéiert, déi mir, d‘Kanner vum Befreier Simon Bolivar, ugesiichts vu Problemer demonstréiert hunn“. Dat wëll näischt heeschen, huet awer am Land grouss Bedeitung.

Natierlech wëll och d‘Oppositioun Kapital aus dem Virfall schloen. Déi behaapten sech drop, datt een Investitioune verschleeft, Korruptioun zougelooss an Mëssmanagement gefërdert hätt. Hire Statement: „Si hu versicht d‘Tragedie mat Rationéierung am Land ze verheemlechen, mee d‘Versoen ass offensichtlech: Si hunn d‘Stroumnetz zerstéiert an hunn keng Äntwerten“.

Leschtes ass zwar vollkommen aus der Loft gegraff, an och a punkto Korruptioun muss sech déi vun den USA finanzéiert Oppositioun elo net den Hellegeschäin opsetzen. D‘Regierung jiddefalls ka kee fundéiert Interessi dorunner hunn de Leit de „Stecker ze zéien“, imperialistesch Agenten dogéint schonn. Washington huet jo widderholl erkläert de Maduro-Regimm stierzen ze wëllen.

mat indymedia/ccs/geo

Foto: Manfred Richter/Pixabay

Ähnlech Sujeten Blackout, Jorge Rodriguez, Nicolas Maduro, Stroumausfall, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel