Breaking News: Messerattack an der Basilika zu Nice
Haut de Moien, kuerz no 9 Auer, ass et an
Haut de Moien, kuerz no 9 Auer, ass et an
Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht
Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an
Geéierten Här Buergermeeschter,
Mat grousser Bestierzung si mir vun de schrecklechen Ereegnisser gewuer ginn, déi sech um Owend vum 2. November am Häerz vu Wien ereegent hunn.
De Buergermeeschter- a Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg souwéi d’Awunnerinnen an d’Awunner vun der Lëtzebuerger Haaptstad deelen d’Trauer an d’Péng vun Äre Matbierginnen a Matbierger. No dëser grujeleger Dot wëlle mir Iech eist oprecht Matgefill an eis Solidaritéit matdeelen.
Och versécheren ech Iech eis onageschränkt Ënnerstëtzung am Kampf géint den Terrorismus a bei der Verdeedegung vun eise gemeinsamen demokratesche Wäerter.
An dësem schreckleche Moment si mir a Gedanken bei den Affer sou wéi hire Famillen a Frënn.
An Trauer, Matgefill a Solidaritéit bei Iech,
Lydie Polfer, Buergermeeschtesch
Dat offiziellt Schreiwes fannt Dir HEI (PDF)