Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!
example online dating messages

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sief et Tennis, Fussball oder Tour de France: Sport interesséiert

newspapers with dating adverts
example online dating messages

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?

Den amerikanesche President Donald Trump ass wëll nees an de

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis
example online dating messages

Dammefussball: Liicht crispéiert an awer victoriéis

Eis Damme vum SC Beetebuerg sinn nach net esou spilleresch

Wien näischt mécht, deen näischt brécht

Dan Kersch mat eegener Bilanz zefridden

Wien näischt mécht, deen näischt brécht

Eigentlech war dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), säi Gesiichtsausdrock wéi ëmmer: entspaant frëndlech, mat engem liichte Laachen an de Mondwénkel. An et sollt een him dat dann och net verdenken. Hie konnt en Donneschdeg de Bilan vu senger Mandatsperiod am Inneministère ouni rout am Gesiicht ze gi virleeën.

E Bilan deen de Concernéierte selwer als „Impressionnant“ ëmschriwwen huet. Woubäi, wann ee sech op déi geleeschten Aarbecht, an déi sëlleche Reforme bezitt, d‘Beschreiwung zoutreffend ass. Mee och mam beschte Wëllen an Engagement, kann en Inneminister et net jidderengem gerecht maachen. Et ass dann och der Oppositioun hire politeschen Optrag dem Dan Kersch ze gratuléieren.

D‘Reform vun de Rettungsdéngschter

Si dierft als dem Dan Kersch säi „Meeschterstéck“ an eis politesch Geschichtsbicher agaange sinn: d‘Reform vun de Rettungsdéngschter. Eng vu ville Reformen déi bezweiwelt an a Fro gestallt ginn ass, mee zu gudder Lescht, am Interesse vun de Membere vun de Rettungsdéngschter engersäits, an am Interesse vun der Sécherheet vun der Bierger anersäits, konnt ëmgesat ginn.

An dat war, wéi et sech den Inneminister agestanen huet, alles anescht wéi „einfach“. D‘Schafe vum CGDIS an de Bau vum CNIS, huet d‘Zesummenaarbecht vun allen implizéierten Acteure gefuerdert. Do huet den Dan Kersch vill Leit „ënnert een Hutt“ misse kréien, an et huet hei dann och net u Kregéiler gefeelt. Hien huet säi Projet verdeedegt kritt, an dat ass och gutt esou.

D‘Reform vun de Gemengefinanzen

Nodeems déi virecht Regierunge séi wéineg zum Ausgläich vum Finanzement vun de Gemenge gemaach haten, huet den Dan Kersch dësen däregen Dossier an d‘Hand geholl. Zesumme mat senge Beamten, huet den Inneminister et fäerdeg bruecht eng gutt a valabel Reform op den Instanzewee ze bréngen. Et ass alles eppes méi transparent ginn, wat esouguer der Zentralbank e Luef wäert war.

Ënnerschloe mir dann och net „d‘Omnibus Gesetz“, mat deem op ee Schlag 11 Gesetzestexter vereinfacht, an der 2 ofgeschaaft goufen. Hei huet et den Minister fäerdeg bruecht, Vereinfachungen anzeféieren, déi engersäits d‘Prozedure beschleunegen, an anersäits, dem Bierger seng Rechter stäerken. Richteg ass, datt et domatter net gedoen ass, an de Prozess muss weidergefouert ginn.

Och mam „Rescht“ ka sech gebretzt ginn

Hale mir dann nach fest, datt et dem Dan Kersch an dëser Legislaturperiod och gelongen ass, den Inneministère ze reorganiséieren. D‘Mesure hat d‘Zil, eng „horizontal“ Relatioun zu de Gemengen opzebauen. Gelongen ass him och d‘Ofschafe vum „Distriktskommissariat“ an d‘Aglidderung vum hirem Personal an den Inneministère. An och domatter ass d‘Lëscht net komplett…

Als Fazit dierf een zréckbehalen, datt de Minettsdapp aus dem Inneministère sech fir seng Aarbecht net ze schumme brauch. Hien hat sech däitlech Ziler gesat, huet déi am Dialog mat de Betraffenen erreecht, an et sollt een him et vergënnen, déi Lëtzebuerger Welt eppes besser gemaach ze hunn. Dat schléisst net aus, datt een d‘Reformen an d‘Gesetzer kritesch begleeden dierf.

Foto: (v.l.n.r.) de Laurent Deville (Inneministère), Dan Kersch (Inneminister) an Laurent Knauf (Inneministère), bei der Presentatioun vum Bilan fir d‘Legislaturperiod 2013/18. © sip/MINT

Ähnlech Sujeten Bilan, Dan Kersch, Inneministère, Legislaturperiod, Reformen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel