Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen
Auto dating lab limited jersey https://moien.lu/speed-dating-studenten-freiburg/

hook up bars san diego

Videospiller hunn et jo net ëmmer einfach. Oft stinn se

surprise
Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer
Auto dating lab limited jersey https://moien.lu/speed-dating-studenten-freiburg/

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz

Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Venezuela
Auto dating lab limited jersey https://moien.lu/speed-dating-studenten-freiburg/

Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Venezuela

Am UN-Sécherheetsrot ass d‘Weltgemeinschaft wéi gewinnt un enger gemeinsamer Positioun

Editorial: Wien net parke kann, sollt dach doheem bleiwen!

Editorial: Wien net parke kann, sollt dach doheem bleiwen!

Datt verschidde Leit ouni Behënnerung mengen, si missten direkt 2 Parkplaze mat hirem Gefier anhuelen, ass a bleift mir ee Rätsel! Dobäi ass et emol guer net esou seelen, datt verschidden Automobilisten hiren Auto dohi stellen, wéi de leschten Eefalt. Geschitt ass dat hei um Freideg Owend am Auchan um Kierchbierg.

Do denkt ee sech näischt béisen, an zack gesäit een den eegenen Auto abemol op engem Noriichte-Site! Majo genau dat soll och d’Intentioun vun dësem Artikel sinn, esou datt ee sech vläicht an Zukunft zwee Mol iwwerleet, op een elo zwou Plazen néideg huet, obwuel een dach guer net mat engem Panzer ënnerwee ass, oder op net awer ee wäiss ëmrënnten Rechteck duergeet.

Et weess een net, ob et hei den Ego war, deen méi Plaz néideg huet, wéi bei anere Persounen oder op et sech einfach nëmmen ëm ee Chauffeur gehandelt huet, deem et nees net schnell genuch gaangen ass, a vun dem Ofstand vun engem Kilometer zum nächsten Auto profitéiere wollt, fir nach seng Yoga-Übungen ze maachen, iert et dann un d’Akafe geet.

Parken

Nuje, et kënnt jiddwerengem emol fir den Auto kromm ze parken an dobäi liicht iwwert de Stréch ze stoen, mee verschidde Persounen schéissen de Vull einfach of. Op et elo Expressegkeet oder einfach mangelnd Gehierzellen waren, wäert wuel vu Fall zu Fall anescht sinn. Eent hu se awer gemeinsam: Se reegen ee gewalteg op, wann een op der Sich no enger Parkplaz ass.

An och wann deejéinegen duerch eng Behënnerung méi Espace braucht fir eraus- an eranzeklammen – och dat ka jo emol de Fall sinn – esou verfüügt grad den Auchan um Kierchbierg un enger räichhalteger Offer u Behënnerte-Parkplazen, déi souguer schéi faarweg a Blo markéiert sinn. Elo awer genuch mam Gegranz, wat seet eigentlech d’Gesetz dozou? Dierf ee sech op méi wéi eng Plaz stellen?

Laut der Legislation Routière vum Oktober 2018 ass dës Aktioun vun der Police net erwënscht. Am Artikel 168 vum 19. Mäerz 2008 steet kloer geschriwwen, datt all geparktent Gefier esou stoe muss, datt den Accès op de Parking, sou wéi och hir Sortie net blockéiert ass. Donieft muss och d’Agrenzung vun der Plaz agehale ginn. Anerefalls kann een emol mat 24 € Strof rechnen, woubäi d’Dommheet wierklech heiansdo méi staark misst bestrooft ginn.

Parken

Fir esou munch Persoun mag dat hei Korintekackerei sinn, mee wie selwer betraff ass vum Misär, keng Parkplaz ze fannen, wëll iergendeen Haipi sech direkt dat duebelt un Espace ënnert den Nol gerappt huet, dee wäert d’Roserei novollzéie kënnen. A wéi sot den Einstein schonn méi: „Zwou Saache sinn onendlech, den Universum an déi mënschlech Dommheet, awer beim Universum sinn ech mir nach net ganz sécher!“

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auchan, Auto, Parking, Police, Toyota
Nächsten Artikel Virrechten Artikel