Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
Neiegkeeten

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

https://moien.lu/usa-dating-site-for-singles/
can an older woman dating a younger man
Neiegkeeten

De Marvel Cinematic Universe, erkläert

Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft,

dislike
Serge Wilmes: De jonken Erneirer
Neiegkeeten

Serge Wilmes: De jonken Erneirer

Hien ass jonk, motivéiert an u gudden Iddie feelt et

Wier déi lénk eng Ratingsagence…

...da géif et en Tripple „A“ fir Lëtzebuerg an eng Tripple „0“ fir d‘Regierung

Wier déi lénk eng Ratingsagence…

Et war dee selwechten idyllesche Kader wéi am leschte Joer, mee och fir d‘lescht, datt déi lénk am „Chiche“ zu Hollerech hire parlamentaresche Bilan virgeluecht hunn. Dat beileiwen net, well et hei net schéi wier – de Géigendeel ass de Fall – mee well de Buttek ofgerappt gëtt. Et gouf eis awer verséchert, datt dëse soziale Projet schonn eng nei Heemecht fonnt huet.

Wat de politesche Volet vun dësem flotte Rendez-vous betrëfft, esou huet et net u Kritik géintiwwer der Regierung gefeelt. Den David Wagner stellt dréche fest, datt sech no de Walen, also quasi beim Iwwergang vu Gambia I zu Gambia II – ofgesi vum Kräfteverhältnis – nëmme wéineg verännert huet. Dat wier ugesiichts de groussen Erausfuerderunge, net wierklech déi beschten Nouvelle.

Logement

Et géif zu Lëtzebuerg dräi grouss Chantiere ginn, déi dréngend enger oder méi Léisunge bedierfen. Dat sinn de Klima, de Logement an d‘Konfliktbereetschaft (Krich oder Fridden). D‘Reiefolleg ass dobäi irrelevant, well all dës Sujete sinn e „gliddegt Eisen“ an datt sech d‘Regierung domadder schwéier deet, wat och nees wirtschaftlech Grënn huet, dat ass de Credo vun der déi lénk.

De Staat hätt soll sech esou duerch verschidde Mesure selwer de Spekulanten an anere Landraiber ausgeliwwert hunn, firwat et Leit wéi e Flavio Becca (a Konsorten) méiglech ass, dëser Regierung d‘Grondlage vun der Landes- a Stadplanung opzezwéngen. Et géif ee wuel d‘Engagement vum Sam Tanson (déi gréng) begréissen, mee hei missten däitlech méi Efforten ugestrengt ginn.

Klima

Während de Premierminister Xavier Bettel an senger Ried fir Nationalfeierdag wollt erkannt hunn, datt et elo tatsächlech esou eppes wéi eng Klimakris gëtt, hat déi lénk eng Motioun um Krautmaart deposéiert, mat där de Klimanoutstand sollt ausgeruff ginn. Wier et der Majoritéit esou eescht wéi dem Premier, hätten si dës Motioun eigentlech misse matstëmmen. Dat geet awer aus Prinzip net…

Déi lénk hunn zudeem och e Problem mam Claude Turmes senger „e-Mobilitéit“, déi engersäits eng Utopie ass an anersäits „de Problem“ net léisst. Et wier besser sech ob den Ausbau an d‘Effizienz vum ëffentlechen Transport ze konzentréieren. Och bei der Wirtschaft misst ee sech besser Ziler setzen. Esou Betriber wéi Google oder Fage, si weder gutt fir d‘Ëmwelt nach fir d‘Staatsfinanzen.

Krich/Fridden

Bei déi lénk stellt ee sech d‘Fro, wouhinner féiert dem Minister fir Krichsgeflüster, François Bausch (déi gréng) seng Verdeedegungspolitik? Säi Gesetzprojet 7325 soll der Regierung de Pouvoir ginn, eis Arméi am Ausland anzesetzen. Dofir géif dann en „Instabilitéitsfacteur“ duer goen. Also wäert et méi NATO-Asätz ginn, a wie weess wéi wäit et nach ka goen, sollt et eng europäesch Arméi ginn.

Scho mat eiser „Wirtschaftspolitik“ an den Zwangsaccorden – déi beispillsweis den afrikanesche Länner operluecht ginn – géif Lëtzebuerg méi zur Schafung vu Fluchtursaache bäidroen, wéi dann derzou bäidroen, datt een déi an de Grëff kritt. Eng europäesch Sträitmuecht an e Militärkomplex wéi den Emmanuel Macron sech dat virstellt, dat ass net dat wat ee sech ënner Fridde virstellt.

Zentrale Fichier a Verfassung

Natierlech ass och d‘Affär ëm déi ominéis Fichiere vu Justiz a Police ugeschwat ginn. Fir de Marc Baum schéngt et dann och erwisen, datt de Justizminister Félix Braz (déi gréng) mat dësem Dossier däitlech iwwerfuerdert ass, an och de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch, sech hei guer net gutt opgestallt huet. Si fuerderen datt elo alles oppe geluecht an d‘Recht respektéiert gëtt.

Am Kontext vun der Verfassungsreform, kann déi lénk um neie Positionnement vun der CSV och guddes fannen, well nees Beweegung an d‘Saach kënnt. Säit elo geschwënn 10 Joer gëtt dorunner gedoktert, an et wier leider ëmmer nëmmen drëms gaangen d‘Anachronismen aus der Verfassung ze tilgen. Dobäi ass d‘Verfassung d‘Réckgrat vun eiser Gesellschaft, an déi muss doranner virkommen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Casier-bis, déi lénk, Fridden, Justiz, Klima, Krich, Logement, parlamentaresche Bilan, Spekulatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel