Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dag, deen Europa gespléckt huet
https://moien.lu/cesar-romero-dating-history/

Den Dag, deen Europa gespléckt huet

Place Guillaume, de 6. September: Um Riednerpult steet eng Kopie vum

free dating website winnipeg
https://moien.lu/cesar-romero-dating-history/

Le Pen versus Macron: En onschéinen Débat

Während zwou an eng hallef Stonn stoungen sech gëschter Owend

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?
https://moien.lu/cesar-romero-dating-history/

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?

Schwaarzen Hannergrond, iwwersiichtlechen Design, hei ass et den Inhalt op

Wierksam Léisungen erfuerderlech

CGFP-Nationalvirstand Bezitt Stellung zur Aarbechtszäitregelung

Wierksam Léisungen erfuerderlech

D‘Aarbechtszäitregelung, déi mam Gesetz zur Aféierung vun den Zäitspuerkonten agefouert ginn ass (1. Oktober 2018) huet sech a verschidde beräicher als „schwéier ëmzesetzen“ erwisen. Grad an deenen Administratioune wou op Schichte geschafft gëtt si punktuell Problemer opgetaucht. Säit Wochen elo, ass d‘CGFP beméit zesumme mat de betraffene Fachverbänn eng fir all Säiten zefriddestellend Léisung ze fannen.

A senger Sëtzung vum 21. Mee huet den Nationalvirstand der CGFP-Exekutive den Optrag ginn, zesumme mam Minister fir den ëffentlechen Déngscht en Auswee ze fannen. Am Bezuch op déi allgemeng gülteg Bestëmmunge soll eng gesetzlech Basis geschafe ginn, déi eng Ausnameregelung an all deene beräicher zouléisst, an deenen Handlungsbedarf besteet.

Dës Ausnameregelunge sollen duerch groussherzoglech Veruerdnungen de spezifesche Bedierfnesser vun der jeeweileger Verwaltung Rechnung droen. D‘Ännerungen dierften awer zu laaschte vun de Salariéeë goen. D‘Erkenntnisser, déi bis ewell an Aarbechtsgruppen oder a bilaterale Gespréicher mat den zoustännege Ressortminister gewonne goufen, solle mat afléissen. De CGFP-Nationalvirstand schwätzt sech an aller Däitlechkeet géint wäitreechend Ännerunge vum Beamtestatut aus.

Déi noutwenneg Upassunge solle méiglechst zäitno ëmgesat ginn. D‘CGFP besteet allerdéngs drop, datt näischt iwwerstierzt dierf ginn. Domatter soll séchergestallt ginn, datt d‘Nobesserungen en uerdnungsgemässen Déngscht an de staatlechen Administratioune garantéieren.

Uecht gedoe beim Ëmgang mat Syndikalisten

Am Kontext vun der Sëtzung, huet sech de CGFP-Nationalvirstand dann och nach missen doriwwer iergeren, datt Beamten, déi sech gewerkschaftlech engagéieren, ëmmer méi heefeg mat negativen Auswierkungen op hir Aarbecht a Carrière ze kämpfen hunn. Dozou gehéieren och willkürlech Versetzungen an (liicht) verstoppte Sanktiounen.

Dat muss ophéieren! Als Daachorganisatioun setzt sech d‘CGFP mat aller Entschlossenheet géint dës verwerflech Praktiken zur Wier. Wien am ëffentlechen Déngscht beschäftegt ass a esou eng Erfarung mécht, kann sech der vollster Ënnerstëtzung vun der CGFP sécher sinn, a wäert gehollef kréien dogéint virzegoen. Gewerkschaftsaarbecht ass eng vun den elementaarste Fräiheeten, déi an der Verfassung verankert sinn. Aschüchterunge sinn iwwerall – besonnesch am Gesamtstaat – vëlleg inakzeptabel.

Net-Lëtzebuerger an der Arméi a bei der Police

Déi vum Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng), opbruechten Iddi, d‘Arméi an d‘Police och fir EU-Bierger zougänglech ze maachen, stéisst beim „Syndicat Professionnel de la Force Publique“ (SPFP) op Onverständnis. D‘CGFP ka sech dëser Siicht nëmmen uschléissen. De chronesche Personalmangel ass kengeswees op eng onzouräichend Unzuel vu Kandidaten zréckzeféieren.

Wierksam

De Grond fir déi dënn Personaldecke sinn d‘Opnamexamen un deene vill Kandidate scheiteren. Hei mussen d‘Tester un déi aktuell Gegebenheeten ugepasst ginn, ouni datt dobäi ee Leeschtungsofall entsteet. Rechtsstaatlech Aufgabe sollen zudeem ausschliisslech vu Lëtzebuerger erfëllt ginn. Och an aneren EU-Länner gëtt dat esou gehandhaabt.

Wunnengsmaartsituatioun muss besser ginn

Mat bedauere stellt d‘CGFP fest, datt d‘Regierung bis ewell wunnengspolitesch Akzenter vermësse léisst. Dës Ontätegkeet ka mëttel- bis laangfristeg gesinn de soziale Fridde gefäerden. Dat eenzegt wierksamt Mëttel, fir Här vun der Situatioun ze ginn, wier d‘Aféierung vun enger Spekulantesteier, déi ganz geziilt „professionell Spekulanten“ an d‘Viséier géif huelen, déi an héijer Mooss Grondstécker zwecks Profitmaximéierung zréckhalen. Déi alljäerlech Erhiewung vun engem Steiersaz vun op mannst 5% vum Maartwäert vum betraffenen Terrain, géif séier zur Entspanung féieren.

Wierksam

Onmëttelbar virun den Europawahlen, huet sech de CGFP-Nationalvirstand och nach mat den zukünftegen Erausfuerderunge fir d‘EU befaasst. Begréisst gëtt an dësem Kontext déi grouss ugeluechte Campagne, mat där déi „Europäesch Unioun vun den Onofhängege Gewerkschaften“ (CESI) d‘Bierger dozou ureege wëll, sech un dëser Schicksalswahl ze bedeelegen an verantwortlech ze wielen.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäiten, Arméi, CGFP, EU-Bierger, Police, Syndikalisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel