De Poopst stellt sech an Irland de Mëssbrauchsaffer
Bei senger Irlandrees huet de Poopst François aacht Mënsche getraff,
Bei senger Irlandrees huet de Poopst François aacht Mënsche getraff,
Zënter dem 31. Juli kënnt och Dir op eng spannend
Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de
D‘Chelsea E. Manning hat als Bradley Edward Manning fir d‘US-Arméi als IT-Spezialist geschafft an ass eng Amerikanesch „Whistleblowerin“. Si gouf verdächtegt a veruerteelt, Dokumenter a soss Informatiounen un d‘Internetplattform „WikiLeaks“ weidergereecht ze hunn. Dofir sollt si 35 Joer an de Prisong. De Barack Obama hat am Januar 2017, d‘Whistleblowerin begnodegt…
Elo ass d‘Chelsea Manning op e neits festgeholl ginn. Si huet sech geweigert viru Geriicht, op Froen zur Internetplattform, déi vum Julian Assange soll bedriwwe gi sinn, ze äntweren. Si hat viru Geriicht erkläert, datt si laut Verfassung d‘Recht huet ze schweigen, an aus Solidaritéit mat villen Aktivisten, och decidéiert wier zu hire Prinzipien ze stoen. Dat huet dem Riichter net gefall…
An de Riichter Claude M. Hilton, vum Geriicht zu Alexandria, schéngt net appreciéiert ze hunn, datt sech eng Persoun virun hie stellt, an op seng Rechter net nëmmen hiweist, mee sech och drop behaapt. Hien huet de längeren Aarm, an d‘Chelsea Manning sollt dësen ze spiere kréien. Hien huet Haft ugeuerdent fir eng Ausso ze erzwéngen, an déi géif esoulaang dauere bis si op all Fro äntwert.
Hiren Affekot hat wuel nach versicht déi ugeuerdent Haft an Hausarrest ze verwandelen, mee de Refus virun enger „Grand Jury“ auszesoen, ass an den USA kee Spaass. Vu WikiLeaks dozou e kuerze Statement via Twitter: „Whistleblower ginn elo gezwonge géint Journalisten auszesoen an ginn an de Prisong gestach, wann se net kooperéieren. Dat ass en Ugrëff op d‘Pressefräiheet“.
mat indymedia/was
Foto: © wsws