Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?

Veianen ass zwar eise klengste Kanton, mee en huet eng

dislike
Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea
Neiegkeeten

Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea

Nodeems ze héiere war, datt Nord- a Südkorea bereet wieren

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
Neiegkeeten

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

Wikipedia an der Tierkei gespaart

Wikipedia an der Tierkei gespaart

Wat am Ament an der Tierkei alles lass ass léisst sech lues awer sécher net méi novollzéien. Nodeems alt nees ronn 10.000 Polizisten an net manner wéi 4.000 Beamten entlooss an/oder agespaart goufen, gëtt elo och nach ferm den Internet zenséiert.

Nodeems et schonns zäitweis net méi méiglech wor an der Tierkei op Facebook an Twitter zouzegräifen, Youtube leschten Informatiounen no och net méi opgeruff ka ginn, huet et elo d’Wëssensportal Wikipedia erwëscht. Esou bestätegt dann och dat tierkescht Amt fir Informatiouns- an Kommunikatiounstechnologien (BTK) dat Si den Zougang zum Online-Lexikon gespaart huet, ouni awer de Grond fir des Entscheedung ze nennen.

Medieberichter no hätten déi tierkesch Behörden am Virfeld ouni Erfolleg d’Bedreiwer vu Wikipedia derzou opgefuerdert Inhalter ze läschen, déi vun der Tierkei als terroristesch Ënnerstëtzung betruecht ginn, mee och Contenu enthalen dee dorops hiweist dat d’Land mat Terrorgruppe géif kooperéieren. Dat trefft beispillsweis op den Inhalt zou, deen der Aarbechterpartei Kurdistans (PKK) gewidmet ass, mee och der Säit déi iwwert den aktuelle President Recep Tayyip Erdoğan informéiert.

Dorausser ergëtt sech dat Wikipedia nëmmen nach iwwert besonnesch technesch Hëllefsmëttel, wéi VPN-Verbindungen, kann opgeruff ginn. D’Grupp „Turkey Blocks“ déi d’Internetzensur an der Tierkei iwwerwacht huet dann och an engem Communiqué bestätegt dat den Zougang den 29.Abrëll moies ab 7 Auer Mëtteleuropäeschstandardzäit net méi méiglech wor. Des Grupp an déi tierkesch Zeitung “Hürriyet” berichten allerdéngs vun engem virleefegen Uerder, den an den nächsten Deeg vun engem Geriicht misst bestätegt ginn. Onkloer bleift wéini den Zougang nees hiergestallt ka ginn.

No dem informellen Treffe vun den Ausseminister op Malta, leschte Freideg, wou sech duerchgeronge ginn ass den ëmstriddene Referendum, deen dem President Vollmuecht ginn huet, säitens der EU unzehuelen, ass dës Mesure alt nees ee Schlag an d’Gesiicht vun der Demokratie an de Wäerter fir déi grad dës Ministere wëllen astoen. Dobäi geet der tierkescher Regierung ëmmer nees virgehale, no Uschléi an Demonstratiounen zäitweis den Zougang zum Internet ze spären.

De Jimmy Wales, Grënner vu Wikipedia, huet sech iwwert d’Plattform „Twitter“ geäussert: „Den Zougang zu Informatiounen ass ee fundamentaalt Mënscherecht. Tierkescht Vollek, ech wäert ëmmer un denger Säit stoen a mat dir fir dëst Recht kämpfen.

Réckbléck

Déi haart Linn déi d’Tierkei géint „Terrorpropaganda“ féiert ass net nei, firwat et wichteg ass drun ze erënneren dat des Mesuren hiren éischten Héichpunkt direkt nom Putschversuch erreecht haten. Esou huet am November 2016 den deemolege Ministerpresident Binali Yildirim erkläert dat aus Sécherheetsgrënn vun Zäit zu Zäit eng Zensur vum Internet noutwenneg wier. Soubal wéi d’Gefor eriwwer wier géif dann alles nees normal lafen.

Kritesch Stemmen allerdéngs gesinn an dësem Virgoen eng weider Beschneidung vun de Biergerrechter. An tatsächlech muss een dervunner ausgoen, dat d’Regierung vun Ankara mat alle Mëttel wëll verhënneren sech d’Oppositioun iwwert dëse Kommunikatiounsmoyen austauscht an hir Biergerrechter verteidege kann. Ouni „WhatsApp“ a „Facebook“ ass d’Organiséiere vun Demonstratiounen an/oder Géigebewegungen schwiereg.

Dat sech d’EU elo net wëll an „intern“ Ugeleeënheete vun der Tierkei wëllt amëschen ass nozevollzéien. Anersäits fuerdert awer déi selwecht EU ëmmer nees vun der Tierkei d’Mënscherechter ze respektéieren, wouzou Pressefräiheet, Demonstratiounsrecht an eng onofhängeg Justiz gehéieren, anzehalen. Eng Kontradiktioun déi duerch d’Weiderféierung vun de Bäitrëttsgespréicher ënnermauert gëtt. Gutt dat alt wéinstens de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn dogéint ass, wann et och séier wéineg notzt.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel