Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun
Kultur Stories

Zouversiichtlech an déi lescht Chambersessioun

Mat der „journée parlementaire“ ass déi politesch Rentrée vun der

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt
Kultur Stories

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

Am Joer 2000 hat ech 16 Joer an d’Liewen war

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!
Kultur Stories

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!

De Client muss wierklech immens zefridde mam Service gewiescht sinn,

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft

Wann een den Erfinder vun engem ganzen Genre ass, da muss ee scho wichteg sinn, oder? Genau dat kann den William Gibson vu sech behaapten: Him gëtt nogeluecht, mat der Sprawl-Trilogie de ganzen Cyberpunk-Genre gestart ze hunn. An domadder huet e gläichzäiteg der Science-Fiction Literatur an den 1980er Joren zu enger neier Relevanz verhollef.

Wéi den Neuromancer eraus koum, war d’Reaktioun op mannst um kulturelle Plang immens. Et war dat éischt Buch, wat déi dräifach Kroun vun den Science-Fiction-Auszeechnunge krut: Hugo, Nebula a Philip K. Dick Awards sinn un dëst éischt Wierk vum Wiliam Gibson gaangen. An den 1980er ass de Schrëftsteller „sengem“ Genre och weiderhin trei bliwwen. Mat Count Zero (1986) a Monalisa Overdrive (1988) huet en d‘Sprawl-Trilogie komplettéiert.

E Kontrast, deen déif geet

Mee wat ass Cyberpunk? Ëm et ganz einfach ze maachen: Während d‘Technik sech ëmmer méi wäit entwéckelt, brécht am Cyberpunk gläichzäiteg d‘sozial Uerdnung an d‘Gesellschaft als ganzt ëmmer méi zesummen. Et ass an dësem Kontrast, wou de Cyberpunk seng wichtegst Elementer weist. Elementer aus dem Film Noire an eng postmodern Schreifweis kommen dobäi, fir et um literareschen Niveau ze verfestegen. De Genre selwer heut seng Influnce wäit gestreet: Sowuel Filmer, Comics als och Videospiller hu vill Elementer vum Cyberpunk längst incorporéiert.

Séng méi aktuell Bicher spillen méi oder wéineger am „elo“. Dëst och, well en ëmmer manner e Sënn dohanner gesäit, fir spekuléierend an d‘Zukunft ze kucken, wann et méi wichteg wier, d‘Aktualitéit ze verschaffen. An engem Interview op CNN seet en bezeechnenderweis: „Earth is an alien planet now“. Allerdéngs sinn et déi spekulativ Elementer, déi e bekannt gemaach hunn. Sou huet en a gewësser Hisiicht den Internet viraus gesot an och erkannt, wat fir eng déif a transformativ Wierkung dësen op eis d‘Liewe géif hunn. Säin nächst Buch, Agency, soll 2018 eraus kommen. Beim Schreiwen solle souwuel de Brexit als och d’Wahl vum Trump hier Roll gespillt hunn.

Header: Hiro Sheridan (CC BY SA 2.0)

Ähnlech Sujeten Cyberpunk, Gernsback-Woch 2017, Literatur, Science Fiction, William Gibson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel