Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Poetry Slam am Ancien Cinéma: Op ee Wuert!
Kultur Neiegkeeten

Poetry Slam am Ancien Cinéma: Op ee Wuert!

Dëse Samschdeg, den 8. Februar ginn d’Slammer an hiren nächste

dislike
Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?
Kultur Neiegkeeten

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio

Hir politesch Parteie sti bei dëse Politiker net op der Stir! Weess du, wie wou Member ass?
Kultur Neiegkeeten

Hir politesch Parteie sti bei dëse Politiker net op der Stir! Weess du, wie wou Member ass?

D’Parteielandschaft zu Lëtzebuerg ass net grad kleng. Do kann ee

Weltdag vum Buch: Merci William Shakespeare!

Weltdag vum Buch: Merci William Shakespeare!

Den 23ten Abrëll gëtt de Weltdag vum Buch gefeiert. Den Datum gouf net zoufälleg gewielt: T’ass ënnert anerem dem Shakespeare säin Doudesdag. Dëse bedeitenden Auteur huet mir zu engem neien Ufank verhollef, en huet mir eng Welt voller Méiglechkeete gewisen!

Sein oder Nichtsein, das ist hier die Frage“

Dëst Zitat aus Hamlet passt haut nach genee esou gutt ewéi zum Shakespeare senger Zäit. Schliisslech maache mir eis all Gedanken ëm eis Existenz, elo wärend der Coronapandemie villäicht nach e Krack méi. Wien huet net scho bei engem gudde Patt iwwert de Sënn vum Liewe philosophéiert?

Shakespeare

Ech liese séier – a menger Jugend hunn ech Romaner verschlongen. An dunn ass enges Dages e Bekannte vu mir mat engem Klassiker ukomm, un deem hunn ech laang geknat, mä en huet mir och Loscht op méi gemaach. Mir hunn een Buch nom aneren zesumme gelies an dono iwwert d’Passagen diskutéiert. Mat der Zäit koum dunn de Shakespeare un den Tuer. Seng Bicher sinn net nëmme Klassiker, et ass Literatur fir d’Welt.

Säi Spezialgebitt waren Tragedien a Komedien, et gëtt dacks gesot, dass e senger Zäit wäit viraus war. Hie war e Mann mat villen Talenter, nieft dem Schreiwen huet och den Theater eng Roll a sengem Liewe gespillt, seng Wierker an Opféierunge ware beléift. En huet gutt verdéngt an hat nawell vill Afloss. Et ass net beluecht, dass de Shakespeare eng Universitéit besicht huet – fir mech ass dat en Zeechen dofir, dass Kreativitéit keng Grenze kennt. Et inspiréiert mech. An dat net nëmmen e bëssen. Du kanns eppes erreechen – du muss just de Wëllen hunn a selwer dru gleewen!

Shakespeare

© Matt Riches / Unsplash

Dem Shakespeare eng Wierker sinn haut wahrscheinlech nach méi populär ewéi fréier, et ginn etlech Verfilmungen an Adaptatioune vu Romeo a Julia. Hamlet, MacBeth an Ein Sommernachtstraum, dës Titelen si jiddwerengem bekannt, et kënnt een net derlaanscht.

Berühmten Zitater vun him verschéineren eis Tapéit oder sti vir um Deckel vum Notizblock. E kënnt net aus der Moud – an dat ass gutt esou.

Wann Dir originell Bicher fir Är Kanner sicht – luusst emol an dësen däitschen Kindermann Verlag eran. Si publizéiere Weltliteratur fir Kanner, ma et sinn och Bicher vum Shakespeare do ze fannen. Mir hunn schonn e puer Geschichten an eisem Regal, si erfreeën eis ëmmer erëm!

Opmaacherbild: © Jessica Pamp / Unsplash


Dësen Artikel ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Ähnlech Sujeten 23. Abrëll, Auteur, Doudesdag, Hamlet, Klassiker, Literatur, MacBeth, Poesie, Romeo a Julia, Theater, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter, William Shakespeare, Zitater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel