Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen
https://moien.lu/beste-dating-sider-i-norge/ airg dating sign up

vinny ventiera dating

Okay, den Titel ass elo e bëssche Philosophesch. E bréngt

operation hydra matchmaking
https://moien.lu/beste-dating-sider-i-norge/ airg dating sign up

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet

Mam erzwongenen Zesummeschloss vun der ungarescher Press, déi sech géintiwwer

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!
https://moien.lu/beste-dating-sider-i-norge/ airg dating sign up

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller

Lëtzebuerg ass am Tennis Féiwer

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass d‘Gléck spierbar. Wéi eis de President Claude Lamberty um Telefon matgedeelt huet, wier en Dram Realitéit ginn. Hie beschreift dat esou: „Phänomenal, datt d‘Land am Tennis-Féiwer ass! An et ass nach net eriwwer!“ Eng grouss Leeschtung déi weist, datt de Gilles Muller den Drock konnt ofleeën. „Mat dëser Victoire ass d‘Motivatioun do, alles ass elo méiglech“, esou de Claude Lamberty.

Mee eent nom aneren! Firwat gëtt eigentlech gefeiert? Ganz einfach: Fir de Rafael Nadal gëtt et zu Wimbledon 2017 keen drëtten Doublé (Roland Garoos / Wimbledon). Hien huet sech dem Lëtzebuerger Gilles Muller um englesche Wues no enger epescher Ausernanersetzung misse geschloe ginn.

D’Victoire an der Aachtelsfinale ass fir de Lëtzebuerger eng scho bal onerwaarte Chance an d’Geschicht anzegoen. Den Nadal, deem eng Superform zougestane ginn ass, nodeems hien zu Roland Garros säin zéngten Titel geholl hat, huet seng Enttäuschung agestanen. Véier mol konnt den 31 Joer jonke Spuenier de Muller schloen. Dës Kéier war et anescht.

„Ech verléieren am véierten Tour, dat ass dat Resultat wat ech mer erwaart hat. (…) Ech wollt dëse Mätsch net verléieren. Et ass haart dat vu senger positiver Säit ze gesinn. Jo ech hunn Mätscher gewonnen, war besser wéi déi Jore virdrun. Gläichzäiteg hunn ech mech gutt gefillt, war prett fir Grousses. Ech hunn hei eng Geleeënheet verpasst“, sot de Spuenier dee säi leschten Tital zu London 2010 geholl huet.

Eng laang Ausernanersetzung

Mat 34 Joer, mécht de Gilles Muller seng beschte Saison vu senger Carrière. Seng zwee éischt ATP-Titel. Den éischten zu Sydney zu Ufank vun der Saison an s’Hertogenbosch, bei der Virbereedung fir de Wues.

En huet dann awer véier Stonnen a 47 Minutte gebrauch fir den Nadal um fënnefte Matchball an d’Knéien ze zwéngen. „Et ass déi schéinste Victoire vu menger Carrière (…) et wier schwéier ze verdaue gewiescht wann ech verluer hätt, mee op der aner Säit hat ech d’Gefill mäi bescht ginn ze hunn“ seet ee sichtlech gléckleche Gilles Muller.

Op hien säin Effort géint de Kroat Marin Cilic widderhuele ka steet nach an de Stäre. Wat allerdéngs fest steet, och deen dierft et net einfach kréien. Motivéiert duerch d’Victoire géint de Nadal, ass elo alles méiglech an alle Lëtzebuerger sollt dann och d’Daimecher drécken.

mam Ludovic Lupino /AFP

Foto: De Gilles Muller an Aktioun zu Wimbledon (London). Hie klappt de Spuenier an zitt an déi nächst Ronn, wou en dem Matrin Cilic géinteniwwer muss trieden. (© Adrian Dennis/AFP)

Ähnlech Sujeten Gilles Muller, Sport, Tennis, Wimbledon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel