Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?
dating hookup culture

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?

Wat richteg ass fir den Tubak, ka fir den Alkohol

https://moien.lu/nancy-jo-sales-vanity-fair-dating-apocalypse/
dating hookup culture

https://moien.lu/dating-your-girlfriend/

Et weess een et net. Soll een de Kapp rëselen

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
dating hookup culture

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

D'Reservatioun vun de Chaleten a Stänn fir de Chrëschtmaart

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

Vum 23. November bis de 24. Dezember wäert een op der Place d’Armes an der Place de la Constitution den traditionelle Chrëschtmaart fannen. Wéi all Joer proposéiert d’Stad Lëtzebuerg Associatiounen a Privatleit ee Chalet ze lounen oder ee Stand ze reservéieren, fir esou nees eng grouss Diversitéit u Produiten an Déngschtleeschtungen ze bidden.

Solidaresche Marché um „Roude Pëtz“

Associatiounen, déi vir ee karitativen Zweck Sue sammelen hunn d’Méiglechkeet ee vun de sechs Chaleten um Roude Pëtz, bei der Grand-Rue ze reservéieren. D’Käschte fir ee Chalet belafen sech hei op 15 € den Dag.

Weist äert Handwierk!

Véier Chalete gi Privatleit zur Verfügung gestallt, fir handwierklech oder kënschtleresch Kreatiounen, wéi Bijouen oder Patisserie, um Chrëschtmaart op der Place d’Armes ze verkafen. Wëll et schwiereg ass wärend der ganzer Zäit vum Chrëschtmaart ee Stand ze hunn proposéiert d’Stad Lëtzebuerg och d’Locatioun fir just e puer Deeg. De Präis beleeft sech hei op 25 € den Dag.

Second Hand Maart: Kleedung a Spillsaachen um éischten Dezember

Samschdes, den 1. Dezember ass bei der Hal Victor Hugo (60, avenue Victor Hugo, L-1750 Lampertsbierg) vu 9:00 Auer bis 17:00 Auer ee Second Hand Maart geplangt. Privatleit kréien hei d’Méiglechkeet Spillsaachen, Kleedung an aner Objeten, wéi Bicher oder Miwwel, fir Kanner unzebidden. D’Fraise leien hei bei 5 € fir ee Stand vun 4 x 2,50 Meter. Den Dësch an zwou Bänke gëtt Iech zur Verfügung gestallt.

Floumaart um zweeten Dezemberdag

Vun 9:00 Auer bis 17:00 Auer gëtt, och erëm an der Hal Victor Hugo, ee Floumaart organiséiert. Privatleit kënnen Objeten aus hirem Menage verkafen, déi si selwer net méi brauchen a se weider wëlle ginn. D’Käschte fir ee Stand leie bei 5 €, den Dësch huet eng Gréisst vun 4 x 2,50 Meter a gëtt mat zwou Bänken zur Verfügung gestalt.

Dir wëllt ee Stand reservéieren oder ee Chalet lounen?

Ab elo sinn Reservatioune vu Chaleten a Stänn beim Service vun de Fester a Mäert méiglech. D’Fraise mussen am viraus bezuelt ginn. Umelle kann ee sech hei:

Madame Marie-France Lamesch
Klenge Passage, 9 rue Chimay
Méindes bis Freides vun 9:00 bis 12:00 Auer oder op Rendez-Vous
Tel.: 4796 4299
mflamesch@vdl.lu

Ähnlech Sujeten Chalet, Chrëschtmaart, Floumaart, Handwierk, Second Hand, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel