Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Komm, mir kucken an d’Stären …
Neiegkeeten

Komm, mir kucken an d’Stären …

Mir hunn eng Familljerees duerch d’Universum gemaach – mir hunn

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert
Neiegkeeten

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert

No der Entscheedung vum US-President déi amerikanesch Ambassade vun Tel

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?
Neiegkeeten

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?

Am Kader vun den Aarbechten un der Infrastruktur vum Tram

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung

De Programm vum Winterlights 2018 steet fest a gouf Ufank dëser Woch vun der Stad Lëtzebuerg presentéiert. Vum 22. November 2018 bis Januar 2019 ginn d’Festdeeg vun enger mäerchenhafter Atmosphär mat Geliichts an dausend Facettë begleet. D’Visiteuren erwaart ee fantastescht Gesamtkonzept u Chrëschtmäert, Concerten, Ausstellungen, Manifestatiounen an Animatiounsprogramm fir Kanner.

Winterlights

© VDL

Eng feierlech Atmosphär duerch d’Beliichtung

Vum 22. November 2018 bis den 13. Januar 2019 ginn d’Stroossen a grouss Platze vun der Haaptstad mat enger wonnerbarer Chrëschtdagsbeliichtung dekoréiert. Vu 06:00 Auer moies bis 01:00 Auer an der Nuecht erstraalt Lëtzebuerg an dréit esou zu enger gemittlecher Stëmmung bäi.

Fir dëst Joer komme ganzer 249 nei Elementer mat 20 verschiddene Formen zum Asaz, déi virun allem am Stadzentrum an um Garer Quartier ze fanne sinn. Et dierf een awer och d’Quartiere ronderëm, wéi beispillsweis de Lampertsbierg, Märel oder de Pafendall, net vergiessen.

Chrëschtmäert an aner Mäert

An den 130 Holzhäisercher, déi op de Mäert an der ganzer Stad, verspreet sinn ginn handwierklech Objeten, Dekoratiounsgéigestänn, Bijouxen, Käerzen a villes méi zum Verkaf ugebueden. Mat traditionell Lëtzebuerger Kichen, verschiddenen Zorte Glühwäin a Leckereien aus aller Welt kritt een och a Saachen Iessen an Drénken enorm vill gebueden. D’Chrëschtmäert kennt Dir op folgende Platzen an der Haaptstad fannen:

  • Gëlle Fra – mat Riserad, Risepyramid a Manifestatioune fir déi ganz Famill (23.11. – 24.12.2018)
    Sonndes bis Donneschdes vun 11:00 bis 21:00 Auer, Freides a Samschdes vun 11:00 bis 22:00 Auer (um 24. Dezember ass um 17:00 Auer zou)
  • Place d’Armes – gemittlech Stëmmung mat grousser Iwwerdaachung (23.11. – 24.12.2018)
    Sonndes bis Donneschdes vun 11:00 bis 21:00 Auer, Freides a Samschdes vun 11:00 bis 22:00 Auer (um 24. Dezember ass um 17:00 Auer zou)
  • Square Jan Palach an Avenue Monterey – Zauberbësch an Holzhaisercher
  • Paräisser Plaz – Niklos- an Adventsmaart (22.11. – 23.12.2018)
    Méindes bis Sonndes vun 10:30 bis 20:00 Auer
  • Theaterplaz – een neie Chrëschtmaart (27.11. – 23.12.2018)
    Dënschdes bis Sonndes vun 11:00 bis 19:00 Auer, Méindes ass zou
  • Roude Pëtz – solidaresche Chrëschtmaart a Karussell (22.11. – 23.12.2018)
    Méindes bis Sonndes vun 11:00 bis 18:00 Auer
  • Victor Hugo Halen – Second Hand Maart fir Spillsaachen a Kannerkleeder (1.12.2018)
    Samschdes vun 09:00 bis 17:00 Auer
  • Victor Hugo Halen – Wanterfloumaart (2.12.2018)
    Sonndes vun 09:00 bis 17:00 Auer
  • Wochemäert wärend dem Winterlights-Festival
    • Knuedler: Mëttwochs a Samschdes vu 07:00 bis 13:30 Auer
    • Paräisser Plaz: Mëttwochs a Samschdes vun 07:00 bis 13:30 Auer
    • Place Léon XIII (Bouneweg): Mëttwochs vun 08:00 bis 13:30 Auer

Braucht Dir soss nach Informatiounen? Da kuckt ëmol HEI laanscht.

Gutt Doten wärend dem Festival

Wéi schonn an de leschte Joren ënnerstëtzt d’Stad Lëtzebuerg a seng Partner och elo rëm de Verain „Cent Buttek“. Aus dësem Grond besichen d’Kanner vum Cent Buttek Beggen um 8. Dezember 2018 de Kleeschen a kréien natierlech eng Tiitche mat Séissegkeeten.

Dësen Dag steet ganz am zeeche vum „Telethon“, eng Initiativ vum Lions Club „International District 113 Luxembourg“ fir d’Bekämpfung vu seelene Krankheeten. Vun 11:00 bis 17:00 Auer gëtt eng Spendenzentral ageriicht, wou een ënnert der Telefonsnummer 46 36 37 een Don maache kann.

De „Knuedler On Ice“ an de „Lëtzebuerger Adventszirkus“ setzt sech donieft och fir Mënschen an Nout an a bidden dofir enger Rei Verbänn aus dem Sozialberäich gratis Entréesticketen un.

Animatiounsprogramm fir Kleng a Grouss

Nieft engem räichhaltegen Ënnerhalungsprogramm, den dir um HEI fannt kann een natierlech och erëm um Knuedler Schlittschong fueren. Virun der Staater Gemeng kann ee vum 22. November 2018 bis de 6. Januar 2019 op enger Fläch vun 800 Quadratmeter um „Knuedler On Ice“ iwwert d’Äis flitzen. All weider Informatiounen heizou fannt dir um Site.

Zum Winterlights-Festival bitt och den Theater an der Stad ee flotte Programm mat diversen Opféierungen un. Och d’Cinemathéik op der Theaterplaz huet fir Kanner an Erwuessener eng Rëtsch Filmer um Plang stoen. Déi noutwenneg Informatioune fannt Dir um Site.

Wien u Konscht, Workshoppen a Liesungen interesséiert ass sollt emol an der Villa Vauban laanscht kucken. Fir all Kulturintresséierte sollt hei eppes um Programm mat dobäi sinn. Do léist natierlech och de Lëtzebuerg City Musée et sech net huele mat ze zéien an wärend de Festdeeg Manifestatiounen an Ausstellungen unzebidden. Majo och op der Place d’Armes wäert hei de Cercle Cité flott Manifestatiounen offréieren, déi dir HEI noliese kënnt. Op Concert oder Ausstellung, do kënnt jiddwereen op seng Käschten!

Wëllt Dir weider Informatiounen zum Lieshäisschen? Da kuckt emol HEI laanscht.
Méi zum Cortège vum Kleeschen um 2. Dezember 2018 fannt dir HEI.
All weider wichteg Infoen zum Thema Winterlights, Dännebeemsche kaafen, Ëmweltschutz wärend dem Festival, Transport bis hinn zu Präisser an Ëffnungszäite fannt Dir um Site vu VDL, Winterlights oder hei als praktesche PDF.

D’Team vu MOIEN wënscht op alle Fall ee flotte Festival a schéin Feierdeeg!

Ähnlech Sujeten Chrëschtmaart, Cinémathéik, Cité Cercle, Concert, Knuedler, Knuedler on Ice, Winterlights 2018
Nächsten Artikel Virrechten Artikel