Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Esports Federatioun stellt sech international op
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Esports Federatioun stellt sech international op

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) ass zanter Juli ganz Offiziell

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer
Kultur Neiegkeeten

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer

„Wann een ‚d‘Rudder am Grapp‘ huet da sollt ee sech

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?
Kultur Neiegkeeten

Wéi eng Zukunft fir d‘Nuklearofkommes mam Iran?

All d‘Länner déi nieft den USA mam Iran en Accord

Winterlights 2019 – En zolidd faarwege Programm

Winterlights 2019 – En zolidd faarwege Programm

De Knuedler an d‘Plëss dierften nees déi zentral „Hot-Spots“ vum Stater Animatiounsprogramm „Winterlights“ sinn. Chrëschtdag steet quasi virun der Dier an iwwert all dës Deeg géifen d‘Leit gären eppes gebuede kréien. Ma wann et nëmmen dat ass, do huet d‘Stad Lëtzebuerg dat richtegt.

Winterlights

Vum 21. November bis de 5. Januar gëtt engem all Dag eppes gebueden. Nieft de Chrëschtmäert op alle Plazen uechtert d‘Stad, der obligater Äispist um Parvis vun der Gemeng, der flotter Beliichtung a vill Kulturelles, wëllen d‘Organisateuren dëst Joer och nees innovéieren. Et sollen iwwer 232 nei „Elementer“ bäikommen dorënner eng Rei nei Dekoratiounen, déi een notamment op der Gar an an der Uewerstad sollt bestaune kënnen.

Vill flott dekoréiert Chrëschtbeem wäerten dem Stadbild mat senge ville Chantiere gutt doen. En Adventskalenner gëtt um Hamilius opgeriicht an all Dag soll et op der Plëss Liichtspiller ginn. (all Stonn tëscht 17.30 an 20.30 Auer). Op der Theaterplaz gëtt et Animatioune fir Grouss a Kleng, all Samschdeg ginn an de Geschäftsstroossen, an am Garer Quartier „Walking Acts“ ugebueden. Hei en Highlight: de 15. Dezember kommen d‘Winter Divas…

Natierlech kënnt de 6. Dezember och de léiwen Zinniklos. Am Kader vum „Kleeschen on Tour“ gi Séissegkeeten un Krapperte verdeelt. Fir d‘Butzen déi net esoulaang waarde kënnen: de Kleesche gëtt de Kanner um Niklosmaart an der Stroossbuergerstrooss (dat den 23. / 26. / 30. November an den 3. Dezember ëmmer tëscht 15 a 17 Auer). De gudde Mann huet sech also zolidd eng Virgeholl an et heescht hie wier och Soss nach am Land ënnerwee…

Alles an allem huet d‘Stad Lëtzebuerg 124 Chaleten op de verschiddene Plazen opgestallt. Hei gëtt et vun Dekoratiounsartikel iwwer Wantergezei bis hin zu kulinaresche Leckereien alles wat d‘Häerz begiert. De Lëtzebuerger Chrëschtmaart fënnt traditionell op der Plëss statt, wou och déi 13 Meter héich „Nordmann“ Dänn, zwee Manege fir d‘Kanner an natierlech d‘Krëpp opgeriicht ginn. An dat ass bei wäitem net alles wat et gëtt.

Winterlights

Um Fouss vun der Gëlle Fra fënnt de Wantermaart statt, an hei gëtt ee Riserad vun 32 Meter als Highlight ugebueden. Vill Animatiounen, ee mageschen Zuch, zwee Karusseller a gastronomesch Betriber ronnen d‘Offer of. Um Square Jan-Palach gëtt den éischte Wanterbësch presentéiert an den Niklosmaart fënnt wéinst dem Tramschantier dëst Joer an der Stroossbuergerstrooss statt. Beim Roude Pëtz gëtt et den traditionelle Solidaritéitsmaart.

De ganze Programm am Detail an och soss wichteg Informatiounen, fannt dir wéi gewinnt op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg.

Foto: Gerhard Gellinger / Pixabay

Ähnlech Sujeten Chrëschtmaart, LCTO, Stad Lëtzebuerg, UCVL, VDL, Winterlights
Nächsten Artikel Virrechten Artikel