Search

You may also like

Gesiichtserkennung: Microsoft deckt sechs Prinzipien op an fuerdert Gesetzer ze maachen
Neiegkeeten

Gesiichtserkennung: Microsoft deckt sechs Prinzipien op an fuerdert Gesetzer ze maachen

En Donneschdeg huet Microsoft géintiwwer der Gesiichtserkennung en Ensembel vu

Coronavirus: Quarantaine fir Spuenien
Neiegkeeten

Coronavirus: Quarantaine fir Spuenien

Fir der, duerch de Coronavirus ausgeléiste, Kris eppes entgéint ze

Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg: Bildlech Geschichtsschreiwung
Neiegkeeten

Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg: Bildlech Geschichtsschreiwung

Datt dës sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, eng

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen

Chrëschtmaart a vill Wanter-Animatiounen, dat vum 20. November bis den 3. Januar

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen

Um Mëttwoch huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer zesumme mat de Schäffe Serge Wilmes a Patrick Goldschmidt, den Detail zu de Chrëschtfestivitéiten, déi wéi gewinnt ënnert dem bewäerte Motto „Winterlights“ an eiser Haaptstad stattfannen, virgestallt.

Jo, et wäerte keng Chrëschtmäert ginn, wéi ee se gewinnt ass. Der Programm Winterlights Editioun 2020/21 muss sech och den aussergewéinlechen Ëmstänn, ausgeléist duerch de Coronavirus, ganz konkret unhuelen. Dat erkläert zudeem och direkt, firwat et dëst Joer esou zäiteg, also schonn den 20. November, soll lassgoen. Déi sanitär Mesuren, wäerten den Ëmstänn entspriechend streng sinn.

Grondsätzlech – an dat ass aliichtend – gëllt beim Konsum vun Iesswueren an/oder Gedrénks, datt de Client eng Sëtzplaz brauch. Et soll also méi „Terrasse“ ginn an och bannent den Etablissementer gëllen déi streng Reegelen, esou wéi se och vum Horesca-Secteur applizéiert ginn. Den „Take-Out“ ass staark begrenzt, a reduzéiert eigentlech op d‘Séissegkeeten. Dat mécht jo och duerchaus Sënn.

Natierlech dierf een näischt z‘iessen oder ze drénke matbréngen, an et muss ee sech och d‘Hänn desinfizéieren, fir Accès zum Site ze kréien. D‘Maskeflicht gëllt iwwerall a fir jiddereen. Ausgeholl sinn d‘Butze bis 6 Joer. A Jo, wann ee bis sëtzt an eppes ze drénken oder z‘iessen huet, dierf een sech der Mask temporär entleedegen. Wéi gesot, et gëllen déi selwecht Reegele wéi am Restaurant.

Wou ass dann alles eng lass?

Fir d‘Stëmmung vun de Leit iwwert dës Deeg eppes ze hiewen, gëtt et wéi all Joers eng ganz flott Chrëschtbeliichtung. An all eenzele vun de 24 Quartieren déi et an der Haaptstad gëtt, wäert vun de Servicer dekoréiert an illuminéiert ginn. D‘Chrëschtmäert sinn ënnert der Woch vun 11 bis 21 Auer, iwwert de Weekend (Freides a Samschdes) vun 11 bis 22 Auer op. De 24. a 25. Dezember ass zou.

Chrëschtmäert gëtt dann och op de folgende Plazen: Plëss (Place d‘Armes) – Gëlle Fra (Place de la Constitution) – Theaterplaz – Roude Pëtz -Royal Hamilius -Grouss-Gas – Stroossbuerger-Strooss. Um Knuedler gëtt selbstverständlech och eng Äispist opgeriicht, a well ee jo och do soll Ofstand halen, wäert déi dëst Joer ee gutt Stéck méi grouss sinn. Dat dierft de Krapperte gutt gefalen…

Op déi traditionell Animatioun um Kiosk op de Plëss, muss dëst Joer verzicht ginn. Et soll dofir aner Evenementer (Concerten, Poppentheater…) organiséiert ginn. Dat och nees alles am strikte Respekt vun den Hygiènesreegelen. Wärend der Dauer vum Winterlights Editioun 2020/21, kënnen d‘Wochemäert (Mëttwochs a Samschdes vun 8 bis 14 Auer) um Knuedler stattfannen.

De ganzen Detail zum Programm gëtt am November virgestallt. Et gouf verséchert, datt alles wat méiglech ass gemaach gëtt, fir datt déi sanitär Sécherheet wärend dem Winterlights kann assuréiert ginn. Et wäert awer eng zolidd Erausfuerderung vir all déi bedeelegt Servicer ginn, an do wéi beim „Testing“ heescht et dann och: „Mir sinn all en Deel vun der Léisung“.

Illustratioun: © Element5 Digital / unsplash

Related topics Chrëschtmaart, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, Winterlights
Next post Previous post