Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Pappe-Congé op zéng Deeg verlängert
Money Neiegkeeten

De Pappe-Congé op zéng Deeg verlängert

Gutt Nouvellen a se kommen direkt aus dem Mond vum

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
Money Neiegkeeten

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“
Money Neiegkeeten

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“

Am Kontext vun der Konferenz „Living City“ huet d‘Ëmweltministesch Carole

money

Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt

Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt

2017 war konjunkturell gutt an huet sech positiv op de Chômage ausgewierkt. Dat zumindest ass en éischte Fazit deen sech aus den Zuelen, déi esouwuel de Statec wéi d‘ADEM fir de November virgeluecht hunn, ergëtt.

Et wieren deemno zum 30. November 15.876 op der Sich no enger Schaff gewiescht. Dat sinn der 896 Manner wéi nach am leschte Joer. Besonnesch positiv ass, datt et besonnesch déi méi jonk Chômeure sinn déi vun der gesonder Konjunktur profitéieren.

Bei den ënner 30 Joer, verzeechent d‘ADEM eng Baisse vun 8,2%. Och déi net esou „qualifizéiert“ Demandeure komme gutt ewech: -8%. Déi drëtt Grupp, déi vun der gudder konjunktureller Situatioun e Notzen zitt, sinn d‘Laangzäitchômeure: -7,9%. Et geet also virun, wirtschaftlech betruecht.

Dat kann een esou festhalen, och wann een net vergiesse sollt, datt et awer ëmmer Problemzone gëtt. Esou huet d‘Zuel vun den Demandeuren iwwer 50 Joer ëm 1% zougeholl, bei deenen „déi eppes méi laang an d‘Schoul gaange sinn“ ass et esouguer e Plus vun 2,8%.

Merci Isabelle?

Wéi d‘Isabelle Schlesser am Mäerz 2013 d‘Direktioun vum „Aarbechtsamt“ iwwerholl huet, konnt kee sech déi erkannten Entwécklung virstellen. Et muss een awer dierfe feststellen, datt säit d‘Isabelle d‘Rudder an der Hand huet, d‘Zuelen sech kontinuéierlech verbessert hunn.

Déi nei Direktesch hat, wéi si ugefaangen huet, nach mat engem Chômagetaux ze kämpfen, deen iwwer 7% geleeën huet. An och ënnert dem Isabelle Schlesser, huet ee misse Mäerz 2015 ofwaarden, fir eng notabel Baisse, déi dann och ugehalen huet, ze notéieren.

Elo dann awer wëllen ze gleewen, datt et der Direktesch hire Verdéngscht wier, trëfft et net genau. Zwar soll den „Ëmgang“ op der ADEM sech verbessert hunn, et ass awer net zulescht de wirtschaftlechen Opschwong, dee fir d‘Baisse vum Chômage verantwortlech ass.

Dat ännert näischt un der Tatsaach, datt een zouversiichtlech an d‘Zukunft ka blécken. Et kënnt een de „5%“ ganz no, wat säitens den Wirtschaftsexperte scho bal als Vollbeschäftegung ugesi gëtt. An tatsächlech wiere vill EU-Länner méi wéi erfreet och esou en Taux virzeweisen.

Besser opgestallt

Wann ee sech dann eens ass, datt „net alles“ de Verdéngscht vum Isabelle Schlesser ass, esou muss een dann awer fairerweis soen, datt Si d‘Servicer vun der ADEM verbessert huet. D‘Informatik ass weiderentwéckelt an och bei der Formatioun vun de Chômeure ass villes erreecht ginn.

2017 huet d‘ADEM sech de Besoine vun der Wirtschaft ugeholl. Déi brauch ëmmer méi qualifizéiert Leit, notamment am Beräich vun der Informatik. Hei gi spezifesch Formatiounen a Programmer gebraucht, déi vun der ADEM dann och implementéiert gi sinn.

Nieft der Formatioun ass et awer och wichteg seng Kontakter ze fleegen. Mat enger grousser Zuel u Partnerschaften op diversen Niveauen, ass der ADEM e gudde Coup gelongen. D‘Offer gëtt vun den Demandeure gutt ugeholl an dréit schonn seng éischt Friichten.

Et kann een also optimistesch op 2018 blécken. De Wuesstem schéngt stabil ze bleiwen an all Dag kommen nei Entreprisen sech zu Lëtzebuerg néierloossen. Eng Ausso déi sech esou un de Projeten „Google“ an „JCR Pharmaceuticals“ festmaache léisst.

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Isabelle Schlesser, Konjunktur, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel