Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
Neiegkeeten dating hessen

stages of dating me

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Killerlizenz fir d‘USA
Neiegkeeten dating hessen

Killerlizenz fir d‘USA

Datt d‘Ermordung vum iranesche Generol Quassem Soleimani Vëlkerrechtswiddreg war dat

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
Neiegkeeten dating hessen

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?

En neie Mount heescht neie Stoff op Netflix. Wéi scho

Wirtschaft & Wuesstem zu Lëtzebuerg: „Ouni d‘Grenzgänger géif et béides net“

Wirtschaft & Wuesstem zu Lëtzebuerg: „Ouni d‘Grenzgänger géif et béides net“

De Wirtschafts- a Sozialrot (CES) huet gëschter am „Haus vum permanente Sozialdialog“ säin 1. Avis zur Groussregioun an der Komplexitéit vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, bezunn op déi grenziwwerschreidend Beschäftegungsverhältnisser, virgeluecht. Et soll dat den Ufank vun enger ganzer Serie sinn, esou déi aleedend Erklärung vum President Jean-Jacques Rommes.

Hien huet zudeem drop higewisen, datt et hei nach wäert e Rei Entrevuen an Avise ginn, dat och notamment an der Beräicher Bildung, Fiskalitéit a villem méi. Et ass net déi éischte Kéier, datt d‘Frontaliere Géigestand vun „Iwwerleeungen“ an „Diskussioune“ sinn, besonnesch am Kontext vun enger sech verännerender Aarbechtswelt an dem suggeréierten Zwang vum éiwege Wuesstem.

An dësem éischten Avis also, gëtt sech ganz entschidden dem Rôle vun de Grenzgänger an dären Afloss op d‘Wirtschaft ugeholl. Wann et richteg ass, datt si gutt vun den Opportunitéite profitéieren, esou sinn si och eppes dovunner ofhängeg, grad wéi d‘Wirtschaft a besonnesch de Wuesstem vun eiser Wirtschaft op d‘Frontalieren ugewisen ass. Mee kann de Wuesstem ondefinéiert weider goen?

Laut dem Jean-Jacques Rommes misst een elo awer bedenken, datt eleng unhand der ekonomescher an demographescher Entwécklung, eng ëmmer méi héich qualifizéiert „Main d‘Oeuvre“ gebraucht gëtt, wann een déi bestoend Kompetitivitéit wëll erhalen an ausbauen. An elo wier et och nach dës qualifizéiert Aarbechtskraaft déi der Groussregioun ausgeet. Esou zumindest den Avis vum CES.

Si sollten et besser wëssen

Elo ass et richteg, datt déi Lëtzebuerger Entreprisen an natierlech och ëmmer méi staatlech bis hin zu kommunale Servicer op déi „mënschlech Ressourcen“ vun hannert der Grenz ugewise sinn, et awer mat der Attraktivitéit eppes biergof geet. Dat awer ass net de Problem deen am Avis opgeholl gëtt, och wa ganz däitlech insistéiert gëtt, datt de Grenzgänger fir d‘Wirtschaft liewenswichteg ass.

Mee et ass eng Wirtschaft déi selwer net wierklech vill ze iwwerleeë schéngt an eigentlech just vun der Politik verlaangt „ze liwweren“, wat déi natierlech net kann. Wéi soll déi och wësse wat vun der Wirtschaft gebraucht gëtt an wéi een Disponibilitéiten antizipéiert. Dofir bréicht et nieft politeschen Echangen och korrekt demographesch Zuelen an en ugepasste Schoulsystem fir d‘Groussregioun.

Net ze vergiessen, datt de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart sech ëmmer méi am „Tertiäre“ entwéckelt. Dat allerdéngs mat ëmmer méi spezifeschen Ufuerderungen, wat zu ganz partikulare Profiller féiert, déi d‘Groussregioun net amstand ass ze liwweren. An, esou den CES-President, sollt ee bedenken, datt déi ganz Verännerungen sech op d‘Mobilitéit am Land an dem Grenzberäich auswierken.

Wann een d‘Konsequenzen offiederen, déi sozial Kohäsioun erhalen an de Wuesstem weiderdreiwe wëll, da muss d‘Zesummenaarbecht an d‘Koordinatioun tëscht alle Partner (politesch an national) besser ginn. Zudeem verlaangt de Wirtschafts- a Sozialrot eng „besser Iwwersiicht“ iwwert dat grousst Ganzt, fir ze verhënneren, datt et zu engem gréisseren Desequiliber an der Regioun kënnt.

Interesse vertrieden…

Fir den CES sinn déi soziologesch Erausfuerderungen déi mam ekonomesche Wuesstem anhier ginn ee wichtegt Element dat berécksiichtegt muss ginn. Hei monéiert de Wirtschafts- a Sozialrot datt déi sektoriell Repartitioun vun der Aarbechtskraaft vun de Frontalieren zum Problem ka ginn. Si wieren an der ëffentlecher Administratioun ënnerrepresentéiert, am Sozial- a Gesondheetssecteur (wéi och an Deeler vun der Privatwirtschaft) dann nees iwwerrepresentéiert. Dat wier éischter schlecht.

An esou ass de Wirtschafts- a Sozialrot der Meenung, datt déi politesch verantwortlech Acteuren hei besonnesch Uecht doe mussen, datt et net zu enger ongewollter Segregatioun kënnt a méi fir déi sozial Kohäsioun muss gemaach ginn. De CES betount dann och, datt zur Stonn eenzeg an eleng déi verschidde Beruffskummeren zu Lëtzebuerg d‘Grenzgänger als „Wieler“ unerkennen. Woubäi hei elo och net explizit gefuerdert gëtt, datt d‘Grenzgänger och un eise Wahle sollen deelhuelen.

De Wirtschafts- a Sozialrot verweist a sengem Avis och op d‘Partikularitéit vun der Groussregioun. Si wier am europäesche Geflecht ee fantastesche „Laboratoire“ dee bedauerlecherweis net déi him eigentlech zoustoend Opmierksamkeet vun den europäeschen Institutiounen erhält. Dat gesinn se zu Bréissel eppes differenzéiert. Hei gouf jo scho versicht Lëtzebuerg opzëerleeën, datt d‘Frontalieren, wa se hir Aarbecht hei verléieren, hir Chômageindemnitéit och vun eis muss bezuelt ginn.

Aarbechtsrecht, Fiskalitéit a villes méi

Elo ass dat den éischten Avis vun enger ganzer Rei Avisen déi sech de Wirtschafts- a Sozialrot, déi eis nach erwaarden. Op d‘Aarbechtskraaft aus de Grenzregiounen zréckzegräifen, dat hu mir scho gesot, wier fir d‘Land Liewenswichteg, zumindest wa sech Lëtzebuerg weider entwéckele wéilt (wirtschaftleche Wuesstem). An d‘Virdeeler fir d‘Land sinn och net vun der Hand ze weisen…

D‘Grenzgänger bezuele Steieren, cotiséieren an d‘Sozialkeesen a sinn niewebäi och Konsumenten. An enger Etüd vum STATEC aus dem Joer 2018, gouf festgehalen, datt déi sengerzäit ronn 192.000 Salariéeën aus dem Ausland 11,5 Milliarden Euro Pai ausbezuelt kruten an eng 2,4 Milliarden Euro als Sozialleeschtung erhalen hunn. Si hunn dovunner 1,1 Milliarde Steieren an 2,6 Milliarden u Cotisatioune bezuelt a sollen 2018 och 4,5 Milliarden Euro an de Konsum gestach hunn.

Weise mir nach drop hin, datt och eis Zentralbank sech drop behaapt, datt d‘Frontaliere bis zu 17% vum Bruttoloun zu Lëtzebuerg ausginn. Informatiounen déi am Kontext vun enger steierlecher Réckiwwerdroung wichteg sinn, an och als Grondlag fir den nächsten Avis, dee sech da mat der Fiskalitéit beschäftegt, genotzt wäerte ginn.

An dësem Kontext wäert sech da wuel och domadder mussen ausenanergesat ginn, datt den héije Verdéngscht zu Lëtzebuerg, am direkte Verglach zu de Paien am Ursprongsland, och en zolitten Impakt op déi lokal Wirtschaft „hannert der Grenz“ huet. Net ze vergiessen, datt duerch d‘Kris am Logement zu Lëtzebuerg an déi domadder verbonnen „Auswanderung“ ee massiven Afloss op d‘Präisser hëlt, wat nees zu soziale Spannungen an der Groussregioun féiert.

Foto: © Alex Kotliarskyi / unsplash

Ähnlech Sujeten CES, Wirtschaft, Wirtschafts- a Sozialrot, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel