Kleng lokal Geschäfter erhalen
E Freideg huet de jonke CSV-Deputéierte Serge Wilmes e Gesetzvirschlag
E Freideg huet de jonke CSV-Deputéierte Serge Wilmes e Gesetzvirschlag
Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well
Et seet een (zu Recht!) datt Lëtzebuerg e schéint Land
Russland ass a bleift en interessante Wirtschaftspartner. Déi Lëtzebuerger Regierung huet en natierlechen Interessi un engem Handelsofkommes, dat unhand de bestoenden EU-Sanktioune géintiwwer Moskau keng mince Affär ass.
E gudde Grond fir de Premierminister Xavier Bettel an de Vizepremier Etienne Schneider d‘Rees a Richtung Moskau unzetrieden huet et awer ginn. Dat war den „Open Innovations Forum“ am Skolkovo Technopark. Gutt de Forum ass eng Saach, méi wichteg awer waren d‘Gespréicher hannert de Kulissen.
De Forum vum Technologiesecteur ass dann och ganz favorabel fir esou Gespréicher an Entrevuen ze organiséieren. Lëtzebuerg, datt e groussen Interêt un neien Technologien huet an sech hei e Numm wëll maachen, gesäit a ville Beräicher Gemeinsamkeeten, déi wirtschaftlech Bezéiunge begënschtegen.
E Beräich ass déi zivil Notzung vun de Weltraumressourcen. En Thema, dat besonnesch dem Etienne Schneider um Häerz läit. An et ass dann och net vun Ongeféier, datt Lëtzebuerg sech hei mat der Raumfaartnatioun Russland wëll zesummendoen. De Vizepremier géif et begréisse wann d‘Commission Mixte vun der UEBL (Belsch-Lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun) a Russland sech esou schnell wéi méiglech kéinten un een Dësch sëtzen.
Dat huet och seng Logik, well fir Weltraumressourcen ze notzen, muss international zesummegeschafft ginn. Russland kann hei eng wesentlech Roll zoukommen, an och wann sech den Etienne Schneider hei bedeckt gewisen huet, esou dierft och d‘Rakéitebasis zu Baikonour am Zentrum vun den Iwwerleeunge stoen. Den Austausch vu Start-Up Entreprisen ass hei éischter als „ausgestreckten“ Hand ze gesinn.
Wann dem Vizepremier säi Problem „Weltraumressourcen“ heescht, esou huet de Xavier Bettel ganz aner Suergen. An der Entrevue mat sengem Homolog Dmitri Medvedev stoungen d‘EU-Sanktioune ganz uewen op der Lëscht. Sanktiounen déi mat der Annexioun vun der Krim zesummenhänken.
Bei der Pressekonferenz huet de russesche Premier dann och schlicht festgestallt: „Mir sinn alleguerte d‘Verléierer“. Hei ginn et dann och keng honnert Alternativen, eenzeg den Dialog kann hei zu engem fir all Säiten zefriddestellende Resultat féieren. An awer huet ee seng léif Méi sech virzestelle wéi dat soll ausgesinn.
A Punkto Sanktioune muss Lëtzebuerg op der EU-Linn bleiwen, dozou ass d‘Land verflicht. Gläichzäiteg besteet e berechtegten Interessi sech wirtschaftlech méi no ze kommen. Besonnesch am Beräich vun de neien Technologië ginn et vill Iwwerschneidungen an eng Zesummenaarbecht wier fir béid Säite vu Virdeel.
Wéi wäit d‘EU-Sanktiounen sech elo op den 2011 erreechte Partnerschaft- a Modernisatiounsaccord tëscht Russland a Lëtzebuerg auswierken, dat ass am Detail schwéier ze bestëmmen. Richteg ass awer och, datt no sechs Joer den Accord net méi den aktuellen Ufuerderunge gerecht gëtt. Vun de neien Technologien ass am Text wéineg enthalen, d‘Weltraumressourcë kommen iwwerhaapt net dra vir.
Am neien Accord, deen sech de Xavier Bettel wënscht, sollten awer nieft de neien Technologien och d‘Digitaliséierung, d‘Héichschoul an d‘Fuerschung berécksiichtegt ginn. Geschafft gëtt och un engem neie bilateralen Ofkommes bei der Sozialversécherung. Do läit also nach vill Aarbecht un an et muss ee wuel 2018 ofwaarde fir an dësem Dossier méi gewuer ze ginn.
mam SIP
Foto: Entrevue tëscht dem Premierminister Xavier Bettel a sengem Homolog Dmitri Medvedev © Alexandre Astafiev/RIA Novosti/SIP