Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?

D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun enormer Bedeitung.

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit
International Neiegkeeten

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen
International Neiegkeeten

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Reesen tëscht dem Kontinent a Groussbritannien, sanitär Kontrollen, perséinlech Daten:

Wirtschaftlech Reprise am Frankräich

No 55 Deeg am Confinement, ginn och am Frankräich d‘Confinementsmoossnamen elo gelackert, mee an der Bevëlkerung ass een net vun der marcronistescher Krisegestioun iwwerzeegt…

Wirtschaftlech Reprise am Frankräich

Vun haut un soll et also bei eise franséischen Noperen nees eppes méi Fräiheete ginn. Den Datum hat de President Emmanuel Macron scho virun enger Rei Wochen ugekënnegt an de Premier Edouard Philippe konnt d‘Reprise dann och leschten Donneschdeg bestätegen. Einfach awer gëtt d‘Ëmsetzung vum Deconfinement net, et wäert nach Woche brauche bis déi nei Normalitéit gräift.

Ugesiichts de positiven Entwécklunge kënne mir elo den Deconfinement lancéieren. Et wäert ee luesen, e progressive Prozess sinn, dee sech méiglecherweis iwwert Wochen hinzéie wäert“, esou de franséische Premierminister an enger Usprooch op der Tëlee um Sonndegowend. D‘Leit dierfen elo also nees hir Haiser verloossen, ouni sech mussen e „Passéierschäin“ an der Täsch ze hunn.

Am ëffentleche Raum sollen sech bis zu 10 Persounen (mat engem Sécherheetsofstand vun engem Meter) dierfen treffen, all d‘Geschäfter kënnen hir Aktivitéiten nees ophuelen an och d‘Schoulen – ënner Konditiounen – dierfen nees d‘Kanner bei sech empfänken. Wien den ëffentlechen Transport notz fir op d‘Schaff ze goen, brauch allerdéngs eng Bescheinegung, an hei gëllt och Maskeflicht.

De Premierminister Edouard Philippe huet dann och nach emol insistéiert, datt een d‘Reprise, oder wéi d‘Leit et soen „de Wee an déi nei Normalitéit“ mat gréisster Virsiicht muss ugoen, fir och weiderhin d‘Zuel vun den Neiinfektiounen niddreg ze halen. Et misst een do ee Gläichgewiicht fannen, an datt dat keng einfach Affär ass, sollt de Leit net wierklech musse stänneg erkläert ginn.

Fir den HORESCA-Secteur, Kulturbetriber (Theater, Kino a Muséeën) an touristesch Attraktiounen heescht nach weider Gedold ze hunn. Deplacementer sinn op den Ëmkrees vun 100 Kilometer (ab der offizieller Adress) begrenzt, fir Ausname brauch et een trëftege Grond. D‘Grenze bleiwen och zou, vun dëser Mesure sinn awer d‘Grenzgänger ausgeholl. Schaffe goen ass deemno méiglech.

Net iwwerdriwwe begeeschtert

Wa gewosst ass, datt eis Noperen haart vun de Covid19-Pandemie getraff goufen, esou dierf ee sech freeën, datt – och wann se drastesch waren – d‘Mesuren hir Friichte gedroen hunn. Säit dräi Woche geet d‘Tendenz am Kontext vun de Neiinfektiounen däitlech no ënnen, besonnesch wat de Besoin un Intensivbetter betrëfft. Um Sonndeg waren dann och nëmmen nach 70 Affer ze bekloen.

Elo ass et d‘Zil vun der Regierung eng zweet Infektiounswell ze verhënneren. Dofir gëllt an alle Geschäfter, dem ëffentlechen Transport an op deene Plazen am ëffentleche Raum, wou eng Distanz schwéier anzehalen ass, déi absolut Maskeflicht. Wien dat net respektéiert, ka mat bis zu 150 Euro bestrooft ginn. Et gëtt méi getest, de Kontakt-Tracing bei Neiinfektiounen nees intensivéiert.

Kléngt eigentlech vernënfteg, mee d‘Fransousen trauen hirer Regierung net. Frankräich ass een vun de Länner an Europa, wou d‘Regierung net op d‘Vertraue vun de Bierger zréckgräife kann. Esou wéi Matignon d‘Kris geréiert huet, déi deels iwwerdriwwe Repressioun an eng widderspréchlech Kommunikatioun, hunn vill derzou bäigedroen. D‘Fransouse sinn net iwwerzeegt, datt et opgeet…

D‘Ëffnung vun de Schoulen an d‘Reegelen am ëffentlechen Transport si ville Fransouse suspekt. Besonnesch wat d‘Schoulen ubelaangt; hei halen zweedrëttel vun de Fransousen dëse Schratt fir verfréit, begréissen awer, datt ee selwer entscheeden dierf op ee seng Butzen nees an den Unterrecht schéckt oder et virzitt, weider „Schoul doheem“ ze maachen. Ofstand hale wier hei illusoresch.

Datt een an de Stousszäiten en Zertifikat vum Employeur brauch, wou d‘Aarbechtszäite mussen opgewise ginn, fir dierfen den ëffentlechen Transport ze benotzen, gëtt net appreciéiert, datt all zweete Sëtz muss fräi bleiwe wier wuel verständlech, mee wann eleng zu Paräis 5 Millioune Leit drop ugewise sinn, wier ee séier um Enn mat de Kapassitéiten. De Vëlo ass awer eng Alternativ…

mat indymedia/par

Illustratioun: An de groussen Agglomeratioune wäert de Vëlo en neie Stellewäert anhuelen. Vill grouss Stied am Frankräich hunn de Prinzip vun de „Pop-up Bikelanes“ adoptéiert, fir de Leit déi op de Vëlo ëmsteige wëllen, méi Sécherheet ze bidden. © Elise/FranceBleu (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Deconfinement, Frankräich, Reprise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel