Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020
Money Neiegkeeten Stories

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020

Bei der sougenannter City Nature Challenge entdecken 200 Stied an

US-Mënscherechtsorganisatioune ruffen zum Boykott vu Facebook op
Money Neiegkeeten Stories

US-Mënscherechtsorganisatioune ruffen zum Boykott vu Facebook op

En Dënschdeg huet sech Facebook, dat weltwäit gréisste sozial Netzwierk,

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet
Money Neiegkeeten Stories

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt

money

Wirtschaftlech sti mir eis gutt

Laut dem Konjunktur-Flash vum STATEC: Lëtzebuerg bewältegt d‘Kris besser wéi aner Länner

Wirtschaftlech sti mir eis gutt

A senger Publikatioun zur Lag vun der Konjunktur, huet de STATEC sech mam Impakt vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie, beschäftegt. Esou wiere verschidde Source ofgeglach gi sinn, wat et méiglech gemaach huet, de Réckgang vun den Aktivitéiten a Verbindung mat der Kris besser ofzeschätzen. Géintiwwer eiser Noperen hale mir eis ekonomesch gutt.

Wéi kann ee esou eng Behaaptung opstellen, wa gewosst ass, datt d‘Enquêten zur Konjunktur fir d‘Méint Mäerz an Abrëll eréischt kuerzfristeg virgeleeën hunn an och eigentlech nach net wierklech beonrouegend Signaler enthalen? Dofir huet de STATEC missen de Réckgang vun den Aktivitéiten iwwert aner Sourcen Ermëttelen. Si hunn sech d‘Zuele vun hiren Homologen am Ausland ugekuckt.

Doriwwer eraus ginn och Daten aus anere Quellen, déi sech Abseits vun den offizielle Statistike befanne genotzt. Dozou gehéieren d‘Informatiounen déi direkt vun den Entreprise bäigesteiert ginn, wéi och Donnéeën déi vun aneren Institutiounen oder Administratioune bereet gestallt ginn. All dës Daten hunn et erméiglecht anzeschätzen, datt et e Réckgang vu 25% bei den Aktivitéite ginn huet.

An datt et eis verhältnisméisseg besser ergeet, wier dann och der Finanzplaz geschëlt, déi fir gutt e véierels vun der Wäertschëpfung am Land verantwortlech ass. Elo ass awer gewosst, datt sech och am Beräich vun der Bourse villes am Laf vum Mäerz zum schlechte verännert huet, an och dat elo en Impakt op eis Finanzplaz huet. Trotz allem wier dëse Secteur wesentlech besser opgestallt.

Fir aner Secteure, wéi beispillsweis den HORESCA-Secteur, de Bau an den Transportsecteur, géif et dogéint méi schlecht ausgesinn. Och d‘Industrie spillt zu Lëtzebuerg eng manner wichteg Roll, wéi dat de Fall an eisen Nopeschlänner ass. Dat verhënnert net, datt et zu gudder Lescht awer och hei nëmmen eng Schätzung ass. Méi Kloerheet kann et eréischt ginn, wann d‘Fakte virleien.

Et kënnt zur Rezessioun

Well den aktuelle Kontext vill Ongewëssheeten an d‘Previsiounen afléisse léisst, huet de STATEC zwee ekonomesch Zeenarien elaboréiert, déi sech op den Aktivitéitsverloscht engersäits, an op zwee ënnerschiddlech Fäll anersäits – am Bezuch op d‘Evolutioun vun der sanitärer Situatioun – stëtzen, ouni datt een dovunner an dësem Stadium privilegiéiert ginn ass. Einfach ass esou eppes net.

Am éischten Zeenario mam Titel „begrenzte Confinement“, geet de STATEC vun enger staarker Reprise vun den ekonomeschen Aktivitéiten zum 3. Trimester 2020 aus an engem Retour zur Normalitéit fir den 2. Semester. Duerch de groussen Offall vun den Aktivitéiten am 2. Trimester, géif de BIB 2020 6% verléieren, mee schonn 2021 nees 7% gewannen. Datt ass déi gutt Variant.

Hei ass awer keng resurgence vun der Pandemie berécksiichtegt ginn. Wier deem esou, hätt dat eng gréisser a weltwäit wirtschaftlech Kris zur folleg, wat eis bei den 2. Zeenario bréngt, dee vum STATEC als „verlängerte Confinement“ betitelt gëtt. Dat géif eng Perte vun 12% beim BIP 2020 ausmaachen an et wier nëmmen ee liichte Wuesstem fir 2021 méiglech. Dat ass de „worst case“.

Onofhängeg vun de genannten Zeenarien, ass och de Vertrauensbarometer vun allen ekonomeschen Acteuren e wichtegen Indiz. D‘Vertrauen hunn dann och am Abrëll ganz zolidd gelidden a fir déi meescht Secteure muss de STATEC en historeschen Déifstand aktéieren. Bei de Konsumenten huet sech dësen Effet schonn am Mäerz ganz staark bemierkbar gemaach. Hei geet d‘Angscht ëm…

All dës Elementer zeechnen d‘Perspektiv vun enger Rezessioun fir den 1. Semester. Dat bestätegt sech och duerch déi virleefeg Estimatioun vum BIP an der Eurozon, deen eng Baisse vu 4% opweist an dat obwuel den Impakt vun de Confinement-Mesuren op déi wirtschaftlech Aktivitéiten, eréischt Mëtt Mäerz ugefaangen huet sech bemierkbar ze maachen. Fir Zouversiicht daacht dat leider net.

Wéi eng Roll huet de Finanzsecteur?

Laut der Analys vum STATEC ass de Finanzsecteur net direkt vum Aktivitéits-Stopp betraff, wat net bedeit, datt de Secteur verschount gi wier. D‘Konjunktur-Enquête an der EURO-Zon fir de Mount Abrëll, weisen hei wesentlech méi héich Ängschten op, wéi dat an der Finanzkris vun 2008 de Fall war, bezunn op d‘Evolutioun vun der Aktivitéit, der Demande, der Rentabilitéit a.v.m.

D‘Verfall vum Akommes an d‘Vertraue vun den Entreprisen an de Menage wäert sech op d‘Aktiva vun de Finanzgesellschaften auswierken (Erhéijung vun de Käschte fir den Ausfallsrisiko) esou wéi och d‘Demande vun neie Servicer a Verträg impaktéieren. D‘Banke gesinn eng Baisse bei der Nofro vu Kreditter ma laange Lafzäiten, dofir eng Hausse fir kuerzfristeg Kreditter bei den Entreprisen.

Wann d‘Banken eng gewësse Flexibilitéit bei de Kreditter fir Entreprise weisen, esou dierften elo d‘Kritäre vir ee Kredit dee vun de Menagen ugefrot ginn, entspriechend verschäerft ginn. An dat ass dann och nëmmen de Stand fir dat éischt Quartal vun dësem Joer, villes dierft elo vun der Reprise vun den Aktivitéiten ofhänken, a wéi déi verschidde Secteuren sech dësem Schlag erhuelen.

D‘Land hat säin éischte bestätegten Infektiounsfall den 1. Mäerz, an zu Lëtzebuerg sinn d‘Zuelen am Verglach zu de Nopere séier geklommen. Dat huet domadder ze dinn, datt bei eis vill méi Tester duerchgefouert goufen, mee et steet och a Verbindung mat der Ouverture vun der Lëtzebuerger Wirtschaft an der Inclusioun vun de Grenzgänger. De 16. Mäerz koum et dann zum Confinement.

Eng Moossnam déi hir Friichte gedroen huet, och wann d‘Zuel vun den Neiinfektiounen ufangs nach héich bliwwen ass, wat awer domadder zesummenhänkt, datt dës Mesuren eréischt no ronn 14 Deeg hir Wierkung entfalen. Zanter Enn Abrëll berouegt sech déi sanitär Lag, an dat obwuel bei eis massiv méi getest gëtt, wei dat bei eisen direkten Noperen nach ëmmer de Fall ass.

Vu Gewënner a Verléierer

Mam Confinement an de Grenzschléissunge sinn d‘Stroossen am Land vum Verkéier befreit ginn. Am Mäerz huet et eng Baisse vu ronn 30% un der Pompel ginn. Den Trafic ass jo och däitlech zréckgaangen. Profitéiert huet dovunner eigentlech nëmmen d‘Natur, mee dat dierft just temporär esou de Fall sinn. Anersäits sinn d‘Einname bei den Accise an der TVA ganz zolidd agebrach.

Fir de Mäerz an den Abrëll notéiert de STATEC, datt gutt 30% vun de Salariéeën zu Lëtzebuerg a Kuerzaarbecht (partielle Chômage) waren. An der Finanzkris vun 2009 huet dësen Taux bei 3,4% geleeën, eigentlech nëmmen 1,7%, wann een déi Demande berécksiichtegt, déi eng Entschiedegung zur folleg haten. Aktuell betrëfft dat all d‘Entreprisen déi ugewise goufen zou ze maachen.

Mat der Reprise vu gewësse Secteuren – notamment de Bausecteur – sollt sech d‘Lag am Kontext vun der Kuerzaarbecht awer nees berouegen. Beim Chômage si mir och besser ewech komm, wéi dat anerwäerts de Fall ass. Dank dem partielle Chômage, ass den effektive Chômagetaux vu 5,5% am Februar op nëmme 6,1% vun der aktiver Bevëlkerung geklommen. Dat huet awer och säi Präis.

An awer, fir den Ament halen sech d‘Steiereinnamen nach gutt (-1,6% géintiwwer dem Virjoer) mee et wäert een elo den Impakt bei de Recette vun der TVA an den Accise mussen am A behalen. Och déi Delaien, déi den Entreprisen zougestane gouf an d‘Perte beim Akommes vun de Menage wäert ee fiskalen Impakt mat sech bréngen. Eng Evaluatioun vun der Konjunktur erliichtert dat net.

Elo muss ee sech dann awer eppes gedëllegen. Virun Ufank Juli, léisst sech den Impakt, esou wéi en elo presentéiert gëtt, net wierklech bestätegen oder dementéieren. Villes hänkt och dovunner of, wéi d‘Leit mat der Situatioun ëmginn, an esou eng gewësse Verantwortung fir d‘Gelénge vun der Reprise, oder am schlëmmste Fall, fir eng zweet Well an en neie Confinement iwwerhuele mussen.

Illustratioun: © Markus Winkler / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Konjunktur, Sanitär Kris, Statec, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel