Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Heftege Reen fuerdert éischt Affer
Money Neiegkeeten

Heftege Reen fuerdert éischt Affer

Ronderëm d‘Mëttelmier huet d‘Natur seng ganz Gewalt agesat a fierchterleche

Petitioun zum Verbuet vum Handel mat Haiflossen – Är Stëmm zielt!
Money Neiegkeeten

Petitioun zum Verbuet vum Handel mat Haiflossen – Är Stëmm zielt!

Stell Dir et einfach emol vir: Du läis gemitterlech um

money
Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung
Money Neiegkeeten

Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung

Am Kader vum 4. Zyklus vun der gemeinsamer Evaluatioun, duerch

money

De wirtschaftlechen Impakt vum Covid19

Finanzminister Pierre Gramegna erkläert der Chamber, datt wéinst der Pandemie, den Defizit vum Staatshaushalt fir 2020 bei ronn 5 Milliarden Euro bedroe wäert an de BIP ëm 6% abrécht…

De wirtschaftlechen Impakt vum Covid19

Nach sti mir virun der Wirtschaftskris, déi op déi sanitär Kris wäert follegen, a scho sinn d‘Zuelen alles wéi net erfreelech. Déi ass zudeem och nach wäit dovunner ewech eriwwer ze sinn an eng 2. Infektiounswell sollt een heibäi net ausser Siicht loossen. Trotzdeem ass wichteg, de finanziellen Impakt op d‘Wirtschaft an déi ëffentlech Finanzen, zumindest emol ze bezifferen.

Déi sanitär Kris, déi Mëtt Mäerz d‘Regierung gezwongen huet den Noutstand auszeruffen, datt mat alle Konsequenzen déi eisen Alldag betreffen, a virum allem quasi all ekonomesch Aktivitéiten zum Stëllstand gezwongen hunn, ass esou eemoleg, wéi de Covid19 selwer: 5 Milliarden Euro Defizit, dat huet et esou zu Lëtzebuerg nach ni ginn, an eist Land steet sech domadder nach gutt do.

A senger Projektioun, huet de Finanzminister allerdéngs däitlech gemaach, datt de Staat u senger Politik vun den ëffentlechen Investissementer wäert festhalen. Datt ass éischter gutt, schliisslech hänken dovunner ganz vill Aarbechtsplazen of an och deen een oder anere Betrib, ass dorobber ugewisen. Esou ass da virgesinn, datt de Budget fir 2021 op bis zu 3 Milliarden Euro ze erhéijen.

Déi ëffentlech Schold

Elo sinn dat keng abstrakt Zuelen. Fir ze verdäitleche wou hinner et féiert, huet de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) drop higewisen, datt déi ëffentlech Schold 2020 op bis zu 17 Milliarden Euro uwuesse kann. Dat entsprécht 28,7 % vum Bruttoinlandprodukt, wann alles nees eenegermoossen normal leeft. Fir 2021 géif d‘Staatsschold esouguer 29,6% vum BIP ausmaachen.

Laut de Previsioune vum Finanzministère, géif an der Konsequenz och de Wirtschaftswuesstem zolidd ausgebremst ginn. Eng Baisse vum BIP an Héicht vu 6% erschéngt realistesch. Eppes ze optimistesch erschéngt d‘Zouversiicht vum Finanzminister, datt – ënnert der Konditioun, datt weider Erliichterunge vun de Mesuren, d‘Wirtschaft ab dem 2. Semester nees kéint ukuerbelen.

Sollten sech dem Finanzministère seng Previsiounen opgoen, wier en Wuesstem vum BIP an Héicht vu 7% fir 2021 duerchaus am Beräich vum Méiglechen. Wien dann elo fäert, datt de Minister de Mond eppes ze voll hëlt, esou geet aus dem Communiqué vum Ministère ervir, datt d‘Previsioune mat Virsiicht ze genéisse sinn. Et ass dat den Ament nëmmen eng Momentopnam vun der Lag.

Lëtzebuerg kann et packen

All dës Projektiounen hänken allerdéngs och net eleng vun der wirtschaftlecher Reprise am Land selwer of, mee sinn och ofhängeg vun der Evolutioun vun de Mäert op der ganzer Welt. Beim Statec huet een dës Onsécherheet mat ageplangt, firwat do d‘Baisse vum BIP op bis -12% ugesat ginn ass. Datt de Finanzminister trotzdeem zouversiichtlech bleift, huet en zimmlech verständleche Grond.

Esou huet déi ambitiéis Austeritéitspolitik déi zur Berengegung vun den ëffentleche Finanzen och hiren Deel bäigesteiert huet, derzou gefouert, datt Lëtzebuerg elo iwwert déi budgetär Reserve verfüge géif, deem ze begéinen. Dat soll dann awer net den Androck vermëttelen, datt et géif Einfach ginn, hei sollt een sech éischter op méi schwiereg Zäiten astellen, fir virbereet ze sinn.

Zudeem ass et och wierklech nach ze fréi, dës Zuelen als „Mooss vun allem“ ze determinéieren. Datt de Finanzministère sech elo awer dëser Aufgab gestallt huet, huet nees mat Europa ze dinn. Esou muss all Land am Kontext vum EU-Semester, säi Stabilitéits- a Wuesstemsplang zu Bréissel areechen, an hei war gefrot ginn, den Akzent op d‘Moossname fir d‘Wirtschaftskris ze leeën.

Virsiicht ass ugesot

Well et faktesch net méiglech alles ze antizipéieren, een awer no vir blécke muss, huet d‘Regierung beschloss, säi Stabilitéitspak vun 8,8 Milliarden op 10,4 Milliarden unzehiewen. Dat huet nees en direkten Zesummenhang mat der Decisioun déi Direkthëllef fir Independanten, kleng a mëttelstänneg Entreprisen ze erweideren. An dobäi soll et bekanntlech jo elo och net bleiwen.

Sënn an Zweck vun dëse Moossnamen ass et méiglechst vill Aarbechtsplazen ze erhalen, respektiv ze sécheren. D‘Kafkraaft vun de Salariéeën an d‘Liquiditéite vun den Entreprise sécherzestellen, soll derzou bäidroen. Mee och hei dierf ee sech näischt virmaachen. Et wäert „Verloschter“ ginn, firwat de Statec dovunner ausgeet, datt de Chômagetaux bis Enn 2021 op 9% klamme kann.

Kléngt wéineg erfreelech, an dobäi muss ee wëssen, datt dat alles der „Kristallkugel“ entspréngt, well kee sech drop behaapte kann, d‘Zukunft virauszesoen. A wéi scho gesot, et hänkt net alles vun eis of. Den „Nationalismus“ wéi och déi grouss Problemer bei der Solidaritéit, déi an dëser Kris ersiichtlech sinn, wäerten sech hei och néierschloen. Eng Deflatioun kann net ausgeschloss ginn.

Illustratioun: De Bléck an de Portmonni wäert villen nach ganz schwéier falen © Andrea Natali / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Finanzministére, Pierre Gramegna, Sanitär Kris, Stabilitéitspak, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel