Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Lëtzebuerg mécht sech chic fir den Tour de France
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerg mécht sech chic fir den Tour de France

D’Noriicht erfreet all Sportsfrënd am Land: Den Tour de France

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm
Money Neiegkeeten

Elo gratis ze bestellen: Landkaart mat lëtzebuergeschen a franséischen Uertsnimm

Ëlwen / Troisvierges, Gehaansbierg / Mont Saint Jean, Larochette /

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Money Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

money

D’Wirtschaftskris hat 2012 säin Héichpunkt um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché

Dat Schlëmmst schénge mer hannert eis ze hunn

D’Wirtschaftskris hat 2012 säin Héichpunkt um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché

Esou gesäit op mannst d‘Konklusioun vum STATEC aus. Deen Ament hunn alleguerten d‘Indikatore fir de Sousemploi op rout geschalt. Dorënner fält net nëmmen d‘Aarbechtslosequot, mee och nach aner Faktoren, iwwert déi manner oft geschwat huet. De Statec huet sech déi am Detail ugekuckt.

Esou gëtt et do och den Taux vun der ënnerbenotzter Aarbecht oder „Labour underutilisation rate“. Dorënner falen alleguerten déi, déi gäre méi schaffe kéinten oder wéilten, wéi se dat grad maachen. Als Beispill ginn dofir alleguerten déi geholl, déi onfräiwëlleg Deelzäit schaffen. Do ass kloer, datt zënter 2008 den Taux massiv geklommen ass – wiesentlech méi staark nach, wéi d‘Aarbechtslosenzuel. 2008 louchen en bei 6%, 2015 bei 15%. Mee zum Gléck geet och dësen Taux zënter deem erëm erof.

Net all Aspekt huet selwecht staark ënnert der Wirtschaftskris gelidden

Positiv ass den héijen Taux de Rotation, deen och weider klëmmt. Op 114.130 frësch rekrutéiert Persounen am Joer 2016 goufen et nëmmen 94.300 Kontrakter, déi zu Enn gaange sinn. Den Taux beleeft sech op 27,5%, wat weist, datt d‘Vollbeschäftegung duerchaus gräifbar ass.

Bei der Aarbechtsdauer sinn d‘Zuelen e bëssche méi duerchwuess. Hei ginn nämlech d‘Aarbechtsstonne pro Persoun am Joer analyséiert. 2010 war en Héichpunkt mat iwwert 1.820 Stonnen erreecht ginn, deen 2013 op ënner 1.800 Stonnen erofgefall ass. 2016 louch en erëm op 1810. Dëst soll awer eng normal Evolutioun duerstellen: de Phänomen soll och duerch méi Fraen an der Aarbechtswelt a méi Deelzäitaarbecht ze erkläre sinn.

Am ganze geklommen ass och den Taux d‘emploi aidés. Dëst schléisst alleguerten déi Leit an, déi zwar net am Chômage sinn, dofir awer an enger Aarbechtsmesure sinn, déi vun der ADEM vermëttelt ginn ass. Dësen Taux ass tëschenzäitlech op iwwert 2% am Joer 2015 geklommen, fält awer zanterhier.

An senge Konklusioune sinn se sech beim Statec eens, datt Zeechen erëm ganz positiv sinn. De Chômagetaux ass zënter 2015 all Joers besser an och déi aner Wäerter hunn sech erholl.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsmaart, Lëtzebuerg, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel