Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

40 järege Polizist an der Belsch verhaft
speed dating kelowna 2017

40 järege Polizist an der Belsch verhaft

E Samschdeg huet de Parquet vu Léck bestätegt datt e

https://moien.lu/dating-website-numbers/
speed dating kelowna 2017

pb dating

E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn
speed dating kelowna 2017

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn

No Reporter ouni Grenzen (RSF), huet och de Comité zum

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?

Déi gréng Deputéiert a Conseillère am Beetebuerger Gemengerot, Josée Lorsché, déi zesumme mam Parteikolleg Gérard Anzia, mat der parlamentarescher Fro (3884) zum Verkaf vun Terrainen an den nationale wirtschaftlechen Aktivitéitszonen (ZAE) ausgeschafft huet, ass op Krichsfouss mam Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP).

Si wollte vum Wirtschaftsminister wëssen, wat et domatter op sech huet, datt de Staat „bestëmmten Entreprisen“ Terraine verkeeft (am ganze geet hei ëm 5 Terrainen an den ZAEën) an aneren, déi sech un déi geleefeg Praxis vum Flächerecht halen, déi Optioun net zougesteet. D‘Conseillère weist an dësem Kontext drop hin, datt beispillsweis Fage, de griichesche Jughurtsfabrikant, Proprietaire vun engem Terrain ass, mee nach keng Erlaabnes huet, seng Aktivitéit ze exerzéieren.

Den Etienne Schneider huet, an deem hie Geschéckt déi ganz „delikat“ Punkten ëmgaangen huet, eng fir béid Deputéiert onzefriddestellend Äntwert geliwwert. Dat wëllen d‘Josée Lorsché an de Gérard Anzia net hinhuelen, an hunn eng „zweet Fro“ nogereecht. Si erhoffen sech dovunner eng méi detailléiert Äntwert, a fuerdere vum Wirtschaftsminister d‘Anhale vum Delai.

Firwat den Opstand?

An déi engagéiert Kommunalpolitikerin féiert eng Rei Argumenter op, déi dem Minister kaum bis wéineg Auswäichsméiglechkeete léist. Si wéist datt de Staat an den ZAEën Entreprisen Terraine verkaf huet, während sech am gläichen Ament, den Etienne Schneider an der parlamentarescher Kommissioun beschwéiert huet, datt et net méi genuch Terraine fir Entreprise géif ginn.

Hei dierf een da beuechten, datt eng ZAE, am Prinzip den Entreprise iwwert e Flächerecht zur Verfügung gestallt gëtt, wann déi sech un de Käschte fir Infrastrukture bedeelegen, déi eng Produktioun erméiglechen. Wann et awer eng legal Grondlag gëtt fir d‘Terrainen ze verkafen, esou stellt sech hei awer d‘Fro zu de Konditiounen, déi bestëmmen op den Terrain der Entreprise zur Verfügung gestallt gëtt (Flächerecht) oder verkaf gëtt.

Béid Deputéiert wollten also vum Etienne Schneider wëssen: „Wie leet de Präis fest, an no wellechem Prinzip gëtt dësen definéiert?“ an „Gett et schonn Entreprisen déi Proprietaire vun Terrainen an enger ZAE sinn, a falls jo, wéi eng sinn et an wéi begrënnt sech de Verkaf?“ Deen huet sech a senger Äntwert kuerz gefaasst, an drop higewisen, datt dem Verkaf (an Eenzelfäll) vun de kompetente Ministeren (Wirtschaft & Finanzen) kann zougestëmmt ginn.

E Recht op Informatioun?

Mat dëser interessanter Ausenanersetzung tëscht Koalitiounspartner, wou een duerchaus dierf e Bezuch zu de Chamberwahlen am Oktober hierstellen, sinn e puer Conclusiounen duerchaus erlaabt. Ëmmerhin huet sech dës Regierung jo emol dofir staark gemaach, datt all Bierger Zougang zu Informatioun an Ënnerlage soll erhalen. Do sollt de normale Mënscheverstand engem dach ze denke ginn, datt eng ëmfaassend Äntwert op d‘Fro vu Volleksvertrieder méiglech ass, oder?

Der Beetebuerger Conseillère geet et verständlecher Weis an éischter Linn ëm de Jughurtsfabrikant, deen esouwäit bekannt ass, nach keng Autorisatioun huet seng Aktivitéit opzehuelen. Dat läit och dorunner, datt nach Analysen zum Impakt op d‘Ëmwelt feelen, déi vum Ëmweltministère an Optrag gi goufen. Fage ass deemno Proprietaire vun engem Terrain, ouni datt en fäerdegen Dossier gëtt, deen esou eng „Operatioun“ géif stëtzen.

Elo kann ee gespaant sinn wéi de Wirtschaftsminister, deen nach an offiziellem Optrag um Cap-Vert ze dinn huet, mam neie Froekatalog ëmgeet: Wéi eng Grënn derzou gefouert hunn den Entreprisen déi Terrainen ze verkafen, wat de Verkafspräis war, a wéi een op dëse komm ass? Bei Fage stellt sech eng weider pertinent Fro: Wat ass, de Fall gesat, Fage kritt aus ëmwelttechneschen oder anere Grënn keng Autorisatioun seng Aktivitéit opzehuelen?

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Fage, Gérard Anzia, Josée Lorsché, Wirtschaftsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel