Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen
International Neiegkeeten

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen

Wann et eescht gemengt ass, bis 2030 den Ausstouss vun

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
International Neiegkeeten

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing
International Neiegkeeten

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing

Eigentlech wollt de Parquet de US-President säi Frënd fir 9

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi d‘Welt net brauch. Während Nordamerika ënner enger extremer Keelt leide muss – d‘Temperature leien deels ënner -40° – versicht sech den Donald Trump un der Ironie.

„Am Oste kéint et zum keelste Silvester kommen dee jeemools enregistréiert ginn ass. Vläicht kéint ee bësschen eppes vun dëser Äerderwiermung benotzen, fir dat eist Land, mee nëmmen eist Land, wollt Trilliarden ausginn, fir sech dergéint ze schützen. Dot iech waarm un!“, esou de Milliardär wéi gewinnt an engem Communiqué op Twitter.

Gutt den Donald Trump mat sengen 71 Joer, huet sech ëmmer skeptesch géintiwwer dem Klimawandel gewisen. Hie war – an ass et vläicht nach – iwwerzeegt, datt de Klimawandel eng Erfindung vun de Chinesen ass. Et hëllefen dann och keng Fakten…

Mee dem US-President säin Tweet huet an de sozialen Netzwierker fir uerdentlech Opreegung gesuergt. Vum klassesche „Surfer“ bis hin zum Wëssenschaftler, kaum een deen net versicht hätt dem Milliardär de Klimawandel ze erklären.

„De Klimawandel ass ganz reell, och wann et baussent dem Trump-Tower äiseg kal ass“, esou den Direkter vun der Wëssenschaftsakademie vu Kalifornien. „Op déi selwecht Aart a Weis gëtt et ëmmer Honger an der Welt, och wann‘s der grad e Big-Mac g‘iess hutt“.

Klimawandel

Nach ass d‘Meteo fir de Schnéi zoustänneg, mee d‘Wëssenschaftler sinn sech eigentlech eens: de Klimawandel ass reell. Dee léisst sech och duerch eng Well vu Keelt net méi verhënneren. © Thomas Warnack/dpa/AFP

„2017 huet et an den USA fir all Rekord u Keelt, dräi Rekorder mat der Hëtzt ginn“, iergert sech déi demokratesch Deputéiert Pramila Jayapal. „Meteo ass net dat selwecht wéi Klima. De President sollt dat verstoen, et jo net komplizéiert.

Laut der meteorologescher Weltorganisatioun WMO kéint 2017 zum wäermste Joer ginn, datt jeemools enregistréiert ginn ass. Mee den US-President hat als éischt Amtshandlung d‘USA aus dem Paräisser Accord gezunn. D‘Anhale vun de Klimaziler hätt sech schlecht op d‘Aarbechtsplazen ausgewierkt.

D‘Trump-Administratioun huet zudeem de Klimawandel vun der Lëscht vun de Bedreeunge vir d‘USA geholl an d‘Extraktioun vun der Kuel nees gefërdert. Et geet een esou wäit, datt Naturschutzgebidder deklasséiert ginn, fir un de Gas an den Uelegsand ze gelaangen.

mat AFP

Foto: E Selfie virum zougefruere Buer am Bryant Park zu New York. Geféierlech déif Temperaturen an extrem kal Loft maachen d‘Aktivitéiten dobausse schwéier. Ab der éischter Woch vum neie Joer sollen d‘Temperaturen sech nees normaliséieren. © Spencer Platt/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel