Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

New York: Eng Gay Pride géint den Trump
International Neiegkeeten

dating someone new after a breakup

Um Sonndeg hunn dausende Mënschen an engem Mier u Reebou-Fändelen

https://moien.lu/matchmaking-coaching/
International Neiegkeeten

déi lénk si prett fir den Oktober

De 14. Oktober si Wahlen, an no an no stellt

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul
International Neiegkeeten

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Um Mëttwoch war de Virwëtz an der Lallenger Primärschoul grouss.

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter

Si ass de Russen hir wichtegst Hafestad um Pazifik an d‘Administratioun vum „Federatiounskrees Wäiten Osten“: Wladiwostok. Hei huet de Sommet tëscht dem Vladimir Putin, President vun der russescher Federatioun, an dem Kim Jong-Un, Staatschef vun Nordkorea, ugefaangen. Bei dësem Sommet geet et ëm den ëmstriddenen Atomprogramm vun Nordkorea, mee och ëm d‘Wirtschaft.

Wéi et aus dem Kreml heescht, wier de nordkoreanesche Staatschef scho gëschter mat sengem gepanzerten Zuch an der Hafestad ukomm. Et sinn déi éischt bilateral Gespréicher, déi Moskau mat Pyongyang organiséiert, a géintiwwer de Journalisten huet de Kim Jong-Un zum Ausdrock bruecht, datt hien sech erwaart, datt dëse Sommet „erfollegräich a nëtzlech“ fir béid Natiounen ausgeet.

Hien hätt sech virgeholl, mam russesche President iwwert méiglech „Léisungen zur Lag op der koreanescher Hallefinsel“ ze diskutéieren. An dësem Kontext ass dann och e „Véier-Ae“ Gespréich geplangt, iert déi respektiv Delegatiounen an d‘Verhandlungen antrieden. Et gëtt Wäert drop geluecht ze betounen, datt et drëms geet eng friddlech, fir jiddereen akzeptabel Léisung ze fannen.

Et geet och ëm Geld…

Eng „Léisung“ wier fir Nordkorea d‘Ophiewe vun den internationale Sanktiounen, déi sech de Regime selwer agefaangen huet, wéi se „Bedreeung“ als probat Mëttel am Sträit mat Washington betruecht hunn. Eréischt wann dës Sanktioune gelackert ginn, kann et nees zu Handelsbezéiunge kommen. Den Ament läit den Handelsvolummen tëscht béide Länner bei 34 Milliounen Euro/Joer.

Dat ass erwisenermoossen „wéineg“, woubäi d‘Nordkoreaner iwwert begiert Ressource verfügen. Hei geet et an éischter Linn ëm déi sougenannten „Seelen Äerd“, eng Ressource déi imminent wichteg fir d‘Elektroindustrie ass. Et ass e Grondstoff dat bei der Hierstellung vu Autosbatterie gebraucht gëtt. Am Tosch, kéint Nordkorea vu Russland mat „Energie“ beliwwert ginn.

Wat de Sommet selwer betrëfft, esou huet dësen éischter „Symbolcharakter“ wéi datt ee sech kéint erwaarden, et kéint zu konkreten Decisioune kommen. Nee hei gëtt sech emol „ofgetaascht“ an da gekuckt wéi et weider geet. Zudeem huet de Vladimir Putin net masseg Zäit. Hie muss nach haut a Richtung Peking zum Sommet vun der „Seidestrooss“, dee schonn eppes méi laang geplangt war.

mat indymedia/sel/mow

Foto: De Kim Jong-Un, President vun Nordkorea, bei senger Arrivée zu Wladiwostok. © Bulat Khaydarov/Presseattaché

Ähnlech Sujeten Kim Jong-Un, Nordkorea, Russland, Vladimir Putin, Wladiwostok
Nächsten Artikel Virrechten Artikel