Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren
Kultur Neiegkeeten

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren

Mam Summer start och d’Vakanzenzäit. Dobäi vergësst een an der

Chamber: D’Viséier ersetzt keng Schutzmask
Kultur Neiegkeeten

Chamber: D’Viséier ersetzt keng Schutzmask

Um 1. September 2020 hunn d’Deputéiert aus der Chamber iwwert

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag

Huet ären Auto een Numm? Bei de kuriose Feierdeeg ass

D’Woch vum Lëtzebuerger Patrimoine vun de Rousen am Topaze

D’Woch vum Lëtzebuerger Patrimoine vun de Rousen am Topaze

Vum 9. bis den 12. September 2020 invitéiert d’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg op d’Woch vum Lëtzebuerger Patrimoine vun de Rousen. Am Topaze Shopping Center zu Miersch gëtt een exzeptionelle Choix un alen a moderne Lëtzebuerger Rousenzorte gebueden.

D’Lëtzebuerger Rous als natierleche Patrimoine soll säi Wee zeréck an eis Gäert an Häerzer fannen. Iwwer 60 al a modern Rousenzorten – vu Stäck bis Kloterrousen – wéi och allerlee Objeten ronderëm d’Rous stinn zum Verkaf. Donieft ginn all Dag um 17:00 Auer theoretesch Schnëttcoursen ugebueden. Den Erléis gëlt dem gudden Zweck.

Rousen

© MST Topaze

Folgend prächteg al Rousestäck a limitéierte Stéckzuelen, fir geschützte Beräich kënnt Dir kafen (Zort a Joer vu Vermaartung):

Bagatelle 1909, Bordeaux 1907, Clothilde Soupert 1889, Directeur Constant Bernard 1887, Duc de Constantine 1857, Eugène Fürst 1875, Evrard Ketten 1920, Général Th. Peschkoff 1909, Graf Fritz Metternich 1895, Grande-Duchesse Charlotte 1939, Gribaldo Nicola 1891, Hugo Maweroff 1910, Jacques Vincent 1908, Jeannie Soupert 1912, La Noblesse 1856, La Prospérine 1897, La Sirène 1868, Laure Soupert 1927, Madame Constant Soupert 1905, Madame Edouard Herriot climbing 1921, Madame Gabriel Hanra 1929, Madame Hersilie Ortigies 1868, Madame Jules Gravereaux 1900, Madame Segond-Weber 1907, Maman Lyly 1911, Manuel P. Azevedo 1910, Marthe Cahuzac 1902, Mrs E.G. Hill 1905, Oscar II Roi de Suède 1890, Papa Klein 1934, Petite Léonie 1892, Prince Englebert Charles d’Arenberg 1909, Prince Félix du Luxembourg 1930, Prince Jean de Luxembourg 1926, Princesse Etienne de Croÿ 1898, Princesse Joséphine de Flandres 1888, Princesse Marie-Adélaïde de Luxembourg 1893, Reine Marguerite d’Italie 1905, Robusta Bourbon 1878, Sisi Ketten 1900, Soupert et Notting 1874, Souvenir de Gustave Schickelé 1927, Souvenir de Jean Soupert 1929, Stella 1904, Tour de Malakoff  1856, Violet Wilton 1930, William Notting 1903, Yvon Misson 1912.

Dobäi komme folgend modern Rousenzorten, déi Lëtzebuerg gewidmet sinn (Zort a Joer vun der Vermaartung):

Absolument Claude 2015, A l’Amitié – Auf die Freundschaft 2015,Alexandra, Princesse de Luxembourg 2009, Anise Koltz Poète 2018, Anne Beffort 2019, Empereur Charles IV 2016, Gaard um Tietzebierg 2005, Grand-Duc Henri 2001, Grand-Duc Jean 2010, Maria Teresa 1984, Princesse Stéphanie, Grande-Duchesse Héritière de Luxembourg 2016, Salut à Luxembourg 2017, Schengen Rose 2010.

Den Topaz Shopping Center zu Miersch huet an der Woch vun 8:00 bis 20:00 Auer op, Samschdes bis 19:00 Auer a Sonndes bis 13:00 Auer. D’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg freet sech Iech empfänken a beroden ze dierfen.

Opmaacherbild © MST Topaze

Ähnlech Sujeten Kloterrous, Lëtzebuerger Rousen, Miersch, Patrimoine, Patrimoine Roses pour le Luxembourg, Rousestack, Schnëttcours, Topaze Shopping Center, Vente, Verkaf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel