Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Sproochegesetz muss geännert ginn!
Neiegkeeten

D‘Sproochegesetz muss geännert ginn!

D‘ADR fuerdert eng Ännerung vum Sproochegesetz vum 24. Februar 1984.

What the Fakt – Ee moudesche Grondstee mam Hugo Boss!
Neiegkeeten

What the Fakt – Ee moudesche Grondstee mam Hugo Boss!

Wat als kleng Kleederfabrik zur Zäit tëscht der Weimarer Republik

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
Neiegkeeten

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou

Fir méi Lactostoleranz

1.890 Schüler sollen am Kontext vun der „Woch vun der Mëllech“ de Bauerenhaff kenne léieren

Fir méi Lactostoleranz

Während der „Woch vun der Mëllech“, déi en Donneschdeg ugelaf ass a bis den 18. Dezember am ganze Land zelebréiert gëtt, maachen 62 mëllechproduzéierend Betriber den 1.890 Schüler aus dem „Fundamental-Unterrecht“ hir Dieren op. Esou sollen d‘Krapperten an d‘Knetzele mat eegenen Ae gesi wou d‘Mëllech hir kënnt, wéi se gemaach gëtt a wat de Bauer alles ze dinn huet.

Et ass schonn déi 5. Editioun an de Landwirtschaftsminister Romain Schneider war dann och um Freideg mat de Schüler vu Kielen um Tour. Si hunn zesummen den Haff BiverHaan Marthe & Fils am Duerf besicht. Et geet natierlech hei ëm Bio-Mëllech, firwat de Minister den interesséierte Butzen erkläert huet, datt 30% vun der Mëllech déi am Schouljoer 2019/20 un d‘Schoulen ausgeliwwert gëtt „Bio“ ass. Et wier kee Feeler gewiescht hinnen och den Ënnerscheed ze erklären.

Mee et geet hei net ëm „Educatioun“ am eigentleche Sënn. Esou ass déi vum „landwirtschaftleche Wirtschaftsdéngscht“ (SER) organiséiert „Woch vun der Mëllech“ eng grouss Marketingoperatioun, wat natierlech vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, der Lëtzebuerger Bauerejugend an dem Verband fir d‘Promotioun vun de pedagogesche Bauerenhäff (APFAPL) ënnerstëtzt gëtt.

Kofinanzéiert Marketingstrategien

Dës „Woch vun der Mëllech“ ass eng vun den edukative Moossnamen déi sech an den europäesche Programm: Friichten, Geméis a Mëllech an de Schoulen, aschreift. Dëse Programm ass zanter der Rentrée 2018/19 a Kraaft. Tatsächlech ass et esou, datt de Programm vun der Distributioun vu Mëllech, Uebst a Geméis zesummegeluecht gi sinn, et elo en gréisseren Akzent op d‘Gesondheet an d‘Educatioun leeën. De Programm ënnerstëtzt d‘Distributioun an Erzéiungsmoossnamen.

Interessant de Fait, datt am leschte Schouljoer un 103.000 Schüler zu Lëtzebuerg: 140.000 Liter Mëllech an 414.000 Kilo Uebst a Geméis verdeelt goufen. Dat huet säi Präis, de Schoulmëllech- a Schouluebstprogramm huet net grad 1 Millioun Euro kascht. 55% vun den Ausgabe ginn awer iwwert d‘EU kofinanzéiert. Zesumme mam „GIMB“ eng flott Saach wann d‘Kanner et unhuelen.

Erënnere mir dann och drun, datt d‘Distributioun vu Mëllech an de Primärschoulen zu Lëtzebuerg fir déi Schoule gratis ass, déi sech um Programm bedeelegen. D‘Schüler vum Secondaire kënnen zu reduzéierte Präisser Mëllechprodukter kafen. Beim Uebst a Geméis, bleift d‘Distributioun a béide Schoulsecteuren (Primärschoul a Secondaire) gratis. A Marketing hin oder hir, begréissenswäert ass et, datt d‘Kanner dann och mat eegenen Ae gesi wou d‘Mëllech hiren Ursprong huet.

Foto: (v.l.n.r.) Jeff Schroeder, President vum Service Jeunesse vun der Lëtzebuerger Bauerejugend; Srah Haas, Presidentin vun der APFAPL; Romain Schneider, Landwirtschaftsminister; Joe Biver, Haff Biver-Haan; Marc Roeder, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren. © MA

Ähnlech Sujeten APFAPL, Bauerejugend, EU-Subventiounen, Landwirtschaftsministère, Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Mëllech
Nächsten Artikel Virrechten Artikel